…well Dir probéiert mat alle Mëttel laanscht eng Diskussioun iwwer Covid-Moossnamen ze kommen. Verstinn ech net! Dir sidd jo net en cause, ma et ass déi viregt Regierung an d’Madamm Lenert. Dir sot an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort:”…Entscheidungen mussten meinem Gefühl nach aus der Situatioun heraus gefunden werden und ich finde es als Wissenschaftlerin extrem schwierig im Nachhinein auf wissenschaftlicher Basis zu bewerten on das eine oder andere sein musste oder nicht. Bingo! Genee dorëms geet et.
Et war schliisslech fir d’éischte Kéier, datt mir et mat enger Pandemie ze dinn haten. Grad déi éischt Woche gouf et an der Regierungspolitik vill Nervositéit – déi och nozevollzéie war, ma dach e geféierleche Mix. Kee Mënsch hat déi. néideg wëssenschaftlech Erkenntnisser an dee Vide gekoppelt un eng gewësse politesch a medial Hysterie féiert nawell gären zu falschen Decisiounen, zu Feeler.
An aus Feeler soll ee bekanntlech léieren. Et geet mir net drëm, Är Virgängerin d’Madamm Lenert un de Gaalgen ze féieren: si an déi ganz Regierung huet de Krisemanagement guer net esou schlecht gemeeschtert. Et geet drëm, driwwer ze diskutéieren – an Dir sot et selwer-, ob déi eng oder aner Decisioun tatsächlech huet musse sinn oder net.
Zum Beispill: war et ubruecht, Leit déi um Stierwe loungen, an de Klinicken hermetesch zouzespären? Keen duerft déi Leit besiche goen, wat extreem schlëmm war fir déi betraffe Persounen a wuel. net manner fir d’Famill. Op mënschlechem Plang war dat NULL! Mä villäicht huet et jo musse sinn….
Idem d’Ewech-Späre vun den ale Leit an den Alters- a Fleegeheemer. Nees eng Kéier eng Decisioun vun enger mënschlecher Nullitéit déi net ze iwwerbidden ass, ma villäicht hat si jo musse sinn. War d’Droe vu Masken och fir déi ganz kleng Kanner ubruecht oder net? Wéi schlëmm muss an Zukunft eng änlech Situatioun sinn, fir datt een iwwer eng Impfflicht iwwerhaapt kann nodenken? Wär si kompatibel mat eiser Verfassung?
War et korrekt, datt verschidde medezinesch Cabineten e grousst Schëld un der Dir hänken hate mam Message: wann Dir Unzeeche vu Covid hutt, da bleift dobaussen! Ass dat mat der Deontologie vun engem Dokter ze veräntwerten? Där Froe kéint ech elo nach eng ganz Wäschmaandel voll hannendrun hänken, Froen déi zu dësem Ablack an aller Rou – also ouni Hysterie- kéinten am Parlament an an der Gesellschaft diskutéiert ginn!
Ech si kee Wëssenschaftler, ma ech weess, datt et net bei enger eemoleger Pandemie wäert bleiwen. Dat widderhëlt sech elo a reegelméissegen Ofstänn. Da wär et dach méi ewéi ubruecht, eng feuille de route fir déi nächste Kéier fäerdeg am Tirang leien ze hunn, oder? D’Regierung huet viru Joer vun engem Krich geschwat géint e Virus. Da loosst eis e Militärplang fir déi nächst Pandemie opstellen. Alles aneschters wier onverantwortlech. Fir am Jargon ze bleiwen: d’Vollek géing als Kanounefudder mëssbraucht ginn
Dir sot selwer an deem Interview:…(man) konnte ja auch anhand der Infektionszahlen feststellen, welche Massnahmen griffen. Was die Schäden, wie Impfschäden, anbelangt. Sie werden erfasst. Dann eraus mat deene wëssenschaftlechen Daten, och a grad wat d’Konsequenzen vun der Vaccinatioun bei enger Partie Leit ugeet. An deem nämmlechte Lëtzebuerger Wort vun e leschte Samschdeg ass e Lieserbréif vun engem Lëtzebuerger Dokter aus der Schwäiz. E Mann deen alles aneschters ewéi iwwerzeegt war an ass vun der Covid-19-Vaccinatioun. Nach esou ee Schwurbler?
Eng Injektioun vum genetesche Bauplang fir eng, ënner anerem, neuro- an zytotoxesch Eewäissmoleküll, ouni ze wëssen wou, wéi laang an a wéi engem Ausmooss dës Protein vun de mënschlechen Zellen synthetiséiert gëtt…” Dee Mann mécht sech elo wou mat ech, Madamm Deprez, eng nei Ministesch un der Spëtzt steet vum Gesondheetsministère, grouss Hoffnungen, datt d’Covid-Vergaangenheet kann opgeschafft ginn. Enttäuscht hien net, well et sinn där Erwaardunge méi aus dem Vollek! Dat do ass eng wëssenschaftlech Fro an op d’Wëssenschaft berufft Dir Iech jo esou gär.
Datt duerch d’Impfung d’Zuel vun den Thrombosen an d’Luucht geet ass gewosst! Mä, ass d’Envergure dovunner déi richteg? Hunn d’Dokter – Generalist ewéi Spezialist- déi néideg Informatiounen och tatsächlech ëmmer weiderginn! Ech selwer kennen e puer där Fäll, wou Leit déi ni mat Thrombose geplot waren, hu mussen d’Urgence an d’Klinik goen, dorënner Persoune mat gläich bal 100 där Thrombose verdeelt duerch de Kierper. Keen Dokter ka sech dat erklären!
Ech kenne Leit déi zanter der Vaccinatioun massiv geplot si mat héijem Bluttdrock. Sinn ech wierklech en Eenzelfall fir esou Saache gewuer ze ginn? Wuel kaum. Dobäi war a sinn ech e fervente Verdeedeger vun der klassescher Medezin, mäi Fiduz a Sprëtzen a Medikamenter krut an de leschte Joer allerdéngs en déiwe Rëss. Et ass un Iech, Madamm Deprez, deen zouzeschmieren, an zwar nohalteg! Et geet och ëm d’Glafwierdegkeet vun der Politik….eng Wëssenschaft fir sech!
Absolut ubruechte an an als objektiv anzeschätzende Commentaire., Här Kaiser! Well done! Do kéint een nach vill Beispiler zitéieren….Mä och vun dëser Ministësch ass näischt z’erwaarden, wat iergend wéi der Linn vun der EU – Commissioun, déi am Sënn vun der WHO a “Big Pharma” agéiert, sollt widerspriechen, z’erwaarden – an dat geet monter weider esou , déi nächst Pandemie kënnt nach! Wann een awer nu mol eng “Pandemie” mat Verbreedung vun Aangscht a Panik brauch fir gewëssen Ziler z’ërreechen, an dat verbonnen mat där bekannter Strategie vum “divide et impera”, déi eis Gesellschaft evident gespléckt huet, dann ass all Form vun “Opaarbechtung” , déi absolut misst stattfannen, souwäit een tatsächlech wéilt begaange Feeler korrigéieren a Verbesserungen erzilen, total onerwëscht an duerfir Wonschdenken. Lug und Trug sinn Tromp, näischt gëtt offiziell kritiséiert, näischt vun der WHO asw. dierf negativ duergestallt ginn….An nach, by the way, op Youtube gëtt eis dichteg Madame Wiseler-Lima , déi chrëschtlech Werter soll parteipolitësch vertrieden (😉) namentlech zitéiert, well si eng deraarteg Unhéierung eebe grad zu deem Sujet op EU-Niveau verhënnert soll hunn….Noch Fragen, Kienzle? NEIN Hauser!
Sorry, Korrektur. ‘t goung ëm eng Ausstellung zum Sujet zu Stroossbuerg, déi d’Madame Wiseler-Lima soll verhënnert hunn, eng méi wéi bedauerelch Astellung zu demokratësche Wäerter, déi di Madamm net schengt ze vertrieden, oder?
Hei de Link: https://www.youtube.com/watch?v=b5B56J-MjQk