Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Press a schwieregen Zäiten 

D’Press a schwieregen Zäiten
Image par Wolfgang Ehrecke de Pixabay

d’Press huet eng gehéiereg gewéitscht krut duerch d’Pandemie: d’Publicitéitsrecetten sinn an de Keller gaangen. Ma d’Press huet nach en anere Probleem: et gëtt net méi esou vill op se gelauschtert! Dobäi ass d’Terminologie vun der “Lügenpresse”, déi an Däitschland reegelméisseg benotzt gëtt, esou fatzbeideleg ewéi déi vun de “Klimaleugner”. Eng serieux Press ass net dofir do, fir systematesch ze léien. Punkt! Basta! Ma si ass – gewollt oder ongewollt- an de mainstream eragerutscht, si huet sech ze vill un offiziell Aussoen vu Politiker, Patronats-a Gewerkschaftsvertrieder gehalen an d’Vollek, also och hir Lieser komplett vernooléissegt. Déi hunn sech doduerger virun de Kapp gestouss gefillt, hunn frustréiert no Alternative gesicht a goufen an de soziale Medien fündeg.

Een, deen et a Frankräich op de Punkt bruecht huet, ass de Professer medicus Didier Raoult. E Klatzkapp wéi ën am Buch steet. De Virus, respektiv seng Meenung iwwer de Kampf géint de Virus huet hien a Frankräich bekannt gemaach, hie gouf zu enger Ikon.D’lescht Woch gouf hien dem L’EXPRESS en Interview, an d’Journalisten hu sech mussen unhalen.

image credits: WIKIPEDIA

“On vient vous disputer le monopole de la parole”, seet de Mann,” ce ‘droit de dire’ dont vous jouissiez-notamment, vous les médias, on vous le dispute, on vous le vole. Maintenant, on dit les choses nous mêmes”. D’Vollek benotzt déi sozial Medien als eng Zort Megafon. Natierlech ass de Professer sech bewosst, datt grad an deene villen Internet-Plattformen vill Schrott vehikuléiert gëtt an datt et dacks komplizéiert ass, serieux Meenungen vu fake news ze trennen. Mä….

“Je suis pour la liberté. Sur les réseaux sociaux, il y a le pire, mais aussi le meilleur. Tandis que dans la presse traditionnelle il n’y a pas le meilleur. C’est le mainstream, et ce n’est pas intéressant.” D’Meenung vun engem stodéierte Mënsch, net grad en Humpejang, deem ee Populismus kéint virwerfen!

Als Beispill gëtt hien unn: Terrorismus, Morden a Selbstmorden zesummen maachen 2 Prozent aus vun all de Stierffäll, ma si maachen 70 Prozent aus vun der Informatioun am Guardian an an der New York Times; op Google par contre just 30 Prozent? Fro: wien litt méi?

Image par Gerd Altmann de Pixabay

de mainstream war nees mat der Pandemie offensichtlech ginn. Dobäi war et am Ufank vun där Krankheet nach normal, datt d’Press weider keng kritesch Froen gestallt huet. Déi Kollaboratioun vun der Press mat den Autoritéiten hätt awer spéitstens no zwou Wochen mussen ëmschloen! Also am Ufank een esou präziis ewéi méiglecht Weiderrechen vun der Brutto-Informatioun; duerno hannerfroen a kommentéieren! Dat ass a villen Zeitungen net de Fall gewierscht. D’Tageblatt war do eng Ausnam, an d’Lëtzebuerger Wort probéiert elo och, d’Kéier ze huelen.

“…il n’y a plus d’accès à la vérité parce que les journalistes ne travaillent pas assez…”

An zanter dem déconfinement ass d’Situatioun ëmgeschloen. Brutto-Informatioun iwwer de Virus ass keng méi do an esou gouf d’Verdeelen vun de Gratis-Masken an d’systematescht Testen op de Corona zu engem Fiasko. Kloer, datt no 4 Méint den Interessi un der Erkrankung nogelooss huet, ma et ass zugläich de Revers vun enger eesäiteger Informatioun iwwer all déi Zäit. D’Vollek ass souverän a mécht sech seng eege Meenung! Vill Leit goungen hir Masken iwwerhaapt net sichen, bal keen léisst sech testen, deier Statiounen bleiwe quasi eidel! Ech hunn eng virun der Hausdir, weess also, vu wat datt ech schwätzen! 1300 Tester haut, dat ass wäit eweg vun 20.000! Iwwer 40 Milliounen Euro riskéieren an de Sand gesat gin ze sinn. Ma ween interesséiert dat nach?!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *