Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Affaire SREL: de laange Wee vun engem politesche Putsch! 

Affaire SREL: de laange Wee vun engem politesche Putsch!
Image parThomas Wolter de Pixabay

Am Joer 2009 war déi politesch Welt nach an der Rei, ma d’Cartouchen lounge prett fir méi spéit- et hat just nach kee se gesinn. Et gouf de Geheimdéngscht an déi fir hien zoustänneg parlamentaresch Kontrollkommissioun, déi e.a. den 3. Dezember zesummekoum. De Staatsminister Jean-Claude Juncker gouf d’Demissioun bekannt vum Marco Mille als SREL-Chef an huet vis-à-vis vun deenen neie Kommissiounsmemberen (no de Parlamentswahlen!) nach eemol vun deem Gespréich erzielt, dat hien mam Mille gefouert haat, an dat de SREL-Chef duerch eng speziell Auer opgezeechent hat. An deem Gespréich goung bekanntlech derfunner Rieds, wéi wann de Grand-Duc an och de Staatsminister d’Affer vun externen Oflauschteroperatiounen gewierscht wieren. Et wier dobei ëm d’Bommeleeër gaangen, eng Affaire, duerch déi de Lëtzebuerger Staat kéint un d’Wackele kommen.

D’Debatt an der Kontrollkommissioun goung trotz der Brisanz eigentlech ganz gemällech erof. Hiere President, de François Bausch huet de Staatsminister drun erënnert, datt hien zimmlech séier misst en neie Chef fir de SREL fannen (sic!), an iwwerhaapt misst dee SREL méi proaktiv ginn. Aussoen, déi wäit ewech sinn vun engem Skandal!

nouveau document 2019-04-21 15.58.53

Fir de Rescht waren d’Kommissiounsmemberen net driwwer amüséiert, datt de Mille säi Gespréich mam Premier enregistréiert hat an den Deputéierten Xavier Bettel wor der Meenung, dee Mann hätt e “blâme” verdéngt! Dat war alles aus där Reunioun! De Juncker gouf weider net fir säi Gewurschtels kritiséiert- dat sollt méi spéit kommen. Dat alles wor bis dohinner streng geheim, et koum näischt un d’Oeffentlechkeet, blouf an der Kommissioun! Schliisslech geet et ëm de Geheimdéngscht…

 

Dräi Joer sinn an d’Land gezunn, d’SREL-Kontrollkommissioun koum am Hierscht 2012 méi wéi engkéier beieneen, hire President wor nach ëmmer de gréngen Deputéierten François Bausch. An der Tëschenzäit haten sech Rumeuren och an der Oeffentlechkeet geheeft, wat dat berüchtecht Gespréich tëscht dem Staatsminister an dem Staatschef ugeet. Wéi d’Lëtzebuerger Land a kuerz drop och Radio Lëtzebuerg den Inhalt vum Gespréich mam SREL-Direkter public gemaach hunn, huet dat natiirlech ageschloen wéi eng Bomm! En opgedréite Chef vum Geheimdéngscht, e grommelegen Staatsminister, dee séier wéineg geschwat huet an domatter sengem vis-à-vis gewollt oder ongewollt ze verstoe gouf: Männi, dir trauen ech souwisou net!, je, ein gefundenes Fressen fir d’Vollek, dat méi hongereg war op e Skandal, ewéi op d’Wourecht. Dobäi wor dat alles direkt näischt Neits, op d’mannst net fir Spëtzepolitiker, ma d’Gemidder  – an der Politik an iwwerhaapt an der Gesellschaft- woren héich gekacht. Zweemol illegal Ecouten op héchstem Niveau?! Geet et dann!

Image parCouleur de Pixabay

Derbäi koum, datt ëmmer méi bekannt gouf vun de SREL-Aktivitéiten och an der Zivilgesellschaft: d’Gefill koum op, datt de SREL sech quasi wéi d’STASI an der fréierer DDR beholl hätt. Mä, wat de Fong betrëfft, hat sech näischt geännert.! De 27. November 2012 kënnt d’Kontrollkommissioun zu der Konklusioun, datt een dem Staatsminister gegleeft huet, matt sengen Aussoen iwwer  d’Gespréich mam SREL-Direkter, datt an deem Gepoters keng “éléments sensibles du point de vue sécurité” ugeschwat gi wieren. Och an de Gespréicher mam Grand-Duc wär et nie ëm Sécherheetsrelevanz gaangen. De Fiduuz an de Premier war also nach do! “Au cas contraire il (le président de la commission) aurait été contraint de demander une motion de censure”. De President, also de François Bausch confirméiert, datt de Staatsminister d’SREL-Kommissioun kuerz virun de Wahlen vun 2009 eng éischte Kéier huet zesumme komme gelooss an nach emol am Hierscht vum nämmlechte Joer, fir och déi nei Kommissiounsmemberen no de Wahlen an d’Bild ze setzen. Aal Kamellen!

 

Et konnt also jiddereen aus där Kommissioun sech e Reim draus maachen! Datt et keng disziplinaresch Moossnahmen géint de Marco Mille goufen, hat de Premier domatter begrënnt, datt dee Mann – ausser deem fatalen Tëschefall mat der Auer- eigentlech ëmmer gutt Déngschter geleescht hat an datt hie jo souwisou géing an d’Privatwirtschaft eriwwerwiesselen. D’Kommissioun gouf sech och domatter zefridden.

… de 25. Januar 2013 huet de Premier an der SREL-Enquêtekommissioun ausgesot, an zwar ënner Eed …

Aus der Kontrollkommissioun war also zousätzlech eng Enquêtekommissioun entstaanen. Dem Staatsminister seng Aussoen an der Chamberkommissioun konnt d’Land live mat erliewen. De Jean-Claude Juncker konnt sech u vill Detailer net méi erënneren, ma wor op engem Ponkt formell: hie gouf  dem SREL keng Autorisatioun fir eng drénglech Telefons-Ecoute géint den Här Loris Mariotto, also géint dee Mann, deen am Besëtz vun enger CD-Rom war, anscheinend mam enregistréierte Gespréich mam Staatschef.

http://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/1030/sequence/36759.html

De Staatsminister wor domatter an der Schosslinn! Esou peu à peu koum eraus, datt et beim SREL iwwer 4000 Dossier gouf iwwer politesch Aktivisten, an der Haaptsaach vu Persounen aus der kommunistescher Partei, vun de JUSO, vu Gewerkschaftler, Leit aus Friddensbeweegungen etc;

Image parInsa Osterhagen de Pixabay

zugläich gouf bekannt, datt de Geheimdéngscht am gaange wier, en Deel vu senge Fichier ze zerstéieren. Och d’Dossier, wou de Premier dem SREL säi Refus gouf, sollten wéinst dem Dateschutz zerstéiert ginn; eigentlech hätten déi Virschrëfte schonn 9 Joer virdrun mussen a Kraaft trieden, mä de Chef himself, also de Staatsminister hätt net dorobber gedierängelt. “Eine von zahlreichen Unterlassungen Junckers, die letztlich zu Neuwahlen führten”, schreiwt am August 2013 d’Lëtzebuerger Land, dat sech eng ganz Partie Froe stellt:wer half dabei, dass Fluggastdaten, Autokennzeichen, Einträge aus dem Einwohnermeldeamt, Berufswechsel, Todesanzeigen, Schulzeugnisse oder sogar Informationen über Bankdaten und Schulden, sowie Adoptionen Eingang in die SREL-Akten fanden? An anere Wieder: de Pappa Staat misst sech erklären, an déi Roll misst de Premier iwwerhuelen! D’Meenung huet sech am Vollek ëmmer méi breet gemaach, datt de SREL sech beholl huet wéi e Staat am Staat, an datt dem Staatsminister am gaange wier, d’Muecht ze entglëtschen.

D’Affaire koum an de Chamberplenum. No laangen Diskussiounen koum et net méi zu engem Mësstrauensvote géint d’Regierung, an der Haaptsaach géint de Staatsminister. De Jean-Claude Juncker huet kuerz ugekënnecht, datt hien den Dag drop géing bei de Grand-Duc goen, fir Neiwahlen ze proposéieren. De Chamberpresident Laurent Mosar huet direkt drop d’Sëtzung zougemaach. Domatter hat et sech….

 

Dat hei baséiert op Fakten an op Dokumenter, an déi ech Ablévk hat an déi net däerfe publizéiert ginn, wéinst dem secret de l’instruction. Ech hunn am Laf vun de Joer matt enger Rei Leit geschwat, an d’Aussoen sinn gréisstendeels konkordant. Dësen Artikel ass net geduecht, fir de fréiere Premier wäiss ze wäschen, ma als faktuell Duerstellung vun den evenementer.

Déi politesch Auswäertung kënnt an engem spéideren Artikel no.

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *