Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Europa

Manner Hypocrisie an der Migratiounsfro! 

Manner Hypocrisie an der Migratiounsfro!
paulromer.net

Dat ass dese Weekend de Plädoyer vum Paul Romer an der Zeitung DIE WELT. De Mann krut zejoert den Nobelpräis an der Economie. Hie kritiséiert schaarf d’Politiker, déi an dëser Fro ganz einfach net éierlech wieren, an dës Verlugenheet, Hypocrisie wier eng Gefohr fir eis Demokratie.“Populistesch, nationalistesch Kräften kéinten nëmmen doduerch esou staark ginn, well keen am Stand wier, eng éierlech Diskussioun ze féieren. Duerch d’Ignoranz vun de Politiker géing de politesche Systeem ëmmer manner stabill ginn”. An de Mann mengt weider, datt et just Zäitverbëtzung wier, driwwer ze diskuttéieren, op e Land “x” 10.000 Flüchtlingen méi oder manner déit ophuelen; schliisslech wier d’Zuel vun deene Leit, déi hir Heemecht wéilten verloossen – wa se dann nëmme kéinten- enorm héich. De Paul Romer schwätzt vun 300 bis 400 Milliounen, an déi kéinte ganz einfach net en Ënnerdag fannen an Nordamerika oder an Europa.

Kloer Wieder also! Natiirlech kann een virun all deem Misär an den aarme Länner vun dëser Welt net einfach d’Aan zoumaachen, de Kapp an de Sand stiechen. Mä, et misst ee probéieren, de betraffene Leit esou ënnert d’Aerem ze gräifen, datt se fräiwëlleg an hierem Land bleiwen. D’Politik misst also de Courage hunn, fir en Zeechen ze sätzen, datt net jidfer Migrant – Krich’s- oder Wirtschaftsflüchtling- kann bei eis opgeholl ginn a misst sech zugläich zesummendoen, fir eng massiv Entwécklungshëllef. Ma ween als Politiker huet schonn dee Courage? Zouzeginn, datt e klengen Deel vu Migranten wëllkomm ass an datt deen absolutt groussen Deel vun hinnen w.e.gl. soll doheem bleiwen? Datt mir just fir e Brochdeel vun dëse Leit kënnen suergen, hinnen eng berufflech Perspektive kënnen opmaachen?!

Den Ament limitéiert sech d’Diskussioun jo mol op d’Konfrontatioun tëscht Gut- a Bösmensch. Esou gesinn, misst de Paul Romer och e Gelungene sinn…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *