D’stater Neiduerf ass eng laang Träip tëscht Fielse gebaut. Eigentlech ee fiicht Lach, dat allerdéngs am Laf vun de leschten 20 Joer säin Outlook enorm g’ännert huet: al Haiser goufen drop an derwidder ofgerappt fir nei Këschten an d’Plaz ze setzen. Net ëmmer schéin, ma d’Verkafspräisser sinn duerch de Plaffong gaangen. D’Neiduerf ass no beim Zentrum vun der Stad, no beim Kierchbierg, no bei den Autobunnen. Esou eng Visittekäertchen kascht deiert Geld an all Quadratzentimeter vum Terrain muss ausgenotzt ginn. D’Haiser ginn ëmmer méi no un d’Fielsen erugebaut. Ze no? Besteet eng Gefor? Verschidde Neiduerfer Leit maachen sech Suergen.
D’Situatioun fält engem am Beschten op, wann ee sech mam Bus duerch d’Strooss kutschéiere léisst: verschidden Haiser goufen esou no un de Fiels opgeriicht, datt d’Awunner vun der Schlofkummer aus de kale Steen kësse kënnen. Ech stelle mir dat e bësselche grujeleg vir; et däerf ee wuel net u Klaustrophobie leiden! Sollt do de Fiels och nëmmen ëm en hallwen Zentimeter wibbelen, kéint dat nefast Auswierkungen hunn op d’Gebailechkeeten. Mä d’Architekten rëselen de Kapp.
D’Fielsen sti fest op, si kéinten net bougéieren, behaapte si. A wann awer dach, da géing d’Natur opgehale ginn vun Eise-Péil déi an de Steen agebuert goufen a vun enger Bëtonsmauer. Wéi gesot, eng Rei Neiduerfer trauen där Saach net a gi sech reegelméisseg op d’Stater Märei weisen. An dës Situatioun ass en Argument méi am Kampf géint déi geplangte Vëlosbréck, op där -sollt si gebaut ginn- esou vill Verkéier wäert sinn ewéi um Nordpol an der Mëttesstonn.
Derbäi kënnt, datt op deene Fielse lénks a riets net nëmmen eng Kierch gebaut gouf, ma ganz Citéen: déi eng Säit den Cents, déi aner Säit de Weimeschhaff. Dat kéint Auswierkungen hunn an den Dall, also an d’Neiduerf. Ganz rezent elo ass engem Awunner eng Partie Gestengs vun uewen erof an de Gaart geflu komm- glécklecherweis stoung grad keen do mat de Poretten ze schwätzen, sou datt kengem Mënsch ee Leed geschitt ass. Et war nawell derwäert: e puer déck Steng, eng Abberzuel méi Klenger. Verschidden Awunner an och den Interesse-Veräin maache fir dës Situatioun e Schantjen uewenaus an der rue des bleuets um Weimeschhaff responsabel.
Do nämlech gëtt gebaggert an dann eng Residenz gebaut, déi mat hirem Gewiicht op de Fiels dréckt. Dee kéint riskéieren, ze bréckelen, kleng Stécker Steen géifen sech lassléisen an also kéim fréi oder spéit de ganze Fiels un d’Rutschen.. Datt dann iergendwann sollt de Schantjen fir d’Vëlosbréck lass goen – esou gutt um Cents ewéi um Weimeschhaff-, géing d’Situatioun nach méi schlëmm maachen.
Eng Bréck déi an hirem éischte Projet – senger Zäit nach ënner dem Paul Helminger- sollt 12 Milliounen Euro kaschten. Duerno 14 a wéi de Projet nach eemol iwwerholl gouf, huet dee scho gutt a gären 21 Millioune kascht. Elo awer wou d’Ausschreiwungen all fäerdeg sinn, chiffréiert sech déi Bréck op 41 Milliounen. E Schnäppchen! A well ëffentlech Opträg ze soen alleguerten ni méi bëlleg ma méi deier, esou guer vill méi deier ausfalen ewéi am Devis virgesinn, kann ee vu 50 bis 55 Milliounen ausgoen. Zwou Milliarden där aler Frang!
De Requiem fir d’Bréck ass et net, d’Haaptstad huet d’Keesen spruddelvoll, ma fir hier Géigner ass et e Puzzlestéck méi am Kampf géint dee Luxus-Schantjen. Ofgesinn dovunner an allgemeng: de Schäfferot sollt déi kleng “Lawin” vu Gestengs eescht huelen a sech d’Situatioun op d’Plaz selwer ukucke goen. Et geet em d’Sécherheet vum Bierger!
Hei nach Fotoen:
Merci, Här Kaiser, fir den Artikel! Fir meng eegene Firwetzegkeet, w.e.g.: Wat ass de Source fir déi nei Chiffre vun 41 Millioner? Merci!
Dee Chiffer zirkuléiert an der Märei…..