Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

Dreift d’Justiz den Uz mat verschiddene Bierger? 

Dreift d’Justiz den Uz mat verschiddene Bierger?
Image par Steve Bidmead de Pixabay

Et huet een sech dru gewinnt: wann ee gären e Rendezvous hätt bei engem spezialiséierten Dokter, da muss ee Gedold hunn, Wochen ginn net duer, et muss een mat Méint rechnen. Dat war virun der Pandemie esou an dat ass elo net vill aneschters. Grad esou lues muelen d’Millen vun der Justiz: wien gäre gutt,- wëll heeschen onparteiesch a gerecht- Aarbecht wëll hunn, dee muss laangt Waarden mat a Kaf huelen. Mä, et ka virkommen, datt déi ganz Geriichtsadministratioun e Bierger komplett am Stach léisst!

E Beispill mécht d’Explikatioun fir eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Vertrieder Roth a Mosar méi einfach: eng Fra gëtt am Juni 2017 ugeklot wéinst Drogendelikt. Si héiert iwwer Joren näischt méi vun där Uklo, also vun enger Geriichtsprozedur, déi um Lafen ass. Enges Dags huet si ës genuch a geet bei hiren Affekot. Dee renseignéiert sech a kritt iwwer Telefon déi lakonesch Äntwert: d’Uklo géint des Madamm gouf virun 3 Joer fale gelooss! E classement sans suite.

En einfache oubli vun enger Verwaltung, souwisou debordéiert? Et schéngt ës net. Normal ass wuel, datt systematesch Affären klasséiert ginn, dofir allerdéngs grad esou anormal, datt de presuméierten Täter dovunner ni a Kenntnes gesat gëtt. Stellt Iech fir, Dir hutt esou eng “Saach” unhänken, well Iech Ären Noper wéinst iergendenger Lappalie ugeklot huet. Dir gitt all Dag un déi Affär erënnert, wann Dir Moies den Auto aus der Garage setzt an dobäi deem Kauz vun Noper am Léifsten iwwer d’Féiss wëllt fueren. Dag fir Dag gréisst d’Murmeldéier a kee weess, datt den Dossier längstens zou ass. Iustitia, ouni Manéieren an der Panz?!

D’Politiker Roth a Mosar weisen an hirer QP expressis verbis drop hin, datt et am Gesetztext en Ënnerscheed gëtt  am Ëmgang mat Affer a presuméierten Täter. D’Affer huet dat 100 prozentegt Recht op Informatiounsfloss, Nada par contre fir dee presuméierte Béisen.

gk online

Dogéint besteet wéi gesot keng Informatiounsflicht vis-à-vis vun engem presuméierten Täter. Och eng Persoun, déi ee Virfall denoncéiet huet, awer net d’Qualitéit huet vun engem Affer, MUSS net informéiert ginn iwwer d’Suiten vun hirer Denonciatioun.

gk online

Net jidder presuméierten Täter ass och tatsächlech e “Fatzbeidel”. An esouguer wann! Keng Informatioun ass en Zeechen vu kompletter Veruechtung vun enger iwwermächteger Verwalung, op d’mannst en Zeechen vu schlechte Manéieren. Der Iustitia, d’Symbol vun der moralescher Kraaft, steet dat schlecht zu Gesiicht….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *