Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Zensur am Numm vun der Moral? Kënschtler dréien sech am Graf ëm! 

Zensur am Numm vun der Moral? Kënschtler dréien sech am Graf ëm!
Photo de Zachary DeBottis: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-debout-en-chantant-2067677/

Viru Wochen haten sech eng Partie Konschtbanausen virgeholl, e lëtzebuerger Kënschtler ëffentlech hinzeriichten. De Virworf: hien hätt plagiéiert, also bei engem anere Kënschtler geklaut, ofgeluusst. An der digitaler Welt -déi net besser ass ewéi d’Original- gouf vill mat der Dreckschleider geschafft, ëmmer mam Fanger op d’Moral higewisen. Mam Hiwäis op d’Moral léisst et sech besser een ophänken. Ausgerechent Frankräich huet elo en neit Affer, e Schrëftsteller!

Et handelt sech ëm den Joseph Conrad. En onwarscheinleche Jongleur vum englesche Vokabulär, ëmsou méi wou de Mann an der Ukrain op d’Welt koum a bis 20 Joer bal keen Englesch konnt schwätzen. Seng Bicher kann ee just liesen a verstoen, wann een den Diktionär niewendrun leien huet. A grad hien kritt elo d’Wierder am Mond verdréit, gëtt zensuréiert.

Et geet ëm dat berüchtegt N-Wuert, also ëm den Term Neger. Jidder sensibele Lieser wäert mat mir averstane sinn, datt dat Wuert historesch esou schwéier belaascht ass, datt een d’Wuert net kann an der Ëffentlechkeet benotzen. Wann also zwee Schwaarzer eng gestiicht hunn, kann een net um Radio soen: gesicht gëtt no zwee Neger! Dat geet guer net! Do hätte mir Wäisser ons viru Joerhonnerten mussen bedeitend besser behuelen, fir mam Term Neger onschëlleg just e Faarftoun ze designéieren. Awer an der Konscht? An der Schrëftstellerei?

1904: Polish-born British author Joseph Conrad (1857 – 1929). (Photo by George C. Beresford/Beresford/Hulton Archive/Getty Images)

Den Joseph Conrad – an der Zäit stoung säi Buch heart of darkness um Programm vun der Première- huet e Buch geschriwwen, mam Titel: The Nigger of Narcissus, op Franséisch iwwersat: Le Nègre du Narcisse. Deen Titel passt haut guer net méi an eng Gesellschaft déi mam tipp ex wëll iwwer d’Vergaangenheet sträichen fir si verschwannen ze doen, am Beschten mat Eau-de-Javel driwwer fueren, fir datt och dee leschte Bazill aus enger Pescht- a Cholera-Zäit freckt ass; eis Gesellschaft ass déi vum MEISTER PROPPER: mir verdroen keng däischter Flecken.

An also gouf dem Conrad säi Buch an enger Rééditioun bei Autrement ëmgeschriwwen. Den Titel vum Buch ass elo Les enfants de la mer an am ganze Wierk gouf den Term Neger duerch Noir ersat. Dobäi kann dem Joseph Conrad net dee geréngste Virworf vu Rassismus gemaach ginn. Et stellt sech d’Fro:

“…mat wat fir engem Recht gëtt de Vokabulär vun engem Schrëftsteller ëmgeännert?…”

dem Agatha Christie hiert Buch Dix petits nègres nennt sech elo Ils étaient dix! Wéi laang iwwerlieft nach dem Voltaire säin Nègre du Surinam?  Et ass een Zeechen vun Dommheet ze mengen mam Hiwäis op d’Moral kéint een d’Feeler aus der Vergaangenheet ewechbotzen wéi mat Swirl. Et ass en Zeechen vun totalitärem Denken, well et vun der Moral déi verschiddenst Konzeptioune ginn. Schliisslech hu mir am Westen no an no de Pafen d’Recht oferkannt am Numm vun enger Fantasterei d’Moral fir sech ze pachten!

Et ass eng Zort Zensur vum Kënschtler dee sech net méi wiere kann, vu sengem Wierk an iwwerhaapt vun eiser Kultur. Zensur ass a villen europäesche Länner vun der Verfassung verbueden! D’Argument, datt et fir e gudden Zweck ass, kann net gëlle gelooss ginn. Nimools! Och déi Brong an Däitschland haten virun 80 Joer Bicher verbrenne gelooss fir, aus hirer Siicht- e gudden Zweck.

Académie française

1985 koum de Roman eraus vum Dany Laferrière mam Titel: comment faire l’amour avec un nègre sans se fatiguer. Provokanten Titel deen sech an eiser heideger Zäit schwéier virzestellen ass. 2 Joer drop gouf de Roman verfilmt. De Schrëftsteller ass e Mann vun Haiti, an am Buch geet et ebe grad ëm de sozialen Ëmgang ënnert de verschiddene “Rassen” an Nordamerika. Solle mir och déi Wierker an d’Flamen werfen, och dee Kënschtler guillotinéieren?

Wann een dee Gedanken konsequent duerchzitt, bleiwen eis um Enn just Bonus-Punkten iwwereg. Eventuell schwaarz Flecken aus eiser Vergaangenheet si verschwonnen, wéi vu Seefepolver –zwingt grau ‘raus, weiss rein- wäiss gewäsch. Hypokrisie pur!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Loosse mir mol nach een hei am Land héich veréierte Rassist- de Sieur George S- Patton Jr.- zitéieren, dat a franséischer Iwwersetzung aus dem “Guardian”: “Patton était un suprémaciste blanc de longue date qui flirtait avec le fascisme. Il est resté convaincu pendant la guerre qu’« un soldat de couleur ne peut pas penser assez vite pour se battre en armure », et croyait que les Juifs étaient « plus bas que les animaux »”
    Tja, an wann ee sou eppes verbreet, ass ee rëm ee béisen Amerika-Feind, oder?
    No comment!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *