Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Endlech! Déi Gréng schafen de Papp of an och d’Mamm! 

Endlech! Déi Gréng schafen de Papp of an och d’Mamm!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Fréier war alles besser! Zum Beispill hate mir viru 5 Deeg Weekend. Haut awer ass mäi Gebuertsdag. Nach laang kee Grond, méi al ze ginn, ma et wullt a mir. Wéi sollen d’Kanner mir wënschen? All Gutts fir deng 66,….Pappi! Dat geet guer net. De Papp ass de facto aus dem Vokabulär gestrach. An d’Mamm huet neierdéngs och näischt ze laachen! Also sollen d’Kanner mech Zeuger nennen oder Spermiespender? D’Mamm wär d’Gackelchersnascht. Dat liest sech elo esou, wéi wann ech schonn e Patt ze vill gedronk hätt! Ass net de Fall, a meng Geschicht huet ewéi esou dacks e politeschen Hannergrond.

De Moien goung et an enger parlamentarescher Kommissioun iwwer de Gesetzprojet fir den droit à l’accès d’origine. De 6. Februar hat ech driwwer geschriwwen,https://bit.ly/3eX7Re3 op deem Weekend nämlech woren d’Gemidder héich gekacht, besonnesch bei de Männer. Am Gesetzprojet https://bit.ly/39RkE0y ( éischt Versioun)geet et ëm d’Adoptioun, respektiv ëm d’Recht vum adoptéierte Kand, enges Daags seng “richteg” Elteren kennen ze léieren, op d’mannst, gewuer ze ginn. An iwwerhaapt: déi ganz Polemik betrëfft eleng d’Adoptioun an déi kënschtlech Befruchtung!

Image par Gordon Johnson de Pixabay

Den Term “Papp” blouf dobäi op der Streck. Zum Deel ass et ze verstoen. D’Welt ass eben méi komplizéiert ginn. Huele mir zum Beispill de Fall vun enger homosexueller Koppel, déi e Kand adoptéiert. Deen Nowuess huet dann 3 Pappen: e geneteschen an zwee Adoptiv-Pappen. A méiglecherweis ass dee Puppelchen vun enger Fra op d’Welt gesat ginn, déi sech kënschtlech befruchte gelooss huet. Also eng schéin Hujel, besonnesch wann een déi Terminologie muss an e Gesetzprojet abauen.

D’Männerwelt stoung virun 3 Méint op der Kopp. De Pappeli huet als opgehaange gegollt, souzesoen als Enn vum Patriarchat. Déi Gréng haten decidéiert, de Projet nach emol op de Leescht ze huelen. Deen neien Text gouf haut accouchéiert.

An d’Oppositiounsparteien hunn net schlecht gestaunt. Elo verschwënnt net nëmmen de Pappeli, ma och d’Mammeli. Warscheinlech am Sënn vu Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter. Si nennt sech neierdéngs le parent qui a accouché un enfant! De René Kartheiser vun der ADR war selwer net an där Kommissioun present, dofir goung et zimmlech gemälleg erof. D’CSV huet just hir Iwwerraschung zu der neier Terminologie zum Ausdrock bruecht, fir de Rescht awer refuséiert, op d’Barrikaden ze goen. Och eng CSV huet schliisslech d’Gesetz mariage pour tous mat gestëmmt.

Image par Gordon Johnson de Pixabay

Dobäi sinn et déi Gréng selwer, déi de gréisste Probleem hunn. E Gesetz zeechent sech e.a. doduercher aus, datt et onparteiesch ass. An dësem Projet awer gëtt een d’Gefill net lass, wéi wann d’Tëntefaass vu lauter Ideologie iwwergelaf wier. Frankräich zum Beispill huet am nämmlechte Kontext och e Gesetz an do bestinn weider père mère. Grad esou ass et nach zum Deel am code civil zu Lëtzebuerg. Bleift ofzewaarden, wat de Staatsrot zu deem ganzen Trallala ze soen huet.

Am Juni ass Mammendag, pardon, ass den Dag vun deene Liewewiesen, déi ee Kand oder méi zur Welt bruecht hunn. Am Oktober dann: Papperlapapp! An déi Gréng kënnen sech dréien a kéieren, si ginn de Sujet – ongerechterweis- nach esou bal net lass!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *