komesch Deeg! All Hänn voll ze dinn. Moies bei der Hoerdoktesch, Mëttes bei der Generalistin. Ech kommen zur Konklusioun: déi blo Schutzmask steet der Fra vill besser ewéi dem Här, bei deem ee mengt, hie wéilt sech verstoppen. Ma viru wat? Ah jo! D’Schaarchteschbotzer si laanscht komm; hinnen hir Mask wor nach just ganz liicht blo. D’Männer woren méi wéi manéierlech a froten, ob si dierften an d’Haus kommen? Gelunge Fro! Wéi sos sollten si hir Aarbecht kënne maachen?
Déi zwee Männer mat Zylinder goufe mir d’Explikatioun. Si hunn et nämlech munechmol mat Clienten ze dinn, déi wéinst dem Corona extreem panikéieren, hyperventiléieren. Bei deene Leit missten si d’Schong ausdoen a Schutzkleeder undoen; eng Quittung gëtt net ënnerschriwwen, si gëtt desinfizéiert an d’Bréifkëscht geluecht! Ech duecht bei där Geschicht drun, datt fréier de Schaarschtechmann seng Longen mat enger Quetschendrëpp desinfizéiert huet. En ” pour-boire” eben, ma laang ass et hir.
zweemol duerch d’Stad getrëppelt. Nawell vill Leit an de Gaassen, ma wéineg an de Geschäfter. Och do kréien ech vun de Kommerzante gesot, datt d’Clientèle nach e bësselche schei wär. D’Geschäfter lafen also net bommeméisseg gutt, ëmsou méi wou vill nei Wuer wahrscheinlech ni ukënnt, well a Länner wéi Indien, Bangladesch asw d’Fabrécken hu mussen zougemaach ginn. Wéi d’Welt dach kleng ass!
Ech denken un déi Fraen a Männer, déi dohannen näischt ze bäissen an ze räissen hunn an ech selwer mech net entscheede kann, ob ech eng nei Jeans soll kafen oder net. Waarmt Stoff, si ass nach vun der Wanter-Collectioun.
Glécklecherweis si mir bal total deconfinéiert. Mir kënnen eis nees gréisstedels fräi beweegen. Just den Horesca-Secteur hurrelt. An d’Diskussioun iwwer den home office ass voll am gaangen; eng Persoun seet iwwerzeegend, datt duerch den télétravail Mënscheliewen gerett goufen. Idem fir de congé pour raisons familiales, idem fir de lockdown an de Schoulen, wou allemol vill manner Datzen geknätzelt goufen. Ech wonnere mech, datt de Mobilitéitschef François Bausch déi Iddi nach net opgegraff huet: während dem Confinement gouf bal net mam Auto gefuer, also deementspriechend wéineg Stroossenaccidenter. An aus dem ëffentlechen Transport gouf eng Zort Individual-Verkéier. Fatzeg deiere Spaass!
ech stoung gëschter am Irgärtchen. Klenge Stau. Bal wéi a gudden alen Zäiten. Et feelen nach ëmmer d’Signaiisatiounsluten. Et wäert jo keen se geklaut hunn?!Grad zu deem Ablack huet en décke Vull ofgehuewen, ee vun der Cagolux. Nostalgie koum bei mir op, duecht un de Reinhard mat sengem Hoch über den Wolken. Sollt ech net mol froen, ob ech esou ee Flieger fir eng Destinatioun an de Süden kéint charteren? Ëmsou méi wou meng Fra ëmmer esou vill an d’Valissen tässelt?
Mä, kënnt net alles souwisou zeréck? Et misst ee just Gedold hunn?!
De Stroosseverkéier hëlt zou a féiert zu de gewinnten Amphoragen an de Stied. Greenpeace huet dofir esouguer eng Etude maache gelooss an esou Spendesouen iwwer d’Schëller gemaach. Jo! Och de Wollef kënnt erëm! Mir hunn hien virun Deeg bei eis tëscht Gaart a Bësch erbléckst, keng 25 Meter vun den Haiser ewech. Elo weess ech wéinstens virwat déi aner Säit vu menger Strooss d’Wollefslach genannt gëtt. Back to the roots! D’Natur ass esou eppes vu konservativ!
Ma et vergeet och munches: um Ufank vum confinement souz ech um Balkon. Owend fir Owend koum en Trapp, eng Prozessioun vu Leit laanscht meng Hausdir. Bal alles Mënschen, déi ech nach ni gesinn hat. Si goungen an de Bësch spadséieren, gounge lafen, wore mat Velo oder Trottinette gefuer, an si all, awer och wierklech ALL hu mir gewénkt, “Moien” geruff, “Bonsoir, wéi geet et”, si woren all bal iwwerdriwwe frëndlech. Solidaritéit a schwéiere Momenter, dat hëlleft.
Elo, zanter 10 Deeg ass dee Spektakel net méi. De Bësch ass net méi esou attraktiv, den Alldagstratt huet nees ugefaangen an et ass ee glécklech, wann een net op der Strooss sëtzt. En Hauch vu Mënschlechkeet war just fir eng kuerz Zäit…