Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Impfung: Gedrécks virum Trach? 

Impfung: Gedrécks virum Trach?
Image par Satheesh Sankaran de Pixabay

 

esou lues gëtt déi groussherzoglech Press wakereg! No excellente Commentairen op RTL an am Wort, schléit d’Tageblatt vun dësem Weekend an en änlecht Holz.Den Eric Hamus mengt och, datt de Gedoldsfuedem vun der Populatioun vis-à-vis vun der Regierungsstrategie ufänkt, zimmlech dënn ze ginn: Lange liessen die Bürger Vernunft walten, zum allgemeinen Wohl der Gesellschaft wurden Hintergründe kaum infrage gestellt (…) Kaum eine Entscheidung der Regierung kann durch handfeste Erkenntnisse, Studien oder Daten belegt werden, kritisiert etwa die Menschenrechtskommission. Irgendwann ist das Mass voll…”

Copy/Paste a Saachen Impfung. E ganz klengen Deel vum Gesondheetspersonal krut d’Nol gesat a passéiert nom 18. Januar eng zweete Kéier an de Victor Hugo-Haalen fir de Rappell. Zugläich ginn déi eeler Leit an den Alters- a Fleegeheemer vaccinéiert. An dat ass et da scho bal. De Staatsminister an d’Gesondheetsministesch waren op deem Punkt op hirem leschte Rendezvous mat der Press an domadder mam Vollek ganz kuerz gebonnen. Et gëtt keen neien Ament! Ausser, datt dëse Méindeg 1200 (sic!) Dosissen ukommen vum Produzent Moderna.

De 5-Stufeplang vum Impfen steet a muss just nach vun der Ethikkommissioun ugeholl ginn. Wourunner et feelt, ass de Vaccin! Esou guer eng Angela Merkel – méi wéi bekannt fir hiert Regéieren mat der roueger Hand- wëll elo méi Gas ginn. Si hätt gären, datt d’Impfcampagne op Toure kënnt. Dat Land, dat de Vaccin produzéiert, läit am europäesche Verglach op 15. Plaaz! EU-Champion ass Dänemark, d’Belsch wëll bis September 70 Prozent vun de Leit behandelt hunn. Ginn et an deene Länner keng Probleemer mat de Livraisounen? Am Staat Israel sinn elo schonn iwwer 20 Prozent vun der Bevëlkerung geimpft, bis d’Enn vum Mount soll dat ganzt Land ënnert der Nol passéiert sinn. An den däitschen Zeitungen liest een, datt déi däitsch Regierung sech iwwer den nationale Wee bei Curevac 20 Milliounen Dosissen zousätzlech geséchert huet, wat eigentlech net dierft ze sinn…

am Wort schreift de Professer Claude P. Müller et esou: “Es wäre wünschenswert, wenn die Impfungen jetzt zügig vorankämen. 1200 in Luxemburg, 20 Prozent der Bevölkerung in anderen Ländern? Mit einfachen Hygienemassnahmen kann der effektive R-Wert deutlich unter 2 gedrückt werden, so dass eine Herdenimmunität bereits bei 30-40 Prozent Geimpften erreicht werden könnte. Also, worauf warten wir?”

Dee Mann ass ferrem ageholl vun där rMNA-Impfplattform. Natierlech muss jiddereen fir sech decidéieren, ob hie bereet ass oder net, e Reschtrisk anzegoen, dee bei jidder Impfung besteet, ma ënnert dem Stréch wäert eng ekrasant Majoritéit sech zu Lëtzebuerg dofir ausschwätzen. Kee Wonner! De Produit vu Biontech versprécht en Impfschutz vu bis zu 95 Prozent! Souwisou wäert eis näischt aneschters iwwereg bleiwen. De Professer Müller erënnert un dat, wat ech viru Wochen publizéiert hat, nämlech datt eng ganz Rei Länner en Impfpass géint Giélt Féiwer schonn zanter Joer verlaangen. Esou gesinn wär eng Impfobligatioun also näischt Neits!

“….mol kuerz den Däiwel un d’Mauer gemoolt!….”

An der Hypothees datt mir 5 Impfzentre kréien, jiddereen mat 8 Filièren, wou allkéiers 6 Persounen d’Stonn gepickt ginn, hunn ech déi heite Rechnung gemaach:

  • 5 Zentren à 8 Filièren = 40 Filière
  • 40 Filière mat 6 Persounen pro Stonn = 240 Geimpfter/Stonn
  • 240 Geimpfter pro Stonn multiplizéiert mat 8 = 1920 Persounen/Dag
  • 1920 Persounen mol 300 Impfdeeg (Samschdeger inclus, minus Sonndeger a Feierdeeg)
  • = 576.000 Vaccinatiounen an engem Joer.

Net schlecht, ma net gutt genuch, well wann een dann nach zousätzlech dervunner ausgeet, datt eng ganz Partie Leit sech fir de Vaccin vu Biontech decidéieren -(kann een do iwwerhaapt e Wuert matschwätzen)-, an also zweemol musse gepickt ginn, da kéim een op en déckt Joer, bis datt d’Land komplett behandelt ass, net ze vergiessen déi dausende Frontalier, déi sech zu Lëtzebuerg wëllen an d’Schlaang stellen.

natierlech ass dat staark hypothetesch, d’Situatioun pechschwaarz gepinselt an schléisst och zousätzlech Impfproduit aus. Ma et ass jo geduecht, fir endlech eng Diskussioun un d’Glousen ze bréngen. 6 Impfungen pro Filière d’Stonn? Ass dat verstänneg? Rationell? Kéinten déi Berodungsgespréicher net vun de Generalisten gemaach ginn? Si hunn de Virdeel, datt si als Hausdokter de Patient am Beschte kennen. Si stellen e Pobeier aus – dee vun der Santé preparéiert ginn ass-, an d’Persoun geet fir den Dag “x” an den Impfzentrum. D’Filièren wären op déi Manéier entlaascht an d’Personal kéint sech op d’Impfunge selwer konzentréieren, also keng sechs Picken d’Stonn, ma der op d’mannst dat Duebelt bis dat Dräifacht!

De Professer Müller schreift och: “ Generell sollten Beratungs- und Informationsgespräche möglichst vor dem Impftermin beziehungsweise ausserhalb der Impfzentren geführt werden, um Verzögerungen in den Impfzentren zu vermeiden”. Et geet jo “just” ëm d’Froen- déi awer jiddereen soll eescht huelen: ass een oder ass een net allergesch op iergend ee medezinesche Produit? Ass een häerz- oder zockerkrank? Kriibs? Rezent Operatioun? Epilepsie, etc?

Den Hausdokter, och neierdéngs Referenzdokter genannt, weess do dacks am Beschte Bescheed a brauch de Patient net laang auszefroen. Aus der Siicht vun der Politik geet et jo drëm, esou vill Mënscheliewen wéi méiglech ze retten. D’Vaccinatioun wär eng gutt Geleeënheet! An net ze vergiessen: datt méi séier geimpft gëtt, datt sech eis Ekonomie och méi séier erhëlt….

Related posts

1 Comment

  1. Gilbert

    An dobäi ginn et Alternativen zur Impfung, Medikamenter wéi de COR 101 an Ivermectin. Leider gëtt dat an de Medie guer net erwäänt(zumindest zu Lëtzebuerg). Soll et dofir ee gudde Grond ginn?
    Conclusions and Relevance: Ivermectin was associated with lower mortality during treatment of COVID-19, especially in patients who required higher inspired oxygen or ventilatory support. These findings should be further evaluated with randomized controlled trials.
    Impfstoff oder Medikament. Warum nicht beides?
    Seit Wochen dominieren die Impfungen die Schlagzeilen, von COR-101 ist jedoch nur wenig zu hören. Es geht um Fragen wie: Wer wird geimpft? Wann wird geimpft? Und wie viel wird geimpft? Klar ist: Langfristig ist die Impfung der hoffnungsvollste Weg, die Pandemie endgültig in den Griff zu bekommen. Doch Viren lassen sich nicht nur mit Impfstoffen bekämpfen. Auch die Forschung an Medikamenten gegen Covid-19 hat in den vergangenen Monaten nicht geschlafen.
    COR-101: ein Medikament mit wenig Ansprüchen
    Ein aussichtsreicher Kandidat ist der menschliche Antikörper COR-101. Mit Beginn des neuen Jahres geht COR-101 in den Praxistest an infizierten Patientinnen und Patienten. Die Hoffnungen sind groß, denn eine wirksame Symptombekämpfung würde ebenfalls Leben retten. Außerdem ließe sich das Medikament wesentlich schneller produzieren und leichter lagern als manche Impfstoffe. Und auch die Testphasen dürften bei dem Medikament wesentlich kürzer sein als bei einem Impfstoff.
    Das einzige Problem der Forschenden: Die Suche nach einem Medikament wird, im Gegensatz zur Forschung an Impfstoffen, kaum finanziell unterstützt. Auch die neue 50-Millionen-Euro-Finanzspritze des Bundesministeriums für Bildung und Forschung reicht dem Forschungssektor nicht. Ein Ungleichgewicht, das laut Dr. Stefan Dübel von der Uni Braunschweig unverständlich ist, denn Antikörper-Präparate ließen sich bei Bedarf wesentlich leichter an breite Teile der Bevölkerung verabreichen als der Impfstoff.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *