Recent Posts

Post Categories

Stroumpräisser: aus dem Courrier tëscht dem Wirtschaftsminister an der Biergerpartei 
Den 11. Dezember hat d’Biergerpartei dem Wirtschaftsminister Lex Delles en oppene Bréif geschriwwen: et goufen sech Suerge gemaach wéinst de...
Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 
D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen....
D’Biergerpartei a Suerg wéinst héije Stroumpräisser 
Offener Brief an Herrn Lex Delles Minister für Wirtschaft,  Energie und Tourismus                ...
Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...

Blog Post

Featured

D’Lëtzebuerger Press op der Titanic 

D’Lëtzebuerger Press op der Titanic
Image par 동철 이 de Pixabay

E t ass Traditioun: d’Parlament schléisst d’Joer of mat der Presentatioun an der Diskussioun vum Staatsbudget. An dësem Kontext war déi Kéier de sougenannten Entlaaschtungspak derbäi komm; dem Staatsminister säi Slogan méi netto vum Brutto gëtt an Etappen ëmgesat. Dëst Joer an dat anert zesummegerechent gouf d’Steiertabell ëm 6,5 Indextranchen adaptéiert. Et bezilt een also manner Steieren a bis e Joresakommes vu 54.000€ iwwerhaapt keng. Net onwichteg also. Rebelote an der Haaptstad: och um Knuedler goung Rieds vun de Suen.

Weder d’Stad nach de Staat hu gréisser finanziell Problemer. D’Gemeng schwëmmt am Geld an de Staat steet sech ës vill besser ewéi nach viru Méint geduecht. Ass déi gesonnt Finanzsituatioun am Haus vun den zwee Léiwen ieren d’Explikatioun, firwat RTL keng Zeil driwwer verluer huet? Dat ass dach schonn aussergewéinlech, schliisslech handelt et sech ëm eis Haaptstad! Oder huet et domadder ze dinn, datt Sujeten ewéi Wirtschaft a Finanzen zanter Joer vun der Press ewéi e Stéifkand behandelt ginn? Dobäi ass dee verhaasste Fric d’Ausgangsbasis fir all Politik, ob vu riets oder ob vu lénks!

Tëscht Oppositiouns- a Regierungsparteien sinn an der Chamber ewéi um Knuedler d’Fronte meeschtens kloer: déi eng si géint d’Gesetz – dacks aus Frust well si net zu der Majoritéit gehéieren- an déi aner si fir dat Gesetz – well si net topeg genuch sinn, hier eege Ministeren oder Schäffen ausrutschen ze loossen. Trotzdeem ass et interessant, d’Argumentatioun vun deene verschiddene Riedner ze lauschteren, Riedner déi zanter Joer awer net méi vill an der Press zu Éiere kommen.

D’Journaliste si guer net méi drop aus, déi politesch Dagesaktualitéit um Krautmaart mat der Lupp ze

Image par Alexa de Pixabay

beliichten.. Gebongt! D’Deeg am héijen Haus ze verbréngen, ka ganz schéi langweileg sinn. Nawell lount et sech, deenen offizielle Rieden am Plenum nozelauschteren a virun allem ze probéieren, an de Gäng vum Parlament mat deem engen oder anere Volleksvertrieder an e Privatgespréich ze kommen. De Journalist huet dobäi all d’Fräiheete vun der Welt, mat deenen Aussoen an Zousazinformatiounen ze maachen, wat hie fir richteg fënnt. Eng Fräiheet déi haut esou normal ass, datt se reegelméisseg royalement ignoréiert gëtt. Mini-Réckbléck op fréier:

Viru 45 Joer war et nämlech esou, datt de Reporter gebiede war, vu jidder Riedner op d’mannst 1 Saz matzehuelen. Déi Situatioun gouf dann grotesk, wann an de Budgetsdiskussiounen zum Beispill 60 Deputéierten net ze bremse waren an no Loscht a Laun de Mikro fir sech accaparéiert haten. Esou koumen op Radio Lëtzebuerg Reportagen zesummen vun enger Längt vu 5 bis 8 Minutten. Haut ass sech dat guer net méi virzestellen! D’Press huet sech lues a lues vun deem Zwang geléist a konnt déi Informatioune journalistesch verschaffen déi hirer Meenung no eng Zousazinformatioun fir Lieser an Nolauschterer waren.

De klasseschen Artikel bestoung dann an der Reegel an enger Explikatioun vun der Problematik, duerno gouf deen een oder anere Volleksvertrieder zitéiert respektiv am Toun ageblent an als Salz an der Zopp huet de Journalist seng perséinlech Informatioune verschafft. Op déi Manéier war de Bierger perfekt informéiert. Hie wosst, ëm wat datt et goung an hie wosst, wien aus wat fir enger Partei och wat dozou ze soen hat. Grad dat awer geet zanter Joer d’Schësserbaach erof!

Image par Welcome to All ! ツ de Pixabay

Als Mediekonsument huet een nämlech ëmmer méi dacks d’Impressioun, et géing dem Journalist an der Haaptsaach drëm goen, esou wéineg ewéi méiglech a Kontakt mat Politiker ze sinn, fir nëmmen net an de Verdacht ze geroden, mat deem engen oder aneren e ‘bessert’ Verhältnis ze hunn. Esou ass et och alles aneschters ewéi eng Raritéit, datt den Inhalt vun enger parlamentarescher Fro resuméiert a publizéiert gëtt, ouni iwwerhaapt z’ernimmen vu wiem déi Fro gestallt gëtt. Hallo! Also eng politesch Fro ouni Politiker?! Wéi praktesch! Eigentlech eng Ongeheierlechkeet, eng Frechheet vis-à-vis vum Deputéierten deen net de Courage huet, beim betraffene Media seng droits d’auteuren anzekloen.

D’Resultat ass virun allem eng Vermëschung vu Fakten a Meenung. De Gabor Steingart (Pioneer) resuméiert et esou: haut ginn et Meenungen, déi sech als Fakten tarnen, an et gëtt Fakten, déi a Wierklechkeet Meenung sinn! Also eng Zort hybrid Form vu Journalismus. Alles oder näischt! Awer ëmmer am Numm vun der Wouerecht. Dobäi wëll de Journalist den Éducateur gradué sinn vun der Natioun, seng Lieser erzéien, hinne soen, wéi a wat si ze denken hunn. Dee Lieser fillt sech an den Eck gedréckt, iwwerdubbert, fir net volljäreg erkläert, kuerz: hie verléiert d’Vertrauen an d’Medien déi doriwwer eraus zu Lëtzebuerg vum Staat massiv finanziell ënnerstëtzt ginn an domadder souwisou beim Vollek suspekt sinn.

Fir op den Entlaaschtungspak zeréckzekommen. Et war am Plenum eng vun deene Situatiounen wou d’Oppositioun nolens volens e Gesetz vun der Majoritéit huet musse matstëmmen. Et ass – besonnesch fir e Sozialist- nun eemol schwéier e Gesetz net matzedroen, mat deem jidder eenzelne Bierger manner Steieren muss berappen. Do wär et interessant gewiescht, net nëmmen déi offiziell Optrëtter vun de Sozialisten ze verfollegen, ma d’Oueren ze spëtzen iwwer de séileschen Zoustand vun där Fraktioun: nach laang net jiddereen bei hinnen ass an der Oppositioun ukomm, an et ass wäit a breet keen do, fir déi Fraktioun aus der Oppositioun erauszeféieren. D’Madamm Lenert déi wollt Staatsministesch ginn, huet bekanntlech Raute gewénkt…

Et ass dem Journalist seng Aufgab, de Lieser iwwer d’Aktualitéit um Kraurmaart ze informéieren an awer

Photo de cottonbro studio: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femmes-production-studio-a-l-interieur-7598550/

och d’Politik ze explizéieren, am anere Fall bleift de Krautmaart e Geheimnis mat 7 Sigelen, an d’Press däerf sech net wonneren, datt si selwer ëmmer méi zu engem fait divers gëtt. D’Zäite sinn eriwwer, wou e gudden Optrëtt an der RTL-Emissioun Background  um Samschdeg-Mëtteskascht fir e Politiker duergoung, säi Score a Wahlen däitlech ze verbesseren. Op deem Punkt hunn déi sozial Medien längstens d’Relève iwwerholl. Wann zum Beispill engem Deputéierten säi Post 70.000 Klicken erabréngt, dann ass dat eng Liga an där déi klassesch Medien net méi kënne mathalen!

Och wann net all eenzele Klick bedeit, datt dee Post och tatsächlech (ganz) gelies gouf, esou ass et fir d’Politiker haut méi einfach vu sech schwätzen ze doen ewéi fréier, wou een de Journalisten huet mussen hannendru lafen, fir wéinstens eemol pro Legislatur-Period mat e puer Zeilen an der Press zu Éieren ze kommen, Haut: Facebook, Linkedin, X, instagram….an der Theorie sinn all d’Méiglechkeeten do, ma an der Praxis liewen déi meescht Deputéierten nach an där aler Welt.

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Die frage des vertrauens in die medien ist natuerlich “une vaste question”
    Wenn ich zu irgend einer konfliktuellen frage…sagen wir mal gaza krieg oder klima erwaermung…schon eine vorgefasste meinung habe werde ich meist nur die artikel von journalisten lesen welche meine meinung bestaetigen und andere artikel verdammen.
    Wenn ich zu einem thema keine meinung habe ist das oft weil es mich nicht interessiert und ich tendiere dazu artikel die sich um das thema drehen nicht mal zu lesen.
    Der einfluss des journalisten erscheint also kleiner als vermutet…trotzdem kann sicherlich die bombardierung mit einseitigen infos wie sie im ukraine konflikt z.bsp. von allen seiten praktiziert wird erfolg bei vielen lesern/zuhoerern haben.
    Der gutglaeubige wird das glauben was er 100 mal am tag ohne widerrede hoert…wie vor sehr langer zeit mal bei der predigt des pfarrers wenn es keine andere infoquelle gab.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *