Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Politik

D’ Sozialisten op der Misär’s-Bréck 

D’ Sozialisten op der Misär’s-Bréck
Image par OpenClipart-Vectors de Pixabay

ausgerechent de Brexit huet de lëtzebuerger an iwwerhaapt, den europäesche Sozialisten eng Lektioun ginn. An de britesche Wahlen vum 12. Dezember goung Labour d’Baachan! Déi Konservativ hunn 47 Mandater derbäi kruut, d’Sozialisten hunn der 59 verluer an domatter hiert schlechste Resultat gemaach zanter 1935. Hire fréiere Big Boss Tony Blair war bal vum Canapé gefall, dee Mann, deen 10 Joer laang britesche Premier war, mat enger sozialdemokratescher Oder, gekoppelt un de Liberalismus. Hien huet de Leit vu Labour, an an der Haaptsaach hierem Leader Corbyn ënner d’Nues geriwwen, datt een als Sozialist nëmmen dann eng Chance huet, wann een sech an der politescher Mëtt ophält!

De Corbyn ass un d’Spëtzt vun der Partei komm, well d’Basis hie gewielt huet. Ma och eng Parteibasis ka sech ieren! Dat wäerte mir an den nächste Méint bei de Genossen an Däitschland erliewen, wou d’Basis zwee komplett Onbekannter gewielt huet; deen Duo wäert sech net bis den nächsten Hierscht kënnen un der Spëtzt halen. Et ass nun emol esou, datt a Britannien esougutt ewéi an Däitschland dee méi lénke Flillék vun der Partei Radau schléit a sech deementspriechend duerchsätzt. Dat wëll net heeschen, datt d’gauche Recht hätt.

zu Lëtzebuerg riskéiert et, an déi nämmlecht Richtung ze goen. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider, en duerchaus liberale Politiker, geheit d’Handduch. Seng Komeroden Dan Kersch an Taina Bofferding gehéieren zu deene méi Lénken an der Partei, den Dan Kersch ass neie Vizepremier an d’Taina Bofferding gëtt als nächst Spëtzekandatin gehandelt-och, wann et bis dohinner nach e bësselche fréi ass. Dee méi wéi moderate “Schniggy” Schneider soll un d’Häerz geluecht krut hunn, säin ablacklecht Mandat net bis zu Enn ze féieren; de Renouveau soll och mam Auswiesselen vum Ausseminister Jean Asselborn probéiert ginn, dee sech awer mat Hänn a mat Féiss wiert. Et ass allerdéngs kaum unzehuelen, datt weder hien nach de Mars di Bartolomeo wäerten op der nächster Wahllëscht figuréieren. D’LSAP geet also däitlech geschwächt an déi nächst Course.

Wann dorunner gekoppelt nach eng Ännerung vun der politescher Richtung kënnt, gëtt et richteg geféierlech. Den designiéierten Wirtschaftsminister Franz Fayot hat just haart iwer eng direkt Ierschaftssteier um Radio nogeduecht, a scho goung et lass mat engem regelrechten SOZI-bashing an der Internetwelt. D’Hären Robert Goebbels, Jeannot Krecké an Etienne Schneider hunn ëmmer behaapt, datt et kee Sënn mécht, sech politesch am lénke Spektrum opzehaalen, aus der einfacher Ursaach, well deen Eck zimmlech kleng ass, besonnesch, wann een déi aktiv Wielerschaft kuckt. Ech mengen, déi strategesch Iwwerleeung ass net falsch. Wann d’Sozialisten eng ze schaarf Kéier no lénks maachen, geet hiren Trend (weider) no ënnen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *