Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Finanzen

De Staat am Floribus! Ass do eng Solidaritéitssteier nach ubruecht? 

De Staat am Floribus! Ass do eng Solidaritéitssteier nach ubruecht?
Image parrawpixel de Pixabay

An Däitschland laafen d’Diskussiounen ronderëm de SOLI. Déi aner Säit vun der Mousel war se an der Zäit agefouert ginn, fir Ost-Däitschland ze hëllefen. Duerno gouf si agesaat, fir deene villen Aarbechtslosen finanziell ënner d’Aerem ze gräifen. Déi grouss Koalitioun -CDU/CSU an SPD- huet sech drop gëeenegt, datt an zwee Joer e gudden Deel vun där Steier soll ewechfalen, an zwar an deem Sënn, datt 90 Prozent vun de Steierzueler net méi brauchen dofir opzekommen. De Finanzminister Olaf Scholz wëll an den nächste Méint deementspriechend e Gesetzprojet areechen. Ma fir déi Liberal – an der Oppositioun- geet dat ze lues. D’F.D.P. huet de fréiere President vum Verfassungsgeriicht, den Hans-Jürgen Papier ëm säin Avis gefrot.

Image parMabel Amber, still incognito… de Pixabay

D ee Mann ass formell: d’Solidaritéitssteier misst scho fir dat anert Joer ofgeschafe sinn, si wier u sech net méi ze justifiéieren. Well et handelt sech hei ëm eng Zort Steier, déi fir Ausnahmesituatiounen virgesinn ass, also am Prinzip just eng provisoresch Antikriisemoossnahm. Fir de Fall, wou de Staat méi laang op zousätzlech Recetten ugewisen ass, missten déi regulär Steieren ganz einfach ugepast ginn. Dësen Avis gëtt natiirlech de Liberalen méi ewéi Satisfactioun, ma ofgesinn vum politeschen Techtelmechtel ass d’Iwwerleeung vum fréiere Riichter net falsch. Déi Solidaritéitssteier wier esouguer net conforme zum däitsche Grundgesetz! A wéi ass et matt där Solidaritéitssteier zu Lëtzebuerg?

 

S i war an de 70-ger Joer agefouert ginn, mat der fatzeger Kriis an der Stohlindustrie, där hir Produktioun ëm 37 Prozent zeréckgong. Vun deenen iwwer 28.000 Stoolaarbechter waren der mat engem Siess 10.000 ze vill. De Staatsminister Gaston Thorn huet de Modell vun der Tripartite an d’Liewe geruff, matt enger Aberzuel Antikriisemoossnahmen, dorënner d’Solidaritéitssteier. Si huet deemools also Sënn gemaach, och wann si mat 10 Prozent extreem héich war a ville Bierger wéi am Portemonni gedoen huet. Deen Taux gouf a Sträpp erofgesaat, d’Steier gouf fir e puer Joer ofgeschafen an duerno nees vun der schwaarz-rouder Regierung a Kraaft gesat. Bis haut bezuele mir alleguerten 2,5 Prozent Solidaritéitssteier.

Image parMaria Zangone de Pixabay

N ormal ass dat allerdéngs net: de Staat scheffelt Joer fir Joer massiv Suen eran, esou massiv, datt d’Regierung Cadeauën drop an derwidder ka maachen; doniewt goung d’Zuel vun den Aarbechtslosen am Laaf vun de Joer zimmlech däitlech zeréck. De Staat misst eigentlech genuch Suen hunn, fir mat sech selwer eens ze ginn. D’Solidaritéitssteier ass op alle Fall keen Anti-Krisen-Instrument méi: si ass just do, fir datt de Staat kann am Halligalli-Style weiderfueren. Oder krass formuléiert:

“Mat der Solidaritéitssteier  ginn gratis Tram a gratis Crèchen bezuelt!”

De Gaston Thorn, bekannt fir seng knackeg Formulatiounen, sot 1977:”une réponse exceptionnelle à une situation exceptionnelle”. 40 Joer sinn et hir, ce n’est que le provisoire qui dure!. Et wier un der Zäit, datt e bloe Staatsminister déi Steier endlech ofschaaft…nach ier d’Verfassungsgeriicht mat der Fro saiséiert gëtt!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *