Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Am Gespréich mam Marc Thoma geet de Frank Schneider virum Staatsminister op d’Knéien 

Am Gespréich mam Marc Thoma geet de Frank Schneider virum Staatsminister op d’Knéien
marc Thoma

 

Déi groussherzoglech Press kann een an dësem Fall – wéi och a vill aneren- vergiessen! E Lëtzebuerger soll vu Frankräich un déi amerikanesch Justiz ausgeliwwert ginn! Dobäi mécht de Grand-Duché dat prinzipiell net, aus deem einfache Grond, well déi amerikanesch Justiz staark ze wënschen iwwereg léisst. Eis Autoritéiten an och eis Press këmmeren sech allerdéngs séier wéineg ëm déi Persoun. Villäicht well et sech ëm de Frank Schneider handelt, fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht.

marc Thoma

Bei der Press spillt wuel och mat, datt een 2013 wéinst der Aueregeschicht zu Neiwahlen bäigedroen hat an datt een dat net nach eemol wéilt agoen. Fir de Frank Schneider ass de juristesche Wee fir eng Ausliwwerung allemol zanter 10 Deeg ofgeschloss. D’Cour de cassation a Frankräich gouf leider gréng Luucht fir eng eventuell Ausliwwerung. Et kann elo nach just de Premier Xavier Bettel intervenéieren, an zwar beim franséische President Emmanuel Macron.

Dee Xavier Bettel géing awer fir de Schneider kee Fanger kromm maachen! Dat behaapt op d’mannst den André Kemmer a sengem laange Statement an de soziale Medien. Kemmer? Och e fréiere SREL-Mataarbechter, dee wéinst der Aueregeschicht geschwënn 10 Joer vum Déngscht suspendéiert ass.

Egal, wat de Frank Schneider eventuell an den USA gestiicht huet, hei geet et ëm de Prinzip an deen ass: Lëtzebuerg liwwert seng Leit net un Amerika aus. Firwat hei eng Ausnam maachen? Ëmsou méi wou dem Mann trotzallem de Prozess kéint gemaach ginn, mä dann op europäeschem Buedem.

Marc Thoma

Den Ament sëtzt hien a sengem Haus am franséische Grenzgebitt wéi op Kuelen. All Ablack kann hien vun der Gendarmerie ofgeholl ginn. Et fänkt un, enk ze ginn. Juristesch ass een den Ament um Enn, bleift nach d’Politik, bleift de Staatsminister als Retter in der Not. De fréiere Geheimdéngschtler geet virum Regierungschef op d’Knéien a weist drop hin, datt hien Joer laang am Interessi vum Grand-Duché geschafft huet; dobäi geet et och ëm e geplangtent Attentat op eisem Territoire, dat duerch d’Arbecht vum lëtzebuerger Geheimdéngscht hätt konne verhënnert ginn!

Et wär also elo de Moment, him souzesoen eppes zeréckzeginn. Wann een den Interview aus dëser Perspektive lauschtert, héiert sech d’Gespréich mam Marc Thoma duerchaus dramatesch un……

 

Hei de link fir op deen Interview ze kommen. Aus technesche Grënn huet den Interview mussen an zwee Deeler geschnidde ginn. Et geet hei ëm am Ufank ëm de Verdikt vun der franséischer Cassatioun:

 

hei den zweeten Deel, et geet ëm de Geheimdéngscht

 

 

A fir komplett ze sinn, hei ënnendrënner den arrêt vun der franséischer Cour de cassation:

Arret-Cour-de-cassation

Déi ganz Affär schléit lues ma sécher dem Frank Schneider op d’Gemitt. Och seng Fra a säi Fils leiden natierlech drënner. Et wier fir hien einfach nëmme schéin, an den nächsten Deeg eppes vum Lëtzebuerger Staatsminister ze héieren.

Marc Thoma

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Weiderhin extrem schwaachen optrett vun der Letzebuerger regierung an och der press…mol ofgesin vun den haeren Thoma a Kayser.
    Et ass natierlech mei einfach sech op all strosseneck ze stellen an mam ukrainesche faendel ze wenken anstatt e Letzebuerger bierger geint d ausliwerung un dei amerikanesch”frenn” ze beschuetzen.

  2. Frank Bertemes

    ‘t ass dach een Trauerspil, wat sech hei ofspillt. Lëtzebuerg ass ee Rechtsstaat, dat als Land d’Intérêten an de Respekt vun de Rechter vu senge Matbierger ze garantéieren huet – och wann déi am Ausland wunnen. Niewebäi bemierkt, verléiert all Lëtzebuerger, deen (an do ass den Här Schneider sécherlech net alleng) am Ausland wunnt, seng Rechter , déi him opgrond vu senger Nationalitéit hei am Land garantéiert sinn an dat och an deem Kontext, ëm deen et hei geet? Et gëllt dach och d’Onscholdsvermuddung fir den Här Schneider a säi Recht op ee Prozess hei am Land, oder net? Mä wéi reagéiert eis Politik? Schweigen im Walde…Well et si arrangéiert??
    Egal wéi:d’Causa Schneider ass sécherlech eng Fro, déi och inhaltlech juristësch vun eiser politëscher Klass mol onmissverständlech ze kläre wär – an dat besonnësch dann, wann et ¨
    em aus Ausliwwerung vun engem vun eise Matbierger un ee rechtlech gesinn äusserst bedenkleche Staat wéi eeben d’USA geet. Dat Land, dat als Weltmacht déi ganz Welt wëll kontrolléieren an och nach “moraliséieren” – wat jo scho bal eng Frechheet ass!- huet bekanntlech ee Rechtssystème, deen immens bedenklech ass – cf. Doudesstrof, offene Rassismus, privat Prisonen asw . Ech hunn zu deem Sujet all Roman vum John Grisham gelies, dee sech inhaltlech a senge spannende Storyën extrem kritësch mat eeben deem total ongerechte, jo fundamental onmënschleche Justizsystème ausernanersetzt an d’USA si jo scho laang op der “Bedenklechkeetslëscht” vun Amnesty International – an dat sécherlech méi wéi berechtegt! Mä eis politësch Responsabel katzbuckele rëm virun deenen USA, déi hei kee Mënsch duerf kritiséieren, well si wuel sakrosankt, unantastbar sinn – een Hohn ! Ass et am Fall vum Här Schneider dann net opfälleg verdächteg, wat hei geschitt? Sou ee Mann ass ob senger fréierer Fonctioun wuel esou geféierlech, datt ee senger muss “une fois pour toutes” lass ginn – 40 Joer amerikanësche (Privat-)- Prison sinn do wuel ee Garant duerfir, ee Mënsch a säin direkt Ëmfeld definitiv ze briechen – dat kann dach wuel net sinn! A wann dee Mann eppes soll verbrach hunn, an illegal Aktivitéite verstréckt gewiescht sinn (wat mir Anerer jo net kënne wëssen, bien entendu!) dann ass et dach wuel säi fundamentalt Recht, virun ee Lëtzebuerger Geriicht zitéiert, an och do jugéiert ze ginn! Jo, den Här Bëttel ass hei evidenterweis gefuerdert….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *