Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Dat verflixte 7. Joer fir d’Regierung 

Dat verflixte 7. Joer fir d’Regierung
Image par Alexas_Fotos de Pixabay

gläich dräi politesch Mastodonten hunn d’Politik verlooss! De Vizepremier Etienne Schneider mécht dat zwar eréischt offiziell de 4. Februar, ma eleng seng Ukënnegung vum “Ophalen”, vum “neie Liewe sichen” ass als Demissioun ze bewäerten.Matt him verschwënnt ee vun den Architekten vu Gambia 1. 2013 goung et no de Wahlen fir d’Sozialisten allerdéngs net ëm Ideologie,

picture credits: gouvernement.lu

ma eenzeg an eleng ëm dat politescht Iwwerliewen: d’LSAP hat dat bis dohinner schlechste Wahlresultat gemaach, eng Koalitioun mat der CSV wier zwar rechneresch méiglech gewierscht, awer net politesch, schliisslech haten déi Schwaarz d’Genossen als Kinéksmäerder an der SREL-Affaire dohinner gestallt. Aus sozialistescher Siicht blouf also just d’Méiglechkeet vun enger Dräierkoalitioun. Dat nennt sech “d’Fënsteren oprappen, fir den ale Mief” erauszeloossen! Den Etienne verléisst elo (iwwerraschend) séier d’Regierung; mat him geet eng wichteg Stäip fir d’Koalitioun verluer an och fir de Premier Bettel. Dem Etienne seng Rechnung, fir am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal ënnerdag ze kommen, soll iwwregens net opgoen; do soll et e Blockage ginn vum  Här Mittal, dee sech bis ewell kee kann erklären.

Doniewt muss en neien LSAP-Parteipresident gesicht ginn; dee schéngt fonnt ze sin an der Persoun vum Francine Closener, also eng Presidentin, déi mat hirer berufflecher Vergaangenheet als Speakerin op Radio Lëtzebuerg d’Erfahrung vum professionelle “Schwätzen” mat sech bréngt. Weider heescht et, datt Gespréicher lafen mam “Schniggy”-Schneider, datt hien och an der Halschent vun dëser Legislaturperiod sollt säi Mandat néierleën an et hätt een sech esouguer getraut, ähnlech Gespréicher mam éiwegen Ausseminister Jean Asselborn ze féieren; bei himm wär een bis ewell op Granit gestouss! Nächst Spëtzekandidatin vun de Genossen(innen) soll iwwregens d’Madame Taina Bofferding ginn.

 

Braz heescht deen zweeten Demissionnär, deen allerdéngs net fräiwëlleg gaangen ass, ma aus deene bekannte gesondheetleche Grënn. Ma och hien gëllt als Matdenker fir d’Dräierkoalitioun; schliisslech hate gréng Vertrieder sech schonn Joer virdrun mat bloe Politiker regelméisseg gesinn, fir am Kader vun der “Pizza Connection” bei roudem Wäin driwwer nozedenken an ze lästeren, wéi een dat politesch pechschwaarzt Lëtzebuerg kéint e bësselche méi fuerweg maachen.

image credits: gouvernement.lu

Déi Blo – net nëmme Politiker, ma och Finanzjongleuren- waren net oninteresséiert, well d’Erfahrungen um Knuedler gewisen haten, datt mat deene Gréngen duerchaus Kiischten z’iesse woren, an datt een sech net misst mat hinnen fir all ideologesch Klengechkeet bis op d’Blutt zerklappen. Och de Felix huet als Stäip gegollen vun der Dräierkoalitioun an nees engkéier, och fir de Premier Bettel!

Bodry ass den drëtte Mann, deen sech aus der aktiver Politik zeréckzitt, zwar kee Mann aus der Regierung, ma dach e Vertrieder mat Regierungserfahrung, e grousse Kenner vun de politesche Couloiren. Den Alex ass den zweete Sozialist, deen am 7. Joer vu Gambia senger Wee geet a säin neit Gléck am Staatsrot sicht.

image credits:Wikipedia

Och hien hannerléisst e grousst politescht Lach – um Krautmaart an an de Kulissen: méi wéi eng Kéier konnt hien am Plenum oder a Chamberkommissiounen verhënneren, datt d’Regierungsequipe net komplett plaakeg do stoung vis-à-vis vun der Oppositioun. Eng drëtt wichteg Stäip fir d’Dräierkoalitioun, wou een sech d’Fro stellt: ginn dës dräi Departen duer, fir d’Regierung un d’Wackelen ze bréngen, datt d’Schëff esouguer kéint ënnergoen?

…. Politesch Observateuren sinn sech eens: wann  Gambia implodéiert,

dann dëst Joer …

…well déi Joer drop ass ee schonn ze no beim nächste Wahltermäin. Sollt et tatsächlech zu enger Regierungskriis kommen, dann hätt déi nei Koalitioun ëmmerhinn nach ronn 30 Méint Zäit, fir beim Wielervollek ze iwwerzeegen- oder och net. Eng nei Koalitioun ka jo nëmmen mat der CSV geschéien, reng arithmetesch; ofgesinn dovunner, datt déi Schwaarz géingen kaal erwëscht ginn -ween ass ministrabel?- wär d’CSV eng éischte Kéier an der Roll vum “klenge” Koalitiounspartner, an deem Sënn, datt si net de Premier kéinte stellen. Bis et awer esou wäit ass, bleiwt ofzewaarden, wéi gutt sech de Rescht vun der Dräierband ka behaapten. Ech erwaarde mir duerchaus neie Wand vum Vizepremier Dan Kersch, vun deem allerdéngs kaum unzehuelen ass, datt hien a komplizéierte Situatiounen direkt sengem Premier de Réck stäipt: seng Missioun (impossible?) besteet doranner, der Regierungspolitik ee méi sozialistesche Stempel opzedrécken. Also aus der Tomat de Jus erauslafen ze loossen a sech op d’Kären konzentréieren. Bis ewell hunn d’Genossen an där Hisiicht dacks den zweete Präiss krut: d’Eropsetzen vum Mindestloun war eng tzotzialistesch Iddi, déi awer herno déi Liberal fir sech revendikéiert hunn.

ofzewaarden bleiwt och, wéi gudd sech déi Gréng kënnen duerchsetzen- an der Regierung an am Vollek. De Klimapak ass bis ewell just e Päckelchen, ma soll dee bescht duerchduechte sinn an der Europäescher Unioun. Kritik wäert net ausbleiwen, a Claude Turmes, Carole Dieschbourg a Consorten kréien e kräftege Wand entgéintgeblosen. Mol kucken ob si déi néideg Schonggréisst hun, fir net ëmzekippen! Grad déi lescht Wochen hunn op internatinalem Plang an och zu Lëtzebuerg gewisen, datt d’Oppositioun géint CO2-Hysterie um Wuessen ass…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *