Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Den CSV-(Nach)President hëlleft der Press am Summerlach! 

Den CSV-(Nach)President hëlleft der Press am Summerlach!

do hat de Parteipresident Frank Engel mam Läffel an de Bräi geschloen! De Mann ass derfir bekannt – berüchtecht?-, ze polemiséieren, huet an dësem Fall allerdéngs iwwerdriwwen an der Partei geschuet. Hie wollt méi rout sinn ewéi Rout, bei deene Schwaarzen kann dat just schief ausgoen. Et stellt sech d’Fro, ob seng politesch Deeg net geziélt sinn?

De Frank Engel hat am Online-Magazin Reporter  frisch, fromm, fröhlich ënnert anerem eng Erhéijung vun der Verméigenssteier proposéiert an d’Ierfschaftssteier an direkter Linn sollt och nees agefouert ginn. Ofgeschwat hat hien dat net! Dobäi steet am leschte Wahlprogramm vu “senger” Partei just de Géigendeel. Kloer, et ass net verbueden mol kuerz aus der Rei ze danzen, ma hei ass sech de streideregen Engel e Veilchen siche gaangen. Gëschter um Samschdeg gouf zeréck geruddert: Vorwärts! Wir fliehen! D’CSV gouf e Communiqué eraus.

“Mir soen Neen,wat d’Aféieren vun enger Verméigenssteier fir Privatpersounen betrëfft. Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn ass fir d’CSV keen Thema”! Aha! Do kraazt een sech mol de Kapp an et liest een de Communiqué eng zweete Kéier. De Frank Engel steet scho méi laang mat der CSV-Fraktiounum Krichsfouss. Dat ass gewosst. Ëmsou méi pikant ass, datt de Communiqué am Numm vun der Partei eraus geschéckt gouf, also d’Ënnerschrëft mat dréit vum President vun där Partei! Fir den Engel bedeit dat “Hott” an “Har” zugläich! Fir sech et op der Zong zergoen ze loossen..:

Für die CSV gilt weiterhin das vom CSV-Nationalkongress beschlossene Wahlprogramm von 2018, das in Sachen Steuern unmissverständlich Position bezieht:

“Wir (die CSV) sagen Nein zur Einführung der Vermögenssteuer für Privatpersonen.

Eine Erbschaftssteuer in direkter Linie ist für die CSV kein Thema.”

“…en desaveu also fir den Engel op der ganzer Linn an et stellen sech parteipolitesch Froen…”

Et kann jo net sinn, datt de President eng aner Meenung huet ewéi seng Partei. Sollt dat de Fall sinn, dauert et net laang, an d’CSV huet sech selwer opgefriess. D’Onzefriddenheet ënnert de Parteimemberen an och bei der CSV-Wielerschaft war déi lescht Wochen extreem grouss, eng Partie Memberen haten ugekënnegt, hir Parteikäertchen zeréck ze ginn. De Schued, deen de Frank Engel mat senger “sortie” ugeriicht huet, war also duerchaus scho grouss. Ze fäerten ass, datt deen Zerreiwungsprozess nach net eriwwer ass!

Ass dee Mann un der Spëtzt vun der CSV nach ze halen? Hei kaum schliisslech den désaveu vun enger breeder Majoritéit, quasi Unanimitéit- ! Déi politesch Géigner wäerten dat ausschluechten. Am Tageblatt gouf schonn deen nämmlechten Dag gemengt: “…Darüber hinaus könnte ein schärferes Sozialprofil die CSV vor einem Abgleiten in die Bedeutungslosigkeit bewahren. Die von Fraktionschefin Martine Hansen propagierte Beliebigkeit einer Volkspartei, die es allen Bürgern in sämtlichen Lebensbereichen gleichermassen recht machen will, kann auf Dauer nicht funktionieren”. An anere Wieder: do gëtt probéiert, e Käil tëscht deenen zwou Fronten anzeschloen. Et brauch een keng SREL-Affär méi, fir d’CSV kleng ze halen! Dat kann net laang gutt goen.

Sollt den Här Engel net vun sech aus demissionéieren, bleiwt d’Fro: wéi geet et weider an der CSV? Kann dee Mann iwwert säi Schied sprangen, sech bei de Kolleeg(inn)en fir säi politesche Säitesprong entschëllegen an d’Friddenspäif ubidden? D’Zeeche stinn net gutt fir hien, elo schonn ass hie fatzeg ugeschloen a wéi dat bei engem Säitesprong esou ass: hie kritt dee bei all gudder Geleegenheet ënnert d’Nues geriwwen! Vill klappt deen Engel net méi an d’Flilleken…

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Bei den alen Réimer huet et geheescht “Divide et impera”.
    An desem Fall mescht d’CSV den “divide” an Eigenregie an Gambia brauch juste nach ze “impera”…
    Am Fussball géif een dat en Selbstgol nennen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *