Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Gesellschaft

D’Konscht läit op der Strooss 

D’Konscht läit op der Strooss
Photo de Anastasia Shuraeva: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-gens-personnes-individus-4406721/

Visite an engem belsche Musée. Portraiten vun enger Rei Artisten aus Holland an der Belsch ginn ausgestallt. Keng banal Portraiten ewéi fir d’éischt Kommunioun oder fir d’Hochzäit. Och keng gewéinlech Leit. Dacks huet et sech ëm al an aarm Leit gehandelt: eng verwäsche Fra, ee verschaffte Mann, d’Gesiichtshaut wéi aus Lieder, schlecht Zänn, déck Nues, kromme Réck vum Grompererafen, déck Wirschtercher un den Hänn vum Kueleschëppen. D’Kënschtler hunn mat Fuerw a Pinsel all eenzelen Detail zeréckbehalen, de ‘Zoom’ gesat op all klenge schwaarze Punkt am Gesiicht, op eng gewëssen Trauer am Bléck, op bëlleg Kleeder asw.

Image par Dawn Rose de Pixabay

Entstane si Meeschterwierker mat deenen sech d’Artisten veréiwegt hunn. D’Basis vum Portrait ass allerdéngs d’Persoun selwer, déi si esou exakt ‘ofgeliicht’ hunn: déi Fraen a Männer sinn zwar al, sinn aarm, ma hunn trotzdeem eise Respekt verdéngt. Bei esou Tableauen kënnt een un d’Dreemen, et stellt een sech all Méigleches vir. Zum Beispill d’Fra, déi all Dag de Kanner eng Zëppchen gekacht huet, zum Beispill de Mann deen all Dag 14 Stonne geschafft huet fir d’Familljen iwwer d’Ronnen ze bréngen. Eng Generatioun ouni vill Rechter, mä mat vill Laaschten um Bockel.

 

Zeenewiessel: eng Visite op der belscher Plage. Endlech huet sech de Summer duerchgesat, d’Temperaturen sinn héich genuch, datt d’Leit eng Partie Kleedungsstécker fale gelooss hunn an esou méi vu sech weisen. Et gesäit een vun allem ma et kuckt ee besonnesch déi eng, déi Opfälleg. Vill eeler an aarm Leit, vill Décker, Ongefleegter déi iwwer Mosselen met Frietjes hirfalen wéi wann si Méinte laang vu Waasser a Brout gelieft hätten. An der Frittebud héiert een da Genëschels hannert engem. Hues Du déi Déck dohanne gesinn? Déi bräicht eigentlech näischt méi. Höhöhö.

Tatsächlech. Méi ewéi mockeleg! Scho bal gigantesch. Villäicht eng Krankheet? Oder villäicht e Liewe laang vill Nuddelen mat Mayonaise giess, well si sech näischt aneschters konnt leeschten? Kuck emol! Deen dohannen huet seng Zänn doheem leie gelooss. Ha,ha,ha. Richteg. De Mann huet eng plakeg salle-à-manger. Seng Zänn ze fleege krut hien warscheinlech net a senger Kandheet bäibruecht, an un ee kënschtlecht  Gebëss ass wuel grad esou warscheinlech net ze denken aus Käschtegrënn.

Image par Leroy Skalstad de Pixabay

Op der belscher Plage begéint ee ville Leit, deenen een ofgesäit, datt si e schwieregt Liewen hannert sech hunn. Vill schaffen, wéineg verdéngen, bëllegen Outfit, schlecht Gesondheet, vill Kreemchen, Klenschegold,. Unikumen! Déi awer eppes gemeinsam hunn: si all probéieren en éierbaart Liewen ze féieren, sech der Decken no ze strecken an nawell d’Liewen ze genéissen. Si wëssen, datt si op dëser Welt net zu der Elite wäerten zielen. si gi schaffen mat der Perspektive, datt spéider hir Kanner et wäerte besser hunn.

Wann hinnen déi Perspektive ewechgeholl gëtt, gi si rabbelkäppeg. Hir Mentalitéit schléit radikal ëm. Si fillen sech (zousätzlech) getrëppelt a wieren sech, ginn extreem. Ob politesch lénks oder riets, komplett egal. Haaptsaach, et manifestéiert ee sech. An esou stellt sech eraus, datt si d’Vollek sinn, d’Basis vun egal wat fir enger Gesellschaftsform. D’Majoritéit an der Wahlcabine.

Dorunner sollt de Visiteur am Müsee och denken. Wuel geet et an eise Géigenden enger ganzer Partie Leit gesellschaftlech vill besser ewéi virun engem hallwe Joerhonnert, an awer ginn et der ëmmer nach déi sech hänke gelooss fillen. Bis de Beweis vum Géigendeel erbruecht ass, gëllt: et ass méi einfach mat enger gutt gefëllter Paitut duerch d’Groussgaass ze trëppelen ewéi mat 2070 Euro (Mindestloun an der Belsch) duerch e ganze Mount mussen ze kommen.

Konscht ass net eleng op engem Tableau, Konscht ass iwwerall; et begéint een hir op Schratt an Tratt, och op der Strooss….

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    …an déi hei viséiert Konscht ass batteren Alldag fir déi Leit – net nëmmen an der Belsch. Bedauerlech awer och, datt, wéi gëschter gemellt gouf, masseweis Dreck an Offäll zu Blankenberge an Oostende politësch monéiert ginn, well d’Leit Null Respekt hirer Ëmwelt géigeniwwer weisen . Besonnësch schlëmm ass déi absolut Respektlosegkeet an eisen Zäiten, wou d’Ëmwelt jo awer ee wichtegt Thema ass – oder sollt sinn, wat jo dann awer net de Fall ass. Dat léisst déif blécken …
    Jo, déi hei thematiséiert Fotoë vu Leit am Alldag spiggelen déi Realitéit rëm, déi eeben ass – a keng “gefotoshopt” a gefälscht Porträën vun (oft onwichtegen) “Promiën” oder (Blender-) Politiker, déi scho guer näischt um Hutt mat deene Leit hunn, déi den Här Kaiser a sengem flotten Text hei virstellt-mat hire Problemer, hire politësche Reaktiounen an der Walkabinn, hirem oft batteren Alldag asw. déi een aus e sou Gesiichter kann erausliesen.
    Well done!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *