Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Divers

Steve Schmitz: Hëllefsruff aus dem Éislek 

Steve Schmitz: Hëllefsruff aus dem Éislek
Vianden Castle. Vianden, Oesling, Luxembourg. Getty images

    

léif Journalisten:

Ech hunn Ären Artikel gelies betreffend den Aussoen vun verschiddene Leit, dass eist Éislek am Stach gelooss gëtt an ech sinn där Meenung och. Et ass esou, dass et hei ëmmer manner Spezialisten ginn an ville Beräicher. Et kann dach net sinn, datt mer well viru Joren d’Maternité am Spidol zu Woltz zougemaach kruten an datt elo nach déi eenzeg déi iwwreg hei war och zougemaach gouf aus Personalmangel.

Dozou muss ech soen, sinn ech net ganz d‘Accord well ewéi kann et da sinn dass meng Petitioun 2301 vun gewësse Spidolsdokteren ënnerschriwwen gi war an ech matkrut dass den Staat 550.000.000 € an den CHL zu Stroossen stécht fir deen ze erneieren. Sécher! Et ass villäicht néideg, mä déi gigantesch Zomme schéngt mir iwwerdriwwen an ech fannen, dass -wann Direktioun am Ettelbrécker Spidol géif méi bidden -wat Salairen an Horairen betrëfft- wieren bestëmmt Dokteren an Spezialisten bereet do ze schaffen! Natierlech misst den Staat och een gewëssene Budget zu Verfügung stellen, well fir vill Onnëtzes ass Geld do, mä dëst schéngt mer ee bien commun ze sinn -deen also fir jiddereen ass- an et misst eng Flicht vun der Regierung sinn, fir dëst ze ënnerstétzen; allerdéngs, wéi mer matgedeelt gouf ass deem net sou ! Et as schued, datt zu Ettelbréck an den Urgencen keng Spezialisten méi sinn, mä Generalisten, déi -wéi ech befierchten- bei schwéiere Fäll net richteg hëllefen kënnen ewéi eng Nout-Op an wéi esou villes spillt Zäit eng grouss Roll an ech kéint mer do Schlëmmeres virstellen!

Also léif Press: ënnerstëtzt eis andeems der dësen Artikel post mat der Petitioun 2301.https://bit.ly/37JVwKV
Ech selwer hunn een Trauma an deem Spidol erlieft, wat mech dozou gefouert huet dës Petitioun ze starten an et ass fir mech eng Liewensaufgab der Regierung an all den Acteuren bäizebréngen, datt si dëst hei mat eis net kënne maachen.

 

Steve Schmitz

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *