Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Gréng Märchestonn ronderëm den Elektro-Auto 

Gréng Märchestonn ronderëm den Elektro-Auto
Photo de César Baciero provenant de Pexels

Am Joer 1989 war d’Berliner Mauer getrollt. A ville Käpp déi komplett Desillusioun! De Rideau aus Eisen stoung Joerzéngte laang symbolesch fir de Marxismus. An deem Joer gouf seng Ideologie begruewen. Ma wann ee Rideau bis a Fatzen ass, muss en neien hier: eng nei Ideologie muss an d’Daf geholl ginn fir eng nei Revolutioun: déi Kéier d’Rettung vum Planéit! Dobäi gëtt déck opgedroen, keen Dag vergeet ouni seng Märchestonn. An Zäiten vum Auto-Festival zu Lëtzebuerg geet vill Rieds vun der Elektro-Mobilitéit, an et gëtt sech driwwer gebuuscht!

D’Welt gëtt elektresch gerett. Dozou gehéiert den E-Auto. Hie wär bedeitend méi ëmweltfrëndlech ewéi e Verbrenner. Dat gleeft een oder och net. Op alle Fall geet déi elektresch Kutsch net duer, fir eise Planéit nees méi blo ze maachen. Eleng d’Produktioun vun enger Auto-Batterie ass eng Katastroph: gebraucht ginn Lithium, Kobalt, Néckel, Graphit, Aluminium, Mangan, Koffer. Déi Matière-Premieren ginn an aarme Länner ofgebaut, dacks ënner mënschenonwierdege Konditiounen.

Photo de Kindel Media provenant de Pexels

Bei der Produktioun vun esou enger Batterie entsteet vill CO2. Verschidden Experten ginn dervunner aus, datt si zweemol méi ëmweltschiedlech ass ewéi d’Produktioun vun engem Verbrenner. Pro Kilowattstonn Späicherkapazitéit entstinn 150-200 Kilo Kuelendioxid.

Eng Batterie hellt am Schnëtt 8 Joer, duerno hëlt si rapid u Kapazitéit of. A Länner wou et vill kal oder och vill waarm ass, hellt si manner laang. Iergendwann kënnt de Moment wou si muss zerstéiert a recycléiert ginn. Et entwutscht nach emol vill CO2. Wär Lëtzebuerg bereet, esou eng Recycling-Industrie bei sech opzehuelen, zum Beispill op där Plaz, wou eng harmlos Jughurt-Fabréck sollt hikommen? Wuel kaum!

Dat si Fakten déi sech erëmgeschwat hunn an déi esouguer selwer ernannten Klima-Aktivisten schlecht kënnen ofstreiden. Dann heescht et op Twitter: den ekologesche Foussofdrock vum Verbrenner wär jo och net esou gutt. Pardon? Mir wollten et jo schliisslech besser maachen!

Wirtschaftlech ass et grad esou Hara-Kiri. Dacks gëtt d’Beispill geholl vun engem Tesla: den E-Won kascht 100.000 Euro, dovunner sinn 20.000 fir d’Batterie, mat enger Liewensdauer vun 8 bis 10 Joer. Pain perdu! Et ass een deemno gutt beroden, déi Batterie net ze kafen, ma ze lounen, ëmsou méi wou dat mat der Liewensdauer alles aneschters ewéi sécher ass.

Dat hänkt vu villem of: vum Verschläiss, vun der Manéier fir opzelueden, vun de Baussentemperaturen. Ech hu just Erfarung am Beräich vun de Gäertnerei-Apparater. Eng Méimaschinn – duerchaus äusserst praktesch ouni Litz- huet mech 240 Euro kascht, zesummen mat 2 Batterien. No 20 Méint war et eriwwer mat der Freed an ech hunn zwou nei Batterien musse kafen. Käschtepunkt: 100 Euro. An anere Wieder: d’Maschinn huet 140 Euro kascht, 100 Ticket goungen drop fir d’Motorisatioun!

Photo de cottonbro provenant de Pexels

Idem fir en Trimmer mat Fuedem. 120 Euro fir den Apparat, ma ouni näischt! D’Luetstatioun hunn ech mussen separat, zesumme mat Batterie bestellen: nach emol iwwer 150 Fläpp! E Stëbssuckeler krut ech fir 299€, d’Batterie kascht op Amazon 80,39. Op der Notice steet geschriwwen, voll gelueden kéint een 90 Minutten op Häerz, wat begiers de domadder schaffen. Komesch! Dat huet bei mir nach ni geklappt! Am Geschäft soten se, d’Liewensdauer vun der Batterie wär ee Joer. Ech misst dat dann an 10 Méint kënne confirméieren.

Sollt ech dee Staubsauger 10 Joer kënnen halen a misst ech all Joer eng nei Batterie kafen, hätt ech 800 Euro zousätzlech ausginn an och nach vill Dreck hannerlooss. Geschwënn Demonstratiounen géint Castor-Transporter mat Lithium-Batterien?

“…Zeréck bei d’Märchen vum E-Auto…”

fir datt d’Elektro-Mobilitéit sech a Punkto Ëmwelt rechent, muss een tëscht 70.000 an 127.000 Km domadder gefuer sinn. Réischt dann ass d’E-Kutsch besser ewéi de Verbrenner. Dat hänkt zum groussen Deel vum Stroummix of, deen een zaapt. A Luedstatiounen ginn et bei wäitem net genuch!

Ganz dovunner ofgesinn, datt vill Leit a Residenze wunnen oder och a Privathaiser, wou keng Garage existéiert. Déi Leit hunn also keng Méiglechkeet, de Won bei sech opzelueden! Paradigmewiessel bei deene Gréng: fuerderen si elo, datt nach just Wunnechte gebaut ginn, wann och eng Garage drun hänkt? Schliisslech gëtt dermadder gerechent, datt zwee Drëttel vun den Autoen privat, also doheem opgeluede ginn.

An déi Richtung geet et den Ament net grad. A menger Géigend gëtt nei gebaut, wuel ekologesch, ma richteg ellen an et sollen 20 Ställercher entstoen bei allerdéngs just 4 Parkplazen/Garagen. Déi aner Awunner leeën da wuel Owes aus der Schlofkummer d’Litz eraus, 100 Meter iwwer d’Strooss, fir de Weenchen am Gréngewald kënnen ze lueden.

Photo de Yoshi provenant de Pexels

De Witz geet nach weider. Wien nämlech mengt, hie kéint säin e-mobile an engem ënnerierdesche ëffentleche Parking elektresch optanken, huet sech geschnidden. Esou Opluetstatiounen sinn aus Sécherheetsgrënn just um Stack Null, respektiv um Minus 1 erlaabt. An déi Stäck si gréisstendeels fir Servicer vum Staat oder vun der Gemeng reservéiert! Keng Chance do selwer un de Jus ze kommen!

Mat engem modernen Diesel huet een eng Fuerautonomie vu bis zu 1200 Kilometer, mä wien dat Wuert DIESEL och nëmmen an de Mond hëlt, muss sech direkt d’Zänn desinfizéieren. Et wier effektiv verpaascht, den Diesel d’nämmlecht wéi den Atomstroum zu grénger Energie ze deklaréieren. Dobäi ass hie vll besser ewéi säi Ruff!

De Märercher lauschtert een – Mond a Guckelcher grouss op- gären no, schliisslech geet d’Geschicht mat engem Happy end aus. A wann si net gestuerwe sinn, dann tanken si nach haut! Ma wéi gesot, just e Märchen. Fir eis Gesellschaft wär et gutt, wann an eise Käpp ganz séier eng weider Mauer géing falen. En e-Auto rechent sech héchstens fir e Betrib, net fir eng Privatpersoun. Ma jidderengem säi perséinleche Schickimicki fir sech ze beréimen!

Related posts

15 Comments

  1. Phil

    Genee, et ass eng gréng Märchestonn… mä ech géif ärt Schlusswuert awer liicht emänneren:
    “A wann si net gestuerwe sinn, dann lueden si nach haut!”

  2. Zodiac

    https://t3n.de/news/mythen-elektromobilitaet-kobalt-1447223/?fbclid=IwAR2TLITI0jtJ2zVIyar5A3ZYhD8jx1Xp2jyOjGTfFy_khoKWffOhjlnsEuQ

    Oh fréck 😱 also ech hunn bis dato jo schonn vill Artikelen gelies déi Anti-EV sinn, mee deen do schléit definitiv d’Faass de Buedem aus… En Akku aus engem EV mat engem Akku aus engem Stëbssuckeler oder Méimaschinn vergläichen 😩😩😩 De Kayser huet definitiv keng Ahnung vun näischt… Schrecklech wéi polemesch a falsch sou e fréier dach renomméierten Journalist kann schreiwen… Am Parking Hamilius ass ob all Stack (bis -4) 2 Bornen… Just mol sou als Beispill 😤😤

    1. Guy Kaiser

      Dat mam Parking Hamilius wosst ech net. Sorry. Krut vun engem Scheffen gesot, et wier iwwerall d’nämmlecht. An ech hunn et gegleeft. Mäi Feeler

  3. Claude Hoffmann

    Villmols merci fir deen Artikel. Mech nervt virun allem déi iwwerhiewlëch Arroganz mat däer een all dat vun deene Leit octroyéiert kritt. Mir fällt ëmmer erëm déi Geschicht hei an, ass zwar als Witz geschriwwen, awer iergendwéi esou wouer:

    Ein Grüner in einem Heißluftballon hat die Orientierung verloren.
    Er geht tiefer und sichtet eine Frau am Boden. Er sinkt noch weiter ab und ruft:

    „Entschuldigung, können Sie mir helfen? Ich habe einem Freund versprochen, ihn vor einer Stunde zu treffen; und ich weiß nicht wo ich bin.“

    Die Frau am Boden antwortet:

    „Sie sind in einem Heißluftballon in ungefähr 10 m Höhe über Grund.
    Sie befinden sich auf dem 47. Grad, 36 Minuten und 16 Sekunden nördlicher Breite
    und 7. Grad, 39 Minuten und 17 Sekunden östlicher Länge.“

    „Sie müssen Ingenieurin sein“ sagt der Grüne.

    „Bin ich“, antwortet die Frau, „woher wissen Sie das?“

    „Nun“, sagt der Grüne, „alles was sie mir sagten ist technisch korrekt,
    aber ich habe keine Ahnung, was ich mit Ihren Informationen anfangen soll,
    und Fakt ist,
    dass ich immer noch nicht weiß, wo ich bin.
    Offen gesagt, waren Sie keine große Hilfe.
    Sie haben höchstens meine Reise noch weiter verzögert.“

    Die Frau antwortet:

    „Sie müssen bei den Grünen sein.“

    „Ja,“ antwortet der Grüne, „aber woher wissen Sie das?“

    „Nun,“ sagt die Frau,
    „Sie wissen weder wo Sie sind,
    noch wohin Sie fahren.
    Sie sind aufgrund einer großen Menge heißer Luft in Ihre jetzige Position gekommen.
    Sie haben ein Versprechen gemacht,
    von dem Sie keine Ahnung haben,
    wie Sie es einhalten können und erwarten von den Leuten unter Ihnen,
    dass sie Ihre Probleme lösen.
    Tatsache ist, dass Sie nun in der gleichen Lage sind,
    wie vor unserem Treffen,
    aber merkwürdigerweise bin ich jetzt irgendwie schuld!“

  4. pv

    Et en plus le poids supplémentaire ( min 300 kg)-> plus d’usure des pneus + route-> microplastic dans la mer

    et pour réduire l’augmentation du poids…->carrosserie en Aluminium…… Bauxite, ect… beaucoup plus nocif a fabriquer pour l’environnement qu’une carrosserie en Acier

    et pour approvisioner tout le courant pour ces voitures … et en plus l’électricité pour les pompes a chaleur qu’on impose pour les maison !!!… augmenter le reseau de distribution d’électricité… besoin de cuivre en masse!!!! et dou va venir toute cette électricité…. ⚡️?

  5. Jean-Marie Jacoby

    Et as absolut grujeleg, well een nach kaum Diesel-Autoen kritt. Ech hun elo dowéint eng Occasioun kaft . . . fir dann um Enn vum Auto-Festival ze héieren, et wiere kaum nach Diesel kaft gin.

    Dat huet dann emmerhin de Virdeel, dat geschwenn den Diesel vill manner kaschte wärt, well et jo net méiglech as, aus enger Fraktioun vum Petrol rauszeklammen an aus där anerer net. Eng Raffinerie ka jo den Diesel net riets oder lénks an d’Mier lafe lossen . . . an alles, wat am Iwerfloss do as, get an desem System manner déier.

  6. Misch

    Dat ass jo alles net esou falsch.
    Mee wann sech elo keen fier E-Autoen interesséiert, gin keng weider Suen (an Innovatioun) an d’Batterien an aaner Saachen gestach. A punkto Batterien sin sech den Ament ganz vill Sachen amgangen ze entwéckelen.

    Fier beim Verbrenner ze bleiwen ass keng Alternativ (ausser et fënnt een en *effektiven* Wee, fier mat erneierbaren Quellen Brennstoffer ze produzéieren, do ass den E-Auto den Ament die Effektivsten Léisung)

    1. De Mechel

      Richteg! Den E-Motor gët et schons laang, do wäert wuel nët méi ganz vill Inovatioun kommen. Bei der Batterie gesäit et awer aanescht aus, do steht d’Entwecklung nach an de Kannerschong, a wann ee sech e bëssi dofir interesséiert a sech informéiert, da weess een, dass vill Forschung dozou bedriwwe gët a nei Batterie-Technologien keng Zukunftsvisioun sinn.

      Wat beim Verbrenner och oft vergiess gët, ass dass iwwer säi ganzt Liewen Mengen un Ueleg gebraucht ginn, fir e.a. d’Vidangen. Ganz ze schweigen vun de groussen a klengen Ëmweltkatastrophen duerch d’Uelegförderung.

  7. Phil

    Esou lang wéi all Industriegefierer an Maschinen wéi Baggeren, Trakteren, Kamionen, Lokomotiven, Bussen, zivil an militär Fliegeren an Schëffer, Panzer, U-Booter etc. an och Heizungen mat Dieselueleg funktionéieren brauch dir Iech keng Suergen ze machen. Deen ganzen E-Hype ass och nëmmen an onsen soi-disant “ziviliséierten” Breetegrader mat Crème an Pudderdous en Thema. Gitt mol an Alaska, Kanada, Südamerika, Afrika, Russland, China an iwerall do wou een net “Mama, Mama komm mech sichen” kräischen kann – wou et keng Fréierjoerstemperaturen an keng grued an befestegt Stroossen an Weeër gett – do brauchen sie keng schickimicki Autoen, mä Gefierer wou een sech kann drop verloossen, deelweils Pick-up Trucks mat engem Treuil virdrop fir sech erauszezéien wann een am Schnéi vum Wee ofkomm ass.
    Hun puer Kollegen déi an solchen Géigenden schaffen an wunnen, déi kënnen iech vill verzielen.
    “Elec-Car… come on, you’re kidding!”

  8. Guy Stroum

    Entschëllegt, mee jiddereen deen sech mam Thema beschäftegt oder souguer elektresch fiert, weess datt hei populistesch Schäiss ass. Gëschter sinn ech 700 km duerch Däitschland gefuer an engem 20 k€ E-Auto (gebraucht, ouni Subside). An 8 Stonnen. Ouni Problemer. A well ech an dësem interesséiert sinn, liesen d’Batterie Parameteren reegelméisseg. Aktuell Projektiounen sinn ongeféier 25% Verloscht vun Kapazitéit iwwer 300.000 km. Duerno kann d’Batterie nach benotzt ginn, fir de Solaranlage. A kuckt wou de KObalt wierklech geet, net alles am E-Auto… https://www.expertmarketresearch.com/reports/cobalt-market An Tesla wäert geschwënn net méi Kobalt benotzen, mee Eisenphosphat. Mir hunn dat ouni Enn.

    1. Phil

      Abé jo, wann ech iech esou liesen ass fir Iech eng elektresch Fahrt vun 700 km duerch Däitschland schon bal en wëssentschaftlecht Experiment. Eng Aventure wou dir Iech am Ufank vun der Fahrt mol net esou sëcher waart op dat dann och géif gelëngen. Dat wär näischt fir mech, well ech weder déi Nerven hun, nach déi Zäit fir logistesch an strategesch ze plangen fir eng simpel Fahrt durch Däitschland. Ech brauch en Auto wou ech mech kann dransetzen, fortfueren an keng physikalesch Iwwerléeungen muss machen firwat an wisou…
      Aus enger einfacher Autofahrt gett hautzedags eng Dokteraarbecht gemat!

  9. Jean

    Ech hu mech scho laengst geint den auto a fir den oeffentlechen transport decideiert.
    Ob E oder net ass mer egal…er ass mol gratis op mannst hei am land.
    A sot kee mer et wier net gratis a giff iwer meng steieren bezuelt..dei muss ech souwisou blechen.

  10. OpenMinded

    Här Kaiser,
    Ech ginn iech an engem Punkt Recht, den E-Auto alleng geet net duer fir d’ Welt ze retten.

    Dat war et dann awer och schonn. Déi “Fakten” wou dir do ernimmt, kommen haptsächlech aus enger Studie aus Schweden, déi awer schonn x-mol widderluecht gouf, an souguer déi Auteuren hunn dat schonn ëffentlech bestätegt. Mee wéi sou oft, dat interesséiert dono kee méi.

    Dass sou eng Batterie net éiweg hält, dat ass kloer, awer och net sou schlecht wéi dir hei aus, séchlerlech net eegener, Erfahrung schreiwt, ass definitiv net de Fall.

    Diesel/Bensin méi gréng wéi den E-Auto? Dann kucke mir mol, wou den Dreiwstoff dann sou hier kënnt: Net aus dem Krunn, oder? Do ass nach een laange Wee, aus dem Buedem bis an d’ Tankstell. Do ginn et méi wéi een Krich op der Welt. Awer dat ass jo egal, wann do dann Kanner krepéieren. Do päift kee Schwäin dono.
    Wéinstens ginn no Léisungen gesicht, wat d’ E-Mobilitéit ubelaangt, an dat vu méi wéi engem.

    De Gestank, dat fält och wech. Awer dat ass wahrscheinlech och egal, well dat richt an verschidden Nuesen jo och wonnerherrlech. Affaire de Goût.

    Zum Parkhaus: Neiperg zB ass fir jiddereen op, an deen ass, nu kuck, um +3 an NET reservéiert fir Staatsleit.

    Ech kann just soen: Et sollt een sech tatsächlech bessen méi informéieren, IER een sou een Blödsinn verzapt, respektiv kopéiert. Et ginn genuch Wischiwaschi-Blieder wou GENAU dat heiten, just net grad sou Poetesch, dohi geschriwwen hunn. Mee och déi fannen ëmmer erëm déi Leit, wou… genau, lo kënnt et… sou Mäerecher gleewen.

    Op do elo eng Reaktioun kënnt, dat gleewen ech kaum. Wat Schued wier, mee och ech, gleewen och mol u Mäerecher…

    1. Guy Kaiser

      Ech krut op der Gemeng confirméiert: déi Parkhaiser, déi vun der Gemeng geréiert ginn, kréichen just Luedstatiounen um plus oder minus 1. Ech froen awer nach emool no…..ma elo ass gläich Fuessvakanz….

  11. De Mechel

    Här Kaiser, ech hu missen grinsen wéi ech Är Erfahrung mat Akku-Gaardegeräter gelies hunn. Meng Geräter hunn bis elo all Litzen. Ech hunn en 10a Terrain a méien de Wuess mat menger aaler E-Méimaschinn mat Litz, 50-Meter-Litz, ass net einfach, ech muss ëmmer ganz konzentréiert sinn fir net d’Litz mat der Maschinn z’erwëschen.

    Dës aal Méimaschinn wëll ech mat engem Méitraktor ersetzen, dat geet méi schnell a méi einfach, et gët ee jo nët méi jonk. Ech wëll awer keen Verbrenner-Méitraktor, zevill Kaméidi an zevill Gestank, mol ganz vun der Maintenance ofgesinn. En E-Méitraktor soll et sinn, awer déi sinn dënn geséit an deier, an da kommen wahrscheinlech genee déi Problemer ob mech zou, déi Dir mat Äre Geräter beschriwwen hudd. Dowéinst hoffen ech, dass d’Batterie-Forschung asap méi liicht an effikass Batterien op de Maart bréngt, a bis dohinn hoffen ech dass meng aal E-Méimaschinn mat Litz de Geescht net op gët.

    Meng Noperen benotzen praktesch all Akku-Gaarden-Apparater. Do stellen ech mir dann d’Fro, firwat sou vill Polemik ëm d’Akkuen (Batterien) vun den E-Autoën ass. De Lithium an all déi “seltenen Erden”, déi Dir erwähnt, sinn an allen Akkuen, déi a Geräter agebaut sinn, déi mir all Daag benotzen, all E-Gerät ouni Litz, ons Handyen, Laptopen, asw. Keng Fro, den E-Auto léisst d’Nofro no dëser Matiär-Prömiär an d’Luut goen, an dat ass secher net gudd.

    Fir de primären Akku-Problem – Produktioun, Recycling – an de Grëff ze kréien, a net just deen vun den E-Autoen, mussen d’Akkuen méi effikass ginn, méi laang haalen, manner emwelt- a mënschen-kritesch Materialen enthaalen, a generell austauschbar ginn (net just bei onsen Akku-Gaardegeräter).

    Ech hoffen, a si mir baal secher, dass d’Forschung dat an nët ze wäiter Zukunft, erméigleche wäert.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *