Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Film-Fong: Lobbyismus am Virfeld vun enger Chamberkommissioun? 

Film-Fong: Lobbyismus am Virfeld vun enger Chamberkommissioun?
wikipedia

 

Dëse Méindeg kënnt déi zoustänneg Chamberkommissioun zesummen fir iwwer  Irregularitéiten oder esouguer Gesetzesverstéiss am Film-Fong ze diskutéieren. Invité ass ënnert anerem deem säin Direkter Guy Daleiden. Et dierft héich hiergoen. Ëmmerhin hat sech d’Kritik vum lëtzebuerger Rechnungshaff gewäsch, zwar brav formuléiert, ma vum Inhalt hir dach méi wéi konsistent https://bit.ly/3WCC7Af  .

Dorobber hin huet den CSV-Deputéierten Felix Eischen – deen scho viru Joer d’Situatioun am Film Fund kritiséiert hat- d’Suspensioun vum Direkter gefrot. Dee kritt also e Méindeg d’Geleeënheet, d’Saach aus senger Perspektive ze beliichten. Ma u sech misst d’Reunioun mat enger politescher Beicht ufänken!

Laut Reglement mussen nämlech all déi Volleksvertrieder, déi an dëser Saach vun interesséierte Kreesser kontaktéiert gi waren, dat der Kommissiounspresidentin bekannt maachen. An dat wäre mol d’Genossen. Wéi ech et schonn virun 8 Deeg geschriwwen hat koum bei hinnen eng mail eran mam Message: et sollt een sech gesinn, entweder virun der Sëtzung oder duerno. Am Sënn vun der Transparenz publizéieren ech hei dee Mail:

gk online

 

wikipedia

Am Laf vun der Woch – nodeems ech bekannt ginn hat, datt d’Genossen kontaktéiert gi waren-, koum och Courrier beim Claude Wiseler vun der CSV un. Ech hu bei him nogefrot a krut confirméiert, datt den Nicolas Steil – ee vu den Haaptfilmproduzenten – sech bei him gemellt hätt: an zwar wär d’Manéier wéi den Direkter Guy Daleiden géif an e schlecht Liicht gestalt ginn, net fair. Also och CSV-Vertrieder mussen dat e Méindeg bekannt ginn.

U sech ass näischt dogéint ze soen, datt Member vum Film-Fong oder Cineasten wëlle mat Politiker an d’Gespréich kommen. Den Zäitpunkt ass allerdéngs wierklech onglécklech. Et wier besser gewiescht, d’Reunioun ofzewaarden an duerno déi politesch Gespréicher ze sichen. Esou wéi et elo gelaf ass, huet een staark d’Impressioun wéi wann hei probéiert gi wier, Afloss op d’Politik ze huelen. Also Lobbyismus! Lobbyismus, Lobbying oder Lobbyarbeit ist eine aus dem Englischen übernommene Bezeichnung für Interessenvertretung in Politik und Gesellschaft, bei der Interessengruppen – vor allem durch die Pflege persönlicher Verbindungen – versuchen, die Exekutive oder Legislative zu beeinflussenWikipedi 

wikipedia

Ech fannen et och éischter iwwerraschend, datt (bis ewell) just d’Sozialisten an ausgerechent d’CSV kontaktéiert goufen. Mä villäicht halen déi Blo an déi Gréng sech méi geschéckt bedeckt. Bei deene Rouden schéngt een sech allemol gutt auszekennen: den Toun an der Mail ass labber an et duuzt een sech. Ma och do villäicht just den typesch lëtzebuerger Charakter. De Claude Wiseler fir säin Deel huet mir géintiwwer ënnerstrach, datt hien dës Leit op kee Fall virun der Sëtzung wollt a wéilt gesinn. De Rescht gi mir wuel e Méindeg gewuer.

An d’Rumeur, et géing nach en zweeten Audit bestoen, dréit weider hiren Tour vun engem Groussgaasseck zum aneren. Déi viséiert Persoun déi dee Rapport gemaach hätt, dementéiert zwar ganz iwwerzeegend, ma et heescht ëmmer nees: wait and see! Déi Leit déi fir deen Audit interviewt goufen, géifen sech schonn nach zu Wuert mellen. Et wier nëmmen eng Saach vu der Zäit.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *