Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Schnoken

Déi richteg Wieder fir d’Wieder 

Déi richteg Wieder fir d’Wieder
Image par Ingo Jakubke de Pixabay

Ëmmer dat nämmlecht. Iergendwou aus der iCloud kënnt e Push erof op eis Welt an huet Auswierkunge wéi vun engem Blëtz. Dat gëllt och fir de Beräich vun der Meteo, déi  -Hand op d’Häerz- all Mënsch mat grad esou banalen ewéi faszinante Froen unzitt. Gëtt et muer Schnéi? Wéi kal gëtt et, wat muss ech undoen? A virun allem an dësen Zäiten: wéi gëtt d’Wieder op menger Vakanzendestinatioun? Reent et oder schéngt d’Sonn? A wann déi Meteo dann emol eng Kéier richteg d’Sau erausléisst an eis mat Tornado a vill Reen d’Fäerte léiert, dann ass de Mënschegemaachte Klimawiessel dorunner Schold esou wéi fréier den Dies Irae. Reegelméisseg gëtt de moderne Mënsch vun esou Pushen viru Wiederkaprioule gewarnt. Gutt gemengt, ma et gëtt iwwer d’Zil erausgeschoss an et nervt!

Éischtens, well et net bei engem eenzege Push bleift. Meteolux schéckt eng Wiederwarnung eraus a wann et riskéiert ganz schlëmm ze ginn, kënnt quasi zäitgläich deen nämmlechte Message vu gouv alert. D’Medie fir hiren Deel wëllen sech dat Stéck Speck net laanscht d’Nues goe loossen an trommele grad esou hire Push eraus. Mäin Handy reagéiert da scho wéi wann deen Ament Armageddon zougeschloen hätt: 9 Pushen iwwer den nämmlechten Thema um Apparillo! An ee wëll deen aneren iwwertreffen. Mam Resultat, datt een se net méi liest.

Zweetens, well d’Wiederprevisiounen ganz dacks net stëmmen oder just zur Hallschecht. Wann et heescht: am Norde reent et, kann dat duerchaus bedeiten, datt d’Uertschaft Schëmpech am Waasser ënnergeet, an datt se zu Klengwäinheffen nach gemitterlech de Metti um Grill leien hunn. Et kann grad esou gutt sinn, datt et néierewou reent. De Mënsch behält an Erënnerung, datt kee Verlooss ass op Wiederprognosen. Grad an de leschte Wochen louchen d’Warnungen zimmlech dacks nieft der Plack. An iwwerhaapt: Wiederprevisiounen ass dat eent, Wiederwarnungen dat anert

Drëttens, well et ze vill dees Gudden ass! Ee Push fir héich Temperaturen, ee Push fir krass Dimmeren, ee Push fir eeler Leit virum Deshydratéieren ze warnen, fir Knëppelsteng, fir besonnesch staark geluede Blëtzer, ee Push hei, ee Push do mam Resultat, datt een d’Saach banaliséiert, datt een in fine just de Géigendeel vun deem erreecht wat ee wollt. Et erënnert un d’Geschicht vum klenge Kand a vum Wollef. Reegelméisseg leeft dat Kand a säin Duerf eran a rifft ëm Hëllef, e Wollef wier hannert him hir. D’Awunner kommen aus den Haiser geschoss fir de béise Wollef ze verdreiwen a ginn da vum Kand ausgelaacht; et wier nëmmen e Witz gewiescht.

Enges Daags ass dann tatsächlech e Wollef hannert dem Kand hir, dat nees Kreesch deet, ëm Hëllef bläert. D’Leit awer soen sech: Mon oeil! Eis kriss du net nach eemol ugeschmiert, a si wibbelen net vun der Plaz. Esou änlech geet et mat de Wiederprevisiounen: hei eng Iwwerschwemmung, do en Tornado, a wann et aneschters kënnt ewéi ugekënnegt, rëselen d’Leit de Kapp a maachen de Spunnes. Esou ginn et der, déi behaapten, et sollt ee just vum Géigendeel vum Wiederpronostic ausgoen an da léich ee richteg.

Mä och wann d’Wiederprevisiounen nëmme sollten zur Hallschecht richteg leien, esou lauschteren ëmmer nach ganz vill Leit dem Wiederfräsch gespaant no ewéi dem Orakel vun Delphi. Wann et dann heescht: muer reent et, weess een, datt ee muer gutt Plaz fënnt op der Plëss d’Arem. Et ass jo Reen ugekënnegt, wat soll een also an der Stad? A wann et dann aneschters kënnt ewéi pronostikéiert, da klappt de Cafetier vu Begeeschterung an d’Hänn. Nees e verlueren Dag fir seng Terrasse!

D’Wiederprognose kënnen also duerchaus och geschäftsschiedegend sinn an et soll een domadder verstänneg ëmgoen! Net all Previsioun muss direkt eng Warnung sinn!

Gleeft een allerdéngs engem alen Indianer vu Béiwen-un-der-Atert, da gëtt deen nächste Wanter schankenhaart 😱 ! Temperature bis zu minus 25 Grad, d’Waasserréier an de Stroossen wäerten zoufréieren, Schnéi vun iwwer 1 m 50…..maache mir eng Wett?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *