Recent Posts

Post Categories

Situatioun op der stater Gare: fir Firlefanz huet d’Justiz keng Zäit 
Ewéi esou dacks spillt d’Musek an de soziale Medien. Zum Beispill op Whatsapp. Do kritt een am Text, Bild an...
Stroumpräisser: aus dem Courrier tëscht dem Wirtschaftsminister an der Biergerpartei 
Den 11. Dezember hat d’Biergerpartei dem Wirtschaftsminister Lex Delles en oppene Bréif geschriwwen: et goufen sech Suerge gemaach wéinst de...
Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 
D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen....
D’Biergerpartei a Suerg wéinst héije Stroumpräisser 
Offener Brief an Herrn Lex Delles Minister für Wirtschaft,  Energie und Tourismus                ...

Blog Post

Aussepolitik

Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 

Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal?
Photo de David Peinado: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/protesta-en-estados-unidos-en-contra-de-la-guerra-en-ucrania-11483563/

Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich um Ufank vun der Invasioun als Géigereaktioun eng ganz Partie Sanktiounen géint russesch Oligarchen decidéiert; dat war geduecht fir dem Kremlchef säin direkt Ëmfeld ze schwächen, datt d’Oligarchen enges Daags him géifen den Dolch an de Réck stoussen. Am Grand-Duché sinn 12 där sténkräicher Russe vun de Sanktioune betraff, mat engem Avoir vu ronn 140 Milliarden

Ënner deenen 12, de Mikhail Fridmann an de Piotr Aven, allebéid Actionnär an der Alfa Captal Management company déi de lëtzebuerger Finanzministère gefrot hat, déi agefruere Milliarde kënnen ze entdeeën, also kënnen hire Besëtzer zeréckzeginn. De Finanzministère huet dat am Laf vun dësem Joer refuséiert. Fridman an Aven contestéieren, datt si op d’Lëscht vun de sanktionéierte Persoune gesat goufen a kruten och viru Méint Recht op engem europäeschen Tribunal. Hei zu Lëtzebuerg gëtt déi nächst Schluecht ënner Affekote preparéiert: Alfa Capital Management huet Recours um Lëzebuerger Verwaltungsgeriicht ageluecht.

E Client also dee vill Aarbecht bedeit fir de lëtzebuerger Affekot Laurent Ries, deen zesummen mam Affekote-Cabinet Trubor zu Moskau der Meenung ass, datt den “Njet” aus dem Finanzministère – fir déi Suen ze deblockéieren-, komplett onbegrënnt ass. Il contredit la législation applicable de l’UE et du duché de Luxembourg, ne prend pas en compte les spécificités de l’institution de la gestion fiduciaire des biens en droit russe et viole également l’article 1 du Protocole n° 1 à la Convention européenne pour la protection des biens. des Droits de l’Homme et des Libertés fondamentales, à laquelle le Duché de Luxembourg est partie prenante. Selon les avocats de l’entreprise [1] , un tel refus pourrait constituer une véritable expropriation des actifs des investisseurs, est disproportionné et impose une charge excessive à l’entreprise et à ses clients. Déi entstaane Perte géingen sech op 15 Milliarden Euro belafen.

Banal Geschicht, kéint ee soen. Schliisslech goufen eng ganz Partie russesch Gesellschaften vun der Kreml- a vun der Weltgeschicht sanktionéiert. Hunn also d’Affekoten dës Partie net vu vir era verluer? Nun, e Prozess ass ëmmer gutt fir eng Iwwerraschung. Kaviar iessen a Schampes drénken also.

Fridman an Aven si wuel Actionnaire vun där genannter Gesellschaft: deen éischten mat 36,4 Prozent vum Kapital, deen aneren mat 13,75 Prozent. An déi Holding investéiert nees an aner Gesellschaften wéi zum Beispill an d’Alfa Investment an an d’AK Holder, allebéid a Russland. De Laurent Ries vergläicht d’Holding mat engem Pensiounsfong. Hei handelt et sech ëmmerhin ëm 15 Milliarden Euro an déi sinn elo duerch d’Sanktioune blockéiert, kënnen also net un d’Leit a Russland ausbezuelt ginn.

Pech fir si, kéint een nees soen! Schliisslech ass Krich, deen net de Westen ma de Putin wollt hunn. D’Sanktioune si jo geduecht fir d’Leit dohanne rosen ze maachen an de Locataire aus dem Kreml an e Goulag ze schécken. Awer AFA Capital management ass der Meenung, datt déi lëtzebuerger Positioun net de Spezifikatiounen vun hirer Gestioun vun Avoiren Rechnung dréit déi ënner russescht Recht falen; doriwwer eraus géing de Grand-Duché géint den Artikel 1 aus dem éischte Protokoll vun der europäescher Konventioun vun de Mënscherechter verstoussen.

Sollt sech erausstellen, datt eist Land konsequent europäesch Spillreegele mëssuecht, respektiv falsch interpretéiert, kéint dat spéiderhin e recours en manquement bedeiten. Le recours en manquement est une procédure de droit de l’Union européenne définie aux articles 258, 259 et 260 du traité sur le fonctionnement de l’Union européenne (Traité de Lisbonne). Il est déposé devant la Cour de justice de l’Union européenne (CJUE) contre un État membre accusé de manquer à ses obligations découlant des traités ou du droit dérivé de l’Union.

D’Sanktiounen waren a sinn eng berechtegt Äntwert op déi russesch Aggressioun. Sin se dofir ëmmer rechtens? Am Hibléck op déi europäesch Gesetzgebung? A wéi ass et mat russesche Gesetzer? Sinn déi ausgehiewelt ginn, mam Argument: et ass Krich? De Grand-Duché a seng Finanzplaz riskéieren zu engem Präzedenz-Fall ze ginn. Villäicht d’Explikatioun, firwat näischt an der groussherzoglecher Press steet….

Related posts

3 Comments

  1. Jean

    Mal ganz abgesehen von der legalitaet dieser sanktionen (de facto eine beschlagnahme des privatvermoegens von einzelpersonen aufgrund deren nationalitaet) ist auch bemerkenswert dass die EU keine aehnlichen massnahmen im falle des US angriffskriegs gegen irak oder der aktuellen kriegsverbrechen Israels ergriff oder ergreift.

  2. Jean

    Wobei pikant ist dass Mikhail Fridman neben dem russischen auch noch den israelischen pass besitzt.
    Also doch eine verkappte sanktion gegen die netanyahu regierung?😀

  3. Guido

    Du point de vue du droit international, le seul acteur habilité à instaurer des sanctions contre un pays sont les Nations Unies. Ergo, toutes ces sanctions sont illégales. Ni l’UE, ni les USA ont le droit d’infliger de telles sanctions à un autre pays.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *