Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Monarchie an der Kriis? 

D’Monarchie an der Kriis?
Image par Aga Marchewka de Pixabay

de Rapport Waringo iwwer de Fonktionnement vum Groussherzoglechen Haff ass eraus an et däerf driwwer diskutéiet ginn. D’Virschléi vum pensionéierte Staatsfonktionnär sinn zwar keng Revolutioun, an awer ginn se wäit. Et ass dervunner auszegoen, datt déi Groussherzoglech Koppel de Rapport am Virfeld ze liese krut, a wann net, konnt si sech e Bild derfunner maachen op Grond vun de Froen, déi beim Opstellen vum Text gestallt goufen. Dat wär allemol eng Explikatioun fir deen oppene Bréif vum Grand-Duc un d’Matbierger, dee fir Opregung gesuergt huet. Dat Schreiwes kann als näischt aaneschters interpretéiert ginn, wéi wann den Haff deen Ament net bereet war, d’Konklusiounen an d’Propositiounen aus deem Rapport ze acceptéieren. Ëmmerhinn kritiséiert den “Enquêteur” jo, datt d’Personalpolitik vun der MADAME perséinlech geeréiert gëtt! Dat däerft net de Fall ze sinn!

Iwwregens héiert een, wéi wann den Haff an d’Regierung sech eens gewierscht wären, während deem “investigative Prozess” vum Här Waringo net no baussen ze kommunizéieren. Well ech déi Informatioun natiirlech net aus éischter Hand confirméiert kréien, bleiwen ech am Conditionnel, ma verweisen op d’Presse, wou et heescht, de Premier wier richteg sauer iwwer déi Publikatioun gewierscht!

image credits: pixabay.com

D’Wahrscheinlegkeet ass also grouss, datt den Haff deen ‘Accord’ unisolo gebrach huet, schliisslech ass de Bréif net vun engem Regierungsmember contre-signiéiert. Den dommage collateral ass fir de Regierungschef: de Xavier Bettel muss kucken, wéi hien sech selwer an och d’Monarchie glécklech aus där Nummer erausbréngt! An der demokratescher Partei sinn se net begeeschtert iwwer dës Situatioun; déi Gréng -alles aneschters wéi ideologesch Verfechter vun der Monarchie- laachen sech an d’Fäischtchen, datt déi Kéier de Kellech laanscht si gezunn ass an iwwer de Käpp vun der DP ausgeschott gëtt; a fir déi Rout kënnt déi ablacklech Kriis ganz zu Paass, souzesoen als geschenktent Oflenkungsmannöver virun den eegne Probleemer, de Franz Fayot schwätzt jo schonn vu Republik.

 

De Prozedere vum Premier ass op d’mannst grad esou erstaunlech wéi dee vum Staatschef: hie geheit de Rapport einfach mol op d’place publique, ouni weider Explikatiounen oder Commentairen. Huet d’Regierung keng Meenung dozou oder huet een Angscht, sech et mat de Monarchisten ze verdiérwen? Datt den Här Bettel déi gliddech Kuel un d’Parlament weiderreecht, geet guer net: d’Chamber ass do, fir d’Aarbecht vun der Regierung kritesch ze begleeden, awer niimools fir sech ëm “Interna” vum Groussherzoglechen Haff ze këmmeren. Et sief, d’Regierung wéilt tatsächlech eng déifgräifend Reform vum Fonktionnement vum Haff ustriewen. Mä, dann hätt de Premier dat haut solle soen: et wier d’Top-Geleegenheet gewierscht, nom Regierungsrot eng Pressekonferenz ze halen. Mä, schéngt ës, et wëll een sech net ze wäit zur Fënster erausleeën. D’Geschicht vun der waarmer Gromper….

Image par djedj de Pixabay

Dobäi war et de Regierungschef, dee mat vill Tam-Tam dëse Rapport gefrot hat- am Sënn vu méi Transparenz. Villäicht besteet d’Taktik jo och just doranner, fir mol d’Reaktiounen aus dem Vollek gewuer ze ginn – komplett onofhängeg vun enger Diskussioun iwwer Monarchie oder Republik-, fir mat engem bessere Gespiér an d’Chamberkommissioun ze goen an do dann bekannt ze ginn, a wat fir eng Richtung datt de Feierwonn soll fueren.

Grand-Ducs hu jo scho mol kleng bäiginn: per Communiqué lossen si wëssen, datt si bereet sinn, konstruktiv matt ze schaffen. Wat bleiwt hinnen och sos aaneschters iwwereg? Wa si weider op stuur schalten, bréngen si sech selwer- also d’Monarchie a Gefohr. A well et grad déi leschten Deeg déck geflaamt huet tëscht dem Groussherzoglechen Haff an dem Premier, ass net auszeschléissen, datt eng Zort “médiateur” gesicht gëtt: dem Xavier säi Virgänger, de JCJ hätt Zäit…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *