Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Paul Heinen: Kritesch Lektür vun der Bestandsopnam “Klima an Energie 2021” 

Paul Heinen: Kritesch Lektür vun der Bestandsopnam “Klima an Energie 2021”
Photo de Myriams Fotos provenant de Pexels

 

De 5. Oktober 2021 hunn d’Ministesch fir Ëmwelt a Klima an de Minister fir Energie de Bilan vun hirer Politik gezunn.

 

Allgemeng gëtt vill Optimismus ausgestraalt :  mir maachen eis Hausaufgaben, a mat der ageschloener Strategie si mer um gudde Wee.

 

An dem État des lieux vun der Klima- an Energiepolitik falen dräi Punkten op, déi bemierkenswäert sinn.

 

 

Éischte Punkt :  Zäregasemissiounen a Wuesstem

 

Et gëtt festgestallt, datt d’Klimazil fir d’Joer 2020 méi ewéi erreecht gouf. Et gëtt zwar kuerz erwäänt, datt d’sanitär Situatioun hei matgespillt huet, mä dës Nuance fënnt kee Nidderschlag an de gewisene Grafiken, an am Raum bleift d’Zuel vun enger Reduktioun vu -22% par rapport zum Joer 2005 stoen.

 

Esou weist folgend Grafik aus dem État des lieux eng suggestiv Kurv vun den Zäregasemissiounen mat engem Héichpunkt virum Joer 2019, an enger uschléissender globaler abrupter Tendenz no ënnen fir d‘Zukunft.

 

 

Wann een awer am Domaine vun der Realitéit bliwwe wier, an et hätt ee sech z.B. op d’Period konzentréiert nom Paräisser Klimasommet bis bei dat lescht representatiivt Joer virun dem Lockdown, d.h. d’Joer 2019, dann hätt een eng ganz aner Lektür vun der Situatioun gehat, nämlech déi, dat d’Tendenz vun den Zäregasemissiounen kloer no uewe weist.

 

D’Zuel vu -22% suggeréiert :  mir hu scho bal e Véierel vum Wee elo gepackt, et geet virun.

Wann een awer dat lescht representatiivt Joer hëlt, also 2019, da fält déi Reduktioun no den Zuele vun den zwee Ministeren säit 2005 awer wesentlech méi bescheiden aus, nämlech läit se dann bei -8,9%. An iwwer déi lescht 4 Joer läit d’Entwécklung bei plus 8,2%.

 

Dat ass elo een Detail, awer et ass net onwichteg fir d‘Perceptioun vun der ganzer Envergure vun der Aufgab déi elo virun eis steet. Effektiv muss ee sech bewosst sinn, dat no den offiziellen Zuelen déi ee bei Eurostat fënnt, déi duerchschnëttlech järlech Lëtzebuerger Zäregasreduktiounen ab dem Kyotoreferenzjoer 1990 bis elo just am Promillberäich louchen, a vun haut un missten d’Emissiounen all Joer am Schnëtt ëm ronn 5 bis 6 Prozent zeréckgoen fir d’Klimazil anzehalen. En Effort also, dee vun elo un zéngmol méi héich ass ewéi virdrun.

 

Et geet och duerno an der offizieller Presentatioun vun den zwee Ministeren an deem selwechte suggestive Sënn  esou weider.

An den zwou Grafiken hei drënner z.B. gëtt suggeréiert, datt Lëtzebuerg et fäerdeg bréngt fir de Wuesstem (PIB a Populatioun) vun den Zäregasemissiounen ze entkoppelen.

 

 

D’Grafik weist effektiv dass d’Kuelestoffintensitéit vun der Wirtschaft zeréckgeet. Dat heescht awer nach laang net, dass d’Entwécklung vun der Zäregasemissiounen elo och vun dem PIB entkoppelt ass. Dat selwecht gëllt fir d’Populatiounsentwécklung. Den Zesummenhang tëschent Wuesstem an Zäregasemissiounen erkennt een, wann een all d‘Parameteren mat an d’Equatioun eranhëlt, wéi een op der Basis vun engem konkrete Modell am weidere Verlaf hei nach gesäit.

 

 

Hei si mer dann elo beim Narrativ vum „grénge Wuesstem“ an enger éischter fundamentaler Fro ukomm.

De politesche Message ass kloer :  mir brauche kaum eppes un eisem Liewensstil ze änneren, mir kréien dat iwwer smart wirtschaftlech Konzepter schonn hin.

 

Wéi gesäit elo d’Realitéit aus an engem globale Kontext ?

D’Europäesch Ëmweltagentur EEA huet am Januar dëst Joer eng Analyse virgeluecht „Growth without economic growth“, wou dem Green Deal Konzept vum grénge Wuesstem kloer widdersprach gëtt :

Globally, growth has not been decoupled from resource consumption and environmental pressures and is not likely to become so (Parrique et al., 2019; Hickel and Kallis, 2020; Wiedmann et al., 2020). The global material footprint, gross domestic product (GDP) and greenhouse gases emissions have increased rapidly over time, and strongly correlate (Figure 1).“

 

D’Figure 1 hei drënner aus dëser Analys weist déi global Zesummenhäng, déi beim „grénge Wuesstem“ bewosst ignoréiert ginn :  et gëtt eng kloer Korrelatioun tëschent der Entwécklung vun Energie a Ressourcëverbrauch, vum PIB a vun den Zäregasemissiounen.

 

 

Dës Zesummenhäng loosse sech relativ grëffeg veranschaulechen an engem Modell deen och vum IPCC genotzt gëtt :  de Modell vum japaneschen Ekonomist Yoichi Kaya.

 

An dësem Modell ginn elo − ewéi virdrun ugekënnegt − all d’Parameteren mat an d’Equatioun integréiert. De Kaya stellt d’Evolutioun vun den Zäregasemissiounen duer als e Produkt vu véier demografeschen, ekonomeschen an energetesche Facteuren : d’Populatioun, de PIB pro Awunner, den Energieverbrauch am Verhältnes zum PIB, an d’CO2 Intensitéit vum Energieverbrauch.

Déi zwee lescht genannten Indicateuren stellen zesummen d‘Kuelestoffintensitéit vun der Wirtschaft duer, déi een och an der Grafik vun den zwee Ministere gesäit, an déi no den Zuele vun EUROSTAT säit dem Joer 2005 eng relativ linear järlech Reduzéierung vun duerchschnëttlech ronn 4% fir Lëtzebuerg weist. Esouwuel de Modell ewéi och d’Realitéit confirméieren awer, datt dës Reduzéierung am Gesamtresultat nees zu engem groussen Deel duerch eise Wuesstem kompenséiert gouf, dofir leien eis järlech Reduktiounen jo just am Promillberäich. Et gëtt also guer keng Entkoppelung vu Wuesstem an Zäregasemissiounen.

 

Déi Fro déi elo fir d’Klima- an Energiepolitik vu grousser Wichtegkeet ass :  Wéi wierke sech déi véier Parameteren vum beschriwwene Modell an der Zukunft aus ?

Mat engem weidere lineare Verlaf vun der Kuelestoffintensitéit vun der Wirtschaft déi nächst Joren (-4%/a) wou sech leider keng technesch Quantespréng ze erwaarde sinn, a mat engem mëttlere Bevëlkerungswuesstem vu ronn 2% ewéi bis elo, kann d’Reduktiounszil fir 2030 no der Equatioun vum Kaya nëmmen erreecht ginn mat enger wirtschaftlecher Décroissance bei där eise PIB per capita vun elo un all Joer ëm ongeféier 3 bis 4 Prozent misst schrumpfen. Dat ass déi brutal mathematesch Wourecht vun engem Modell, dee bis elo d’Wierklechkeet zimmlech genau erëmspigelt.

Wann een awer op den aktuelle Wirtschafts- a Sozialsystem net verzichte wëllt, an de Parameter vum PIB weider esou klammen soll ewéi bis elo (esouguer +6% fir 2021), da bleift als Optioun reng rechneresch nach just d‘Hallwéieren vun dem leschte Parameter an deem Modell, nämlech der CO2 Intensitéit vun der verbrauchter Energie, fir dass d’Equatioun bis 2030 nach opgeet.

 

Dëst Zil wëll d’Lëtzebuerger Energiepolitik elo exklusiv iwwer regenerativ Energien erreechen.

 

An domat wiere ma da bei dem zweete Punkt ukomm :

 

 

Zweete Punkt :  Energietransitioun

 

In fine bleift déi alles entscheedend Fro :  Wéi kann déi verbrauchten Energie an hirer Globalitéit bis zum Horizont 2050 dekarboniséiert ginn ?

D’Energie ass effektiv d’Basis vun allem. Wann d’Dekarboniséierung net physikalesch, technesch a wirtschaftlech geléngt, dann hëlleft och keen Observatoire, keng Gremien mat allméiglechen Acteuren, kee politesche Wëllen, an och keng Gesetzer, Direktiven a Verbueter.

D’Haaptpilieren vun der Lëtzebuerger Energietransitioun solle Wand- a Solarenergie sinn, fir eng komplett Dekarboniséierung vum Energieverbrauch ze erreechen. Wann dat an enger industrialiséierter Gesellschaft géing funktionéieren, da wier et scho laang gewosst. Wand- a Solarenergie liwweren no ronn 20 Joer Ausbau 2% vum weltwäiten Primärenergieverbrauch, dee nach ëmmer zu ronn 80% op fossillen Energiequelle baséiert (EU :  Wand- a Solarenergie leien ënner 4% an dräi Véierel si fossil). Hei gëtt et physikalesch an ekonomesch Contrainten.

D’Realitéit vum europäesche Stroumsecteur gesäit dofir esou aus :

 

An Däitschland z.B. läit déi installéiert Leeschtung vu Wand- a Solarenergie mëttlerweil ronn 2-mol iwwer der mëttlerer Verbrauchslaascht. Et kann een awer net einfach ignoréieren, datt dësen Energiemodell, dee Lëtzebuerg elo kopéiere wëll, wéinst der Volatilitéit vu Wand- a Solarenergie op eng Backupenergie ugewisen ass ; en Energiemodell, dee no dem deelweisen Ausstig aus der Nuklearenergie wéi een an der Grafik gesäit mat ronn 400 gCO2/KWh zimmlech CO2-intensiv ass.

 

Länner déi bei 50 gCO2/KWh an drënner leien (Norwegen, Schweden a Frankräich), baséieren hire Stroumsystem haaptsächlech op d‘Waasserkraaft (déi awer nëmme begrenzt verfügbar ass) an op d‘versuergungssécher Nuklearenergie.

Am direkte Vergläich tëschent Däitschland a Frankräich gesäit ee wéi een Energiemodell an der Praxis tatsächlech eng Wierkung bei der Dekarboniséierung vun der Primärenergie weist :

 

 

Wand- a Solarenergie bestreiden aktuell zu Lëtzebuerg ronn 1% vun der globaler Energie, weltwäit ewéi gesot ronn 2%, an opgerënnt 4% an der EU.

 

De quantitative Problem gëtt engem séier bewosst wann et konkret gëtt.

Setze mer dofir e puer konkret Zuelen op de Narrativ.

Ee vun den aktuelle „projets phares“ zu Lëtzebuerg ass d’Fotovoltaik-Kraaftwierk iwwer dem Parking vun enger Firma zu Colmer-Bierg déi domat hiren CO2 Footprint reduzéiere wëll.

No dem offizielle Narrativ, dee medial och groussflächeg diffuséiert gouf, gëtt hei „Stroum fir 170 Stéit“ produzéiert mat enger Fläch vu PV-Panneauen vu 4.000 Quadratmeter.

Hei gëtt also tatsächlech Stroum produzéiert fir manner ewéi 0,7 Promill vun de Lëtzebuerger Stéit, deenen hire gesamte Stroumverbrauch no den Zuele vun ILR a Statec ronn 1,8% vum Endenergieverbrauch duerstellt, respektiv ronn 3% ouni den Tanktourismus (dat heescht dann awer och ouni de Verbrauch vun de Frontalieren déi partie intégrante vun eiser Ekonomie sinn). Insgesamt also liwwert dëst Fotovoltaikkraaftwierk dann en Undeel vum Energieverbrauch ouni Tanktourismus vu ronn engem Fofzegdausendstel.

 

Huele mer dann elo un dat an engem dekarboniséierten Energiesystem mat Secteurkopplung ongeféier d’Hallschent vun der Energie (ouni Tanktourismus) vun der Fotovoltaik geliwwert gëtt. Fir datt dës Energie och bedarfsgerecht geliwwert gëtt, misst hir Volatilitéit ausgeglach ginn iwwer Prozesser bei deenen ongeféier d’Hallschent vun der Originalenergie verluer geet.

Den uviséierten Undeel vu 50% entsprécht dann also der Stroumproduktioun vu ronn 50.000 där PV-Kraaftwierker ewéi zu Colmer-Bierg, mat enger gesamter Panneaufläch vu ronn 200 Quadratkilometer. Mat den Erschléissungsfläche ronderëm gëtt dann doraus ronn 300 bis 400 Quadratkilometer, also vergläichsweis eng Fläch vu ronn 50.000 Fussballterrainen. Ass dat vum Flächeverbrauch, vum Ressourcëverbrauch, vum Impakt op d’Ëmwelt, a vun de Käschten hier plausibel oder sënnvoll?

Nom IPCC leien d’CO2 Emissiounen vun der Fotovoltaik bei ronn 50 gCO2/KWh. Dat wier also ongeféier déi selwecht CO2 Intensitéit ewéi am globale franséische Stroummix. Wier et fir de Klimaschutz net méi einfach fir franséische Stroum ze importéieren ? Duerch déi noutwendeg Späicherprozesser fir de Fotovoltaikstroum bedarfsgerecht ze maachen, leien déi global CO2 Emissiounen nach esouguer ëm e Facteur 3 bis 4 méi héich. Wou ass do de Klimaschutz ?

 

Mache mer de selwechte Raisonnement mat den aktuellen industrielle Megawandanlagen vun 230m Héicht an engem Rotorduerchmiesser vu ronn 140m, wou eng eenzeg Anlag no dem Narrativ „Stroum fir 1.900 Stéit“ produzéiert, also ronn 0,7 Prozent vun alle Lëtzebuerger Stéit. Wann déi zweet Hallschent vun eisem Energieverbrauch ouni Tanktourismus bedarfsgerecht mat Wandenergie produzéiert géif, da bräicht een also knapp 5.000 där Anlagen. Et misst een also iwwer 4 Anlagen flächendeckend op all fräie Quadratkilometer stellen, an engem mëttleren Ofstand vu ronn 500m. Dee Moment maachen d’Anlage sech awer géigesäiteg Wandschied, an d’Leeschtung fält bei deem Ofstand dramatesch.

Ass dat vum Impakt op d’Ëmwelt, vum Flächeverbrauch, vum Ressourcëverbrauch a vun de Käschten hier plausibel oder sënnvoll ?

 

Dat ass och net wéi ee kéint mengen just e Lëtzebuerger Problem. An Däitschland zum Beispill, mat der weltwäit héchster Densitéit vu Wandanlagen, liwwert dës Energieform just ronn 4% vum globalen Energieverbrauch (ronn 80% fossil).

Wien gleeft do drun, datt an Europa onshore ewéi offshore e puer Milliounen Wandanlagen wäerten opgeriicht ginn ? Do kéint Lëtzebuerg mat engem ongeheiere finanziellen Effort iwwer de Wee vu Kooperatiounen esouguer op en Undeel vun 100% kommen, mä domat hätte mer trotzdeem näischt erreecht, well déi global Equatioun an Europa wéinst engem Problem vu Gréisstenuerdnungen net opgeet.

 

Et ass och kloer, dass sech déi kumulativ Impakter bei der noutwendeger Zuel vun Anlagen ëmmer méi staark auswierken, an zwar op d’natierlech Ëmwelt, notamment op d‘Avifauna, awer och op d’Liewensqualitéit vun de Bierger.

An deem Kontext gesäit een an der Presentatioun vum État des lieux folgend Informatiounen:

 

 

D’Legislatioun soll reviséiert ginn fir d’Geneemegungsprozeduren nach zousätzlech ze vereinfachen, a gläichzäiteg hofft een dann op d’Akzeptanz vun der Bevëlkerung déi haut vun de Promoteuren muss erkaaft ginn duerch marginal Participatiounen. Dës Participatioune kënnen de Wäertverloscht vun Immobilien nieft Wandparken, de Finanzement vun der Fërderung iwwer d’Stroumrechnung vun de Verbraucher, an och de Verloscht u Liewensqualitéit kaum wettmaachen.

 

D’Bevirdeelegungen bei der aktueller Gesetzgebung sinn jo och haut schonn enorm. Am Prinzip dierfte keng industriell Anlagen an de Gréngzone gebaut ginn, et sief dann se wieren d’utilité publique. Industriell Wandanlagen hunn awer d’office de Status vun der utilité publique, obwuel ee jo am Kontext vun der potenzieller Energieversuergung an dem Klimaschutz kloer gesäit, dass hei éischter Partikularinteressen am Spill sinn.

 

Wann een den Text vum Plan sectoriel Paysage virun Aen huet, da gesäit een och dass d’Wandenergie diametral opposéiert ass zu den hei affichéierten Zilsetzungen. Fir dass d’Wandindustrie dann awer zu hirem Recht kënnt, gëtt am Text bei de viséierten Anlagen just vu „lineare Strukture“ geschwat, mat anere Wierder, hei ginn d’industriell Wandanlagen trotz hirem enorm invasiven Agrëff an d’Natur mat engem einfache semanteschen Trick bei den Objektiver ausgeklammert.

 

Bei de Geneemegungsoplagen, déi dacks ëm déi impaktéiert Avifauna dréien, sinn der Fantasie an der Hypokrisie och keng Grenze gesat. E puer konkret Beispiller :

  • Wann de Proprietaire vum Feld op deem d’Anlag steet säi Stéck plout, da sollen d’Anlagen ofgeschalt ginn wéinst dem Gedéiesch dat d’Gräifvullen unzitt ; ass et awer de Noper deen um Feld just donieft plout, da gëtt et keng Oplagen ;
  • Wann d’Anlagen esou héich sinn, dass de Rotor net manner ewéi 50m iwwer dem Buedem dréit, da gëtt de Risiko fir Gräifvigel als akzeptabel betruecht ; d’Gräifvigel kënne natierlech ouni Problem bis op 1 Km Héicht fléien ; fir d’Bedreiwer gëtt dat esouguer zu engem pervertéierte Pretext fir hir Anlagen aus Rentabilitéitsgrënn nach méi héich ze bauen, wouduerch sech natierlech nach méi héich Impakter fir Mënsch an Déier erginn ;
  • Ofgeleeën vun den Anlagen sinn op bestëmmten Terrainen „Fudderplazen“ fir Gräifvigel virzegesinn, fir se vun den Anlagen ofzelenken. De Wandpark selwer gëtt awer zur Fudderplaz, well d’Gräifvigel, déi och Asfriesser sinn, vun den doutgeschloene Vigel ugelackelt ginn. D’Kompensatioun besteet also doranner fir d’Déieren aus hirem natierleche Liewensraum ze verdreiwen. Op wéi eng Plaze sollen d’Déieren da laangfristeg auswäichen, wa flächendeckend Anlag un Anlag steet ?

 

Wann de Schutz vun der Biodiversitéit eng Prioritéit wier, dann dierften d’Geneemegungsprozeduren net nach zousätzlech verwässert ginn, mä all déi opgezielte Mëssstänn missten duerch Amendementer vu Naturschutzgesetz, Landesplanungsgesetz a Plan sectoriel Paysage schnellstméiglech aus der Welt geschaf ginn.

 

Et wier dofir sënnvoll, fir beim État des lieux och e grëndlechen an objektive Bilan ze maache vun der Verhältnesméissegkeet tëschent de potenzielle positiven Effekter an de negativen Impakter bei dësen Industrieanlagen.

 

D’Chancen dofir stinn awer warscheinlech éischter schlecht, wann een op der Basis vun objektiven Zuelen an de prakteschen Erfarungswäerter z.B. aus Däitschland gesäit wéi geréng de potenzielle Notzen bei der Energieversuergung an dem Klimaschutz ass.

 

Wann all dës Tatsaache gewosst sinn, wisou bleift eis Klima- an Energiepolitik dann an der Illusioun vum gängege Narrativ gefaangen ?

Wann een d’Titelsäit vun dem État des lieux kuckt, dee jo am Fong neutral misst sinn, da kritt een e klenge Verdacht wien en Interessi un dëser Energiestrategie huet :

 

 

Wier et abwegeg fir unzehuelen, dass et hei ganz einfach nëmmen ëm e banale Business geet wou elo konsequent Lobbyaarbecht geleescht gëtt ?

 

An deem Kontext wiere mer dann elo beim drëtten a leschte Punkt ukomm :

 

Fërderung vu bestëmmten Industrien versus ETS (EU Emissions Trading system)

 

E feste Bestanddeel vun der Energiepolitik ass d’finanziell Fërderung vu regenerativen Energien, notamment och elo am Bestriewe fir d’Industrie ze dekarboniséieren wéi an der Presentatioun vum État des lieux gesot gëtt.

 

De Business vun de regenerativen Energien ass effektiv op dës Ënnerstëtzung duerch d’Allgemengheet ugewisen fir seng Rentabilitéit ofzesécheren.

 

Wann dat net esou wier, da kéint ee jo no gutt 20 Joer Ausbau vun dësen Industrien elo d’Fërderung esou lues auslafe loossen. Well dës Fërderung vun der Allgemengheet muss finanzéiert ginn, gouf hei eng enorm Ëmverdeelungsmaschinn ëmgesat déi de Räichtum vun ënnen no uewe verdeelt. An dat ouni iergend een Interêt general, wéi een un dem marginale Notzen bei der Energieversuergung an dem Klimaschutz gesäit.

Et ass och gewosst, dat d’Fërderung vu regenerativen Energien am Kontext vum ETS net nëmme sënnlos, mä och kontraproduktiv ass. Doriwwer gëtt awer net vill kommunizéiert.

Den Aspekt vum ETS ass elo ee vun de wesentleche Punkten.

 

De Prinzip Cap and Trade vum ETS ass esou einfach ewéi effikass :

 

D’Politik definéiert fir d’Zäregasemissiounen eng Uewergrenz (Cap), déi progressiv reduzéiert gëtt, an déi agehale gëtt duerch d’festgeluechte Quantitéit vun Emissiounszertifikater déi den Installatiounen déi am System abegraff sinn zur Verfügung stinn.

Duerch den Handel mat den Zertifikater (Trade) gëtt ee sech déi néideg Souplesse, fir dat d’Emissiounen op deene Plaze kënnen agespuert ginn, wou et op eng méiglechst einfach a käschtegënschteg Manéier ëmzesetzen ass.

De flexibele System soll zu engem eenheetlechen CO2 Prais féieren wou d’CO2 Vermeidungskäschten op e Minimum tendéieren. Dës Strategie erlaabt et deemno fir mat engem forcément begrenzte Budget och en Optimum u Klimaschutz ze erreechen.

 

De System huet seng Effikassitéit ënner Beweis gestallt, well d’Zäregasemissiounen vun de couvréierten Installatiounen tëschent 2005 an 2019 ëm ronn 35% konnte reduzéiert ginn, d.h. ëm duerchschnëttlech ronn 3% pro Joer, an dat mat effektiv nidderegen Zertifikatpräisser (bis dat de System am Joer 2018 reforméiert ginn ass an d’Präisser geklomm sinn).

Am ETS ginn awer just ronn 40% vun den Emissiounen ofgedeckt, esou datt déi global europäesch Emissiounen nëmme ronn hallef esou séier gefall sinn. Et géing also Sënn maachen, fir den ETS auszebauen op d’Secteure vum Transport a vun dem Bau, déi elo nach net integréiert sinn.

 

Wat geschitt awer elo duerch déi aktuell Fërderprogrammer ?

Hei verstéisst d’Klimapolitik géint de Prinzip vum Trade, well bestëmmte Moossnamen imposéiert ginn, ouni ze wëssen ob se och wierklech effikass fir de Klimaschutz sinn, an ob se sech op eng einfach a käschtegënschteg Manéier ëmsetze loossen. Dës Informatioun hu just déi verschidden Installatiounen, déi hir intern Prozesser kennen, a wësse wou se effikass spuere kënnen.

Huele mer e konkret Beispill. Wann een z.B. bei de leschten Zuele vum ILR fir d’Joer 2019 kuckt, da gouf déi Lëtzebuerger Stroumproduktioun dat Joer mat ronn 100 Milliounen Euro ënnerstëtzt. De Maartwäert vun dëser Stroumproduktioun louch no den Donnéeën vun de Stroumbourssen awer bei just ronn 30 Milliounen Euro.

Wann een d’Emissiounsintensitéit vun dëser Stroumproduktioun no de gängege Wäerter vum IPCC vergläicht mat där vun de substituéierte Stroumimporter, de kënnt ee fir dat Joer op eng gesamt CO2 Aspuerung an der Gréisstenuerdnung vun ongeféier 100.000 Tonnen CO2.

Mat den Differenzkäschte vu ronn 70 Milliounen Euro kënnt een also op CO2-Vermeidungskäschten vun ongeféier 700 Euro pro Tonn CO2, also ongeféier 30-mol méi ewéi den Zertifikatpräis an deem Joer.

Doduerch gouf awer net 30-mol méi CO2 agespuert. D’Uewergrenz vun den Emissiounen läit jo fest, a gëtt egal wéi agehalen konform zu den Zilsetzungen fir déi uviséiert Klimaneutralitéit.

 

Duerch dës Fërderprogrammer gëtt also net méi Klimaschutz gemaach, de Klimaschutz gëtt just méi deier.

 

Esou huet déi däitsch Energiewend, contrairement zu deem wat ee kéint unhuelen, mat Fërderkäschten vun e puer honnert Milliarden Euro, am Kontext vum ETS kee Gramm CO2 méi agespuert, well déi „zousätzlech“ national däitsch Zäregasreduktioun (déi och just marginal ass wéi mer virdrun am Lännervergläich gesinn hunn) dozou gefouert huet, datt déi betreffend Emissiounszertifikater fräigesat goufen, an iergendwou an Europa an aneren Installatiounen zu weideren Emissiounen gefouert hunn.

 

Dat ass dee sougenannte „Waasserbetteffekt“, deen dofir vun Ufank un en Dar am A war vun de gefërderten Industrien ewéi der Wandindustrie.

 

Duerch déi lescht Reform vum ETS am Joer 2018 kommen „iwwerschësseg“ Zertifikater deelweis aus dem Handel, mä wann an e puer Joer den Iwwerschoss ofgeschäfft ass, da gëtt et nees méi schwéier fir de Waasserbetteffekt ze camoufléieren, deen déi kontraproduktiv Fërderprogrammer offensichtlech mécht. Et kéint ee sech och d’Fro stellen ob d’Reformen den ETS wierklech solle stäerken wéi offiziell gesot gëtt, oder ob se duerch dës Interventiounen net éischter en Ofschafe vun dësem System als Finalitéit am Sënn hunn.

 

An Däitschland ass de Konflikt tëschent dem ETS an de nationale Fërderprogrammer ëffentlech bekannt. De Sachverständigenrat zur Begutachtung der gesamtwirtschaftlichen Entwicklung an de Bundesrechnungshof kritiséieren an hire Rapporten scho säit Joren reegelméisseg déi däitsch Klimapolitik.

 

Esou stellt de Sachverständigenrat a sengem leschte Sondergutachten am Joer 2019 eng Rei vu Punkte fest :

 

  • Déi däitsch Energiewend, déi op der Fërderung vu bestëmmten Stroumproduktiounstechniken baséiert, ass ineffizient an deier, well déi gefërdert Energie jo scho vum ETS ofgedeckt ass ;
  • Den ETS sollt ausgebaut ginn op all Secteuren déi elo nach net abegraff sinn (z.B. Transport, Bau) ;
  • Et soll keng lenkend Industriepolitik gemaach ginn, mä dofir eng technologieneutral Innovatiounspolitik mat engem secteuriwwergräifenden CO2 Präis ;
  • E nationale Klimaschutz féiert zu Verlagerunge vun den Zäregasemissiounen ;
  • National a klengdeeleg sektoriell Ziler si wéinst enger op europäeschem Niveau festgeluechter Emissiounsuewergrenz a wéinst de Verlagerungseffekter ouni Bedeitung fir en effektiven an effiziente Klimaschutz ;
  • Industrie- a regionalpolitesch Ziler solle net mat klimapoliteschen Instrumenter vermëscht ginn ;
  • D’Ustriewe vun enger Virreider Roll mat nationalen Ambitiounen bréngt näischt ; et wier besser fir eng Virbild Roll ze spillen andeem een als Industrieland weist, datt een et fäerdeg bréngt fir eng effizient Klimapolitik ëmzesetzen.

 

An dëse Rapporten gëtt och de Constat gemaach, dass um Niveau vun der Wand- a Solarenergie net konkret gewosst ass wéi déi net bedarfsgerecht produzéiert volatil Leeschtung an de System kann integréiert ginn, datt d’Versuergungssécherheet a Fro gestallt ass, an datt de Blackoutrisiko guer net erfaasst ass a vun der Energiepolitik ënnerschat gëtt.

 

Hei gëtt also den État des lieux gemaach vu ronn 20 Joer Energiewend, a mir wäre net schlecht beroden fir aus de konkreten Erfarungen ze léieren.

 

Elo gesäit ee natierlech, datt dës Erkenntnesser sech net grad „eent zu eent“ an der aktueller däitscher Klima- an Energiepolitik erëmspigelen, an d’Ursaachen heifir wieren e Sujet fir sech.

Vill méi wichteg ass et awer ze wëssen, datt et dës Erkenntnesser gëtt, an et wier wichteg fir dës Erkenntnesser fir d’Lëtzebuerger Klima- an Energiepolitik elo notzbar ze maachen.

Wat proposéiert also elo déi Lëtzebuerger Klima- an Energiepolitik an hirer Bestandsopnam mat dem Ausbléck op déi zukünfteg Aktiounen ?

 

An der Presentatioun vum État des lieux, an och an den Aussoen op dem „Conseil Environnement“ vun den EU-Ëmweltministeren den Dag duerno, gi mer gewuer

 

  • datt d’Fërderprogrammer sollen ausgebaut ginn fir industriell Aktivitéiten mat regenerativen Energien ze dekarboniséieren ;
  • datt d’Ministesch fir Ëmwelt a Klima „betount dass d’Zäite vum Emissiounshandel eriwwer wieren“ (Zitat aus der RTL Berichterstattung) ;
  • datt d’Ministesch sech skeptesch weist fir den ETS op den Transport an de Bau auszedeenen ; beim Transport a beim Bau geet een de Wee vu politeschen Interventiounen a Verbueter ;
  • datt d’Ministesch national Klima-Ambitiounen prekoniséiert, woubäi all Memberstaat seng eegen national Klima-Ambitiounen all 5 Joer nei muss op de Leescht huelen ;
  • datt d’Ministesch der Opfaassung ass, datt national Ziler Lëtzebuerg sollen hëllefen eng Virreider Roll ze spillen, well een doduerch wirtschaftlech Virdeeler hätt.

 

Et kann een also feststellen, datt d’Lëtzebuerger Klima- an Energiepolitik systematesch, Punkt fir Punkt hoergenee de Contraire vun deem mécht wat déi rational Erkenntnesser aus 20 Joer Erfarung mat der Energiewend ervirbruecht hunn.

 

Konklusioun :

 

An dem État des lieux „Klima an Energie 2021“ ginn dräi fundamental Aspekter ugeschwat bei deenen een objektiv gesäit dass d’Weiche falsch gestallt sinn.

 

Et sinn awer grad just dës dräi Pilieren wou eng Reussite ausschlaggebend ass fir d’Energieversuergung sécherzestellen an d’Ziler am Klimaschutz ze erreechen.

 

Dofir sollten déi folgend Punkten an der ëffentlecher Diskussioun keen Tabusujet méi sinn, mä et sollt op enger rationaler Basis informéiert a Pédagogie gemaach ginn, fir dann déi noutwendeg Decisioune kënnen ze huelen.

Dat hei si just graff Pisten fir eng rational Diskussioun unzefänken :

 

Wuesstem versus Klimaschutz

Klimaschutz, Schutz vun der Biodiversitéit, an eng adequat Exploitatioun vun de Ressourcen si net kompatibel mat dem ekonomesche Modell vum onbegrenzte Wuesstem.

D’Contrainten vum Klimaschutz an déi zukünfteg Verknappung vu Rohstoffer, notamment vu fossille Kraaftstoffer, déi egal wéi Auswierkungen op d’Ekonomie wäerten hunn, kënne nëmmen ofgefiedert ginn duerch eng Substitutioun mat enger versuergungssécherer CO2 aarmer Energiequell déi eng héich Energiedensitéit huet. Mä och dat wäert net duergoen fir de Modell vun engem onbegrenzte Wuesstem oprecht ze erhalen.

 

Energietransitioun :  Storytelling versus Engineering Reality

Kuerzfristeg kann d’Versuergungssécherheet bei dem Ofschalte vu Kuelekraaftwierker just duerch e Programm vu Gaskraaftwierker (mat CCS wa wirtschaftlech méiglech) a mat der Betribsverlängerung vun AKW séchergestallt ginn, ënner der Viraussetzung natierlech datt déi noutwendeg streng Betribsoplagen erfëllt sinn. Hei wäert d’Lëtzebuerger Energiepolitik relativ séier vun der Realitéit ageholl ginn (mat den Aktualitéiten ass se dat am Fong schonn).

Mëttelfristeg ka progressiv op den deiere fossille Gas a bestoend AKW verzicht ginn, wann Europa mat op de Wee geet vun der kommerzieller Notzung vun AKW vun der véierter Generatioun, kombinéiert mat der Waasserstoffhierstellung fir net elekrifizéierbar an industriell Uwännungen (optimal Effizienz bei der Kombinatioun Héichtemperaturelektrolyse/AKW).

Wéinst dem héije Flächeverbrauch, dem héije Ressourcëverbrauch, den héije Käschte vum Gesamtsystem, den héijen Ëmweltimpakter an dem klenge Potenzial bei der Energieversuergung a beim Klimaschutz, sollt op d’Fërderung vu regenerativen Energiequelle verzicht ginn. Déi betreffend Gesetzer am Natur- a Landschaftsschutz sollte reviséiert ginn fir déi elo engagéiert technesch Iwwerformung vun de Naturraim duerch iwwer 200m héich Industrieanlagen beschtméiglech anzegrenzen. Wa regenerativ Energiequellen sech ouni fest Aspeisetariffer betribswirtschaftlech net eegestänneg droen, da maache se wéinst dem gerénge Notzen bei der Energieversuergung vollekswirtschaftlech kee Sënn. Dee Moment kann een op eng ëmmer méi komplex Ausféierung vum elektresche Netz mat héije Systemkäschten zu Laaschte vun der Allgemengheet an op saisonal Energiespäicher verzichten.

 

Subventiounssystem versus ETS :

Iwwerdriwwe Fërderprogrammer vun Instrumenter mat héijen CO2-Vermeidungskäschten, sektoriell a national Klimaziler maachen am Kontext vum EU-ETS kee Sënn a sinn esouguer wirtschaftlech kontraproduktiv :  doduerch gëtt jo innerhalb vun de festgesate Limitte net méi Klimaschutz gemaach, de Klimaschutz gëtt vollekswirtschaftlech duerch déi politesch Interventioun just méi deier.

Duerch déi rezent Reform vum EU-ETS sinn d’Emissiounszertifikater duerch politesch Interventioun wesentlech méi deier gemaach ginn, wat innerhalb vun de festgesaten Emissiounslimitten alt nees wéineg Sënn mécht, well doduerch d’CO2-Vermeidungskäschten jo just nach méi héich ginn an engem Kontext vun allgemenger Inflatioun, wat „beschtefalls“ just zu carbon leakage féiert.

Dogéint féiert eng technolieneutral Innovatiounspolitik mat engem EU-ETS ouni politesch Interventioun zu engem eenheetlechen an optiméierten CO2 Präis dee vollekswirtschaftlech och vertrietbar ass.

Den ETS sollt op all Secteuren ausgedeent ginn. Iwwergeuerdnet Verlagerungseffekter kënne nëmme limitéiert ginn, wann den ETS beschtméiglech weltwäit verlinkt gëtt.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *