E Vaccin fir d’Demokratie!

0
788

 

Seelen sinn se net, déi Leit, déi virun engem Joer der Meenung waren an haut nach sinn, datt d’Welt net méi am nämmlechte Rhythmus kéint dréien, datt et nieft der Ekonomie nach e puer aner Realitéiten misst ginn. Zum Beispill d’Ekologie. Also direkt no der Pandemie an en anere Gank schalten, fir de Klimawiessel nach esou vill wéi méiglech gebremst ze kréien. Messiassen ginn et jo genuch!

Dës Leit krute grad an der Lescht eng aner Realitéit ënner d’Nues geriwwen. Aus engem black Friday gouf gläich eng ganz black Week. D’Chrëschtdagsgeschäft leeft ewéi Zitz: jiddereen brauch nach eppes, wat hien net huet an…och net brauch. D’Wirtschaft boomt ronderëm d’Welt an zitt d’Inflatioun ewéi en Tirebouchon mat senger Spiral no uewen.

Wuel sinn 15.000 Persounen zu Lëtzebuerg an der Aarbechtslosegkeet, ma zugläich stinn iwwer 10.000 Plazen op. Domdder hat kee gerechent, och ech net.

Nach just 1 Kilo Kleeder pro Persoun a pro Joer? Ech laache mech kapott. Nach maximal eng Fligerrees am Joer? Et ass net verbueden un de Kleeschen ze gleewen! Keng SUV-Autoe méi? Si wäerten um nächste Festival iwwer d’Théik goen ewéi en Humpen an eng Drëpp, virausgesat déi véiert oder fënneft Covid-Well mécht kee Stréch duerch d’Rechnung! Ma schonn viru Chrëschtdag goufen et Festival-Konditiounen, och fir den Diesel.

Besonnesch spannend gëtt et, déi nächst Joer den däitsche Gréngen Robert Hadeck ze observéieren. Hien ass Wirtschafts- an zugläich Ëmweltminister. Hie muss also kucken, esou vill ewéi méiglech Industrie an Däitschland ze lackelen an déi Industrie esou mann ëmweltschiedlech opzestellen wéi et nëmme geet. Ech soen net, datt dat net méiglech ass, ma ginn dovunner aus, datt deem Politiker méi wéi eng Kéier wäert de Kapp platzen!

D’Cop 26? Och just en zäitlechen Intervall vu 5 Joer! Dobäi leien eng Partie Äntwerten op d’Erausfuerderung fir de CO2 ze drosselen schonn zanter Joer prett! Um Enn vun dësem Joer kënnt een zur Konklusioun, datt sech eis Gesellschaft duerch déi verschidde Krisen – Wirtschaftskris, Pandemie, Klimakris- radikaliséiert huet. Dat spigelt sech erëm am Wokismus, dat weist sech an Aussoen vun engem Greta Thunberg: ech hätt gären, datt Dir panikéiert!

“…d’Talibanisatioun vun eiser Demokratie…!”

Den Alain Madelin – dräimol Minister a Frankräich- schreift am L’EXPRESS Enn November: C’est là que s’invite une autre victime de taille, la planète elle-même, opprimée par la même civilisation. Le mouvement de libération de cette oppression, c’est l’écologisme radical, l’écologie dite de profonde, qui est à l’écologie ce qu’est l’islamisme à l’Islam.

Domadder mengt hien de Gedanken deen dacks ënner de Jugendleche verbreet ass, datt d’Mënschheet un hirem Enn ukomm ass, datt de Planéit ze kleng ass fir esou vill Mënschen, datt een dem technesche Fortschrëtt fir d’Probleemer ze léisen, de Réck dréit, datt also als Konklusioun vun deem Gedanken just iwwereg bleift: de Krich ze erklären, d’Fräiheeten provisoresch auszehillegen.

En änleche Gedanken fënnt een och bei verschiddenen Impfgéigner. D’Kréinung vun all deem ass dann am numeresche Beräich, wou een deen aneren verfollegt, am Sënn vu persecutéiert, wou den Däiwel un d’Mauer gekrozelt gëtt, wou däischter Zäiten eropbeschwuer ginn.

Eis Demokratie ass net immun! Dat gesäit een bei verschiddenen – net bei all- Rassemblementer op der Strooss, dat wierkt sech op déi politesch Zerspläiterung aus, wou ëmmer méi Parteien néideg sinn, fir op eng politesch Majoritéit ze kommen. D’Emotiounen waren scho laang net méi därmoossen hefteg wéi an dësen Zäiten, parallel ass d’Intoleranz gewuess.

Gëtt et dëse Weekend tatsächlech e Fest vum Fridden? Mécht et Sënn, de Monni ze invitéieren, deen engagéierten Impfgéigner ass an dee keng zwou Drëppe brauch, fir an enger Diskussioun aus der Haut ze fueren?! Fréier war méi Lametta!

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here