Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Ëmwelt

Den Trottinettemënsch 

Den Trottinettemënsch
Photo de Bagus Pangestu provenant de Pexels

Den Trottinettemënsch ass déi grouss ekologesch Erfindung. Bis dohinner war et e Spillgezei fir déi Kleng. Ma si war schonn dunn ëmstridden, besonnesch bei de Schankendokter: et strampelt een sech- wuelverstanen, als Kand- an der Haaptsaach ëmmer mat deem nämmlechte Been of, an dat ass net gutt fir d’Wuessen vum Skelett.  D’Trottinette war op eemol verruff, et huet een si bal net méi gesinn. Viru Joer war hir Renaissance. Aber bitte mit Sahne! Wëll heeschen, mat enger Batterie.

Dat fluppt elo quasi vum selwen.

Photo de Nikolo Zi provenant de Pexels

Fir d’Welt ze retten, gëtt op eng Batterie gesat: u sech  eng Drecksschleider. Sou soll also de Planéit nees an d’Riicht gesat gin! Viru menger Hausdier fueren der tatsächlech all Dag zwou laanscht. Hutt of, Dir Hären. Ma et geet ëm méi. Et geet drëm de Verkéier a gréisseren Uertschaften ze berouegen: breet Trottoiren, Bus-Spueren (wou de Bus dacks méi breet ass wéi d’Spuer!), Vëlospisten, bedeitend manner Parkplazen a schliisslech d’Zon 30Km/h.

D’Philosophin Bérénice Levet geet esou wäit, ze behaapten que l’objet voiture est en contradiction avec la transition énergétique, mais il est aussi lié à des valeurs masculines et virilistes. Dobäi koum zejoert eng wëssenschaftlech Etude eraus, mat der Konklusioun, datt den Auto grad an den ënneschten Touren vill Knascht mécht, op kee Fall manner CO2 ausstéisst wéi bei Tempo 50 oder 60.

La courbe caractéristique “en U” des émissions en fonction de la vitesse montre par ailleurs qu’en 2020, le maximum des émissions, égal jusqu’au double de la valeur minimale, se situe à 130 km/h, et que les émissions à de faibles vitesses (10 à 20 km/h) équivalent peu ou prou à celles produites à grande vitesse (100 à 110 km/h).

Ween hätt dat geduecht?! A virun allem: wien vun deene Gréngen huet dat thematiséiert? D’Etude war a Frankräich ëmstridden a gouf och relativéiert. Si géing net duergoen, fir den Autoritéiten eng Recommandatioun mat op de Wee ze ginn. En revanche, elles  (les conclusions) ne permettent pas d’évaluer correctement des politiques publiques de mobilité telles que les mesures de réduction des vitesses en milieu urbain (zone 30 par exemple).

Fakt ass, datt d’Ekologisten ë.a. op Trottinette a Batterie setzen. Also op e Spillgezei. Mir wënschen schéin Pubertéitszäit! D’Bérénice Levet formuléiert dat esou: ne jamais vieillir, se promettaient les révolutionnaires de Mai 68- une hantise analogue agite les écologistes. An de Vëlo bei deem Ganzen?

Wikipedia

Fir verschidden Ëmweltapostel ass de Vëlo e Symbol vum Macho. Frot mech net firwat! Op alle Fall huet aus där Ursaach de Buergermeeschter vu Lyon, Grégory Doucet d’Decisioun geholl, datt den Tour de France 2021 net duerch déi Stad sollt fueren. On n’arrête pas le progrès! Ganz schlëmm steet et ëm d’Motorrad. Dat huet definitiv ze vill mat Virilitéit ze dinn. Den Johnny Hallyday kruut et nach nodréiglech a sengem Graf ze spieren.

Am 12. Arrondissement zu Paräis gouf nämlech eng Statu opgeriicht zu Éieren vum verstuerwenen Artist. Eng Harley Davidson, de Grëff verschmolz zu enger Gittar an zum Himmel orientéiert. De Buergermeeschter sot direkt: “Au moment où nous voulons créer une ville durable apaisée, le projet met surtout en scène une Harley Davidson qui symbolise tout autre chose!” Sou vill zu der grénger Kulturfräiheet. Ofgesinn vum Kitsch vun deem Projet kritt den Artist gläich de Message mat op de Wee: entweder et geet an déi ekologesch Richtung, oder et geet guer näischt!

De Projet gouf schliisslech dach nach realiséiert…just datt d’Motorrad kee Motor huet. Deen nächsten Johnny Hallyday fiert Trottinette!

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Et gett esouvill iwwert d’Secherheet am Verkéier geried an geschwaat. Mä déi beschten passivsten Secherheet huet nach ëmmer en Auto mat enger einegermoossen grousser Knautschzone, schwätz Karrosserie rondrem. Bei allem aneren, ugefangen bei engem Skateboard, iwwert eng Trottinette, en Segway, e Velo, en Onewheel (ganz schlëmm) ass d’Eegenstabilitéit während dem Fueren ganz kleng. Kuckt wou de Schwéierpunkt vun deenen Gefierer leit, da wees een genuch. Ass beim Homo Erecticus deen oprecht geet nach en agebauten Kompensationssystem zur Eegenstabiltéit, also d’Gleichgewicht mat agebaut, muss dat déi Instabilitéiten vun genannten Gefierer kompenseieren an huet zimlech vill Aarbecht den Link zwëschen Mensch an Material hierzestellen. Am Fall vun falen geet et direkt un dat Liewecht an d’Blessuren sin dementsprechent schwéierwiegend. Ech hun absichtlech d’Motorrad hei nett ernimmt, eischtens, well do den Schwéierpunkt zimlech déif ass, de Fuerer quasi mat sengem Motorrad eng Unitéit bilden, schon bal eng Ritterrüstung als Schutz unhuet, an besonnesch bei d’Harley Davidson Biker eng gewessen Gelassenheit und den Dag léet an och deementpriechent cruisen an net hektesch sech duerch den Verkéier drecken an schlängelen. Mä déi Zäiten wou een hei am Summer am T-shirt an Ray-Ban konnt fueren sin och eriwwer. Do muss een sech schon baal op déi al Route 66 beméihen fir dat original, authentic an genuine Easy-Rider Gefill ze spieren an och mat Secherheet kann genéissen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *