Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

De Verglach mam Juddestär 

De Verglach mam Juddestär
Image par wal_172619 de Pixabay

Nach si mir am Krich. Mir Mënschen wieren dobäi déi Gutt, d’Roll vum Béisen hätt de Virus ze spillen. Dat ass allemol d’Opfaassung vun deenen allermeeschte Bierger. Et gëtt der allerdéngs och, déi hannert dësem Krich eng Inzenéierung wëlle gesinn, grad ewéi hannert der Mamm vun alle Schluechten um Enn vum leschte Joerdausend am Irak. Si schwätzen vu Komplott a ginn an d’Resistenz.

Datt een wéi an all Krich net alles fir boer Mënz soll huelen, ass grad esou gebongt ewéi datt een all Informatioun a Kommunikatioun soll, muss hannerfroen. Wuelverstanen: alles! Also och d’Elukubratiounen vun de Komplotisten! Wann de Fransous Philippe de Villiers a sengem Buch Le Jour d’après schreiwt:la pandémie du Covid-19 aurait été planifiée par des élites globalisées, dann däerf ee sech roueg d’Guckelcher reiwen. Vun der Kris géing also profitéiert ginn, fir eng Zort Nei Mënschheet ze schaafen. Vive dat planetaart Keeserräich vun der kënschtlecher Intelligenz! The great reset.

D’Elite, dat wären Big Pharma a Big Tech à la Bill Gates, plus deen een oder anere Geheimdéngscht, plus Déckkäpp aus dem Weltwirtschaftsforum. D’Konscht vun de Komplotisten besteet doranner, e bësselche Wouerecht geschéckt mat vill fake-news ze vermëschen. De Verglach mat der Resistenz ass duerchaus gehéiereg opgedroen: wäit a breet ass kee Sophie Scholl aus dem 21. Joerhonnert opzefannen, dat wéinst der Pandemie gefoltert an erschoss gi wier. Nach manner Versteesdemech hunn ech fir de Verglach mam Juddestär.

De groussen Ënnerscheed tëscht 33-45 an haut ass jo schliisslech deen, datt d’Judden sech “hire” Stär net fräiwëlleg op Mantel, Paltong a Rack opgebitzt haten. Si goufen dozou gezwongen, wien sech net drunner gehalen huet, duerft mat heftege Strofe rechnen. De Judd gouf also vun den NAZI an d’Roll vum Affer eragedréckt: ganz am Ufank duerft hien net an Arier-Geschäfter akafe goen, zimmlech séier awer gouf hien verfollegt, gepéngegt, vergaast.

Déi, déi haut am Kontext vun der Pandemie vun enger Zwee-Klasse-Gesellschaft schwätzen, wénken virun allem mam rouden Duch virun der bloer Mask, virun dem large scale testing, virun der Impfcampagne; dacks gëtt dobäi de Verglach gemaach mam Juddestär, deen si allerdéngs sech selwer oppechen. Riesenënnerscheed! Wärend de Judd deemools iwwerhaapt keng Rechter hat – och keen Existenzrecht-, gëtt sech haut d’Recht geholl, sech selwer als Affer ze betitelen.

De Judd wier glécklech gewiescht, laanscht “säi” Stärchen ze kommen, 90 Joer duerno gëtt sech eng Freed draus gemaach, sech als Affer ze auto-proklaméieren. De Judd huet alles gemaach, fir Kapp a Broscht anzezéien, haut par contre gëtt Kreesch gedoen: kuckt mech! Ech sinn en Affer! Den Ego schéngt dobäi méi wichteg ze sinn, wéi de Message.

Et ass en elementaart Mënscherecht, eng Impfung a Fro ze stellen, sech dogéint ze entscheeden. A wann een sech dat Recht hëlt, muss een domadder liewen, domadder ëmgoe kënnen. Et ass e Recht, zu dat kee forcéiert gouf.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *