Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Cargolux: sinn déi Gréng déi besser Blo? 

Cargolux: sinn déi Gréng déi besser Blo?
image credits: Cargolux

D’Madamm Christianne Wickler gouf also quasi iwwer Nuecht Presidentin vum Verwaltungsrot bei der Cargolux. Si huet esou vill Anung vun der Fligerei ewéi Dir an ech: e puermol d’Joer an de Fliger gesprongen fir an d’Vakanz oder fir op e beruffleche Meeting, an dat ass et schonn! Mä opgepasst! Do kritt ee gären de Reflex als Macho virgehäit, als Mann, dee frustréiert ass, datt eng Fra mat esou enger wichteger Missioun chargéiert gouf.

Well de Pol Helminger hat um Ufank grad esou wéineg Erfarung mat der Aviatioun an huet sech trotzdeem séier a gutt ageschafft. An där Iwwerleeung kritt een dann als Äntwert ze héieren, datt de Pol dach vun engem anere Gabarit ass wéi d’Christianne. Wat ofzewarde bleift, grad esou ewéi hir ideologesch Obsessiounen als Ekologistin. Si souz fir déi Gréng just fir 8 Méint an der Chamber, duerno huet si sech zeréckgezunn, mat der Asiicht, datt Politik net hiert Puer Schong ass. Respekt! Esou vill Éierlechkeet ass rar. An awer verdankt si dee gutt bezuelte Posten hirer Parteikaart.

Et ass also ofzewarden, a wat fir eng Richtung si als Kapitänin d’Cargolux wëll histeieren. Esou vill Fret wéi néidech, esou mann Fret wéi méiglech? Also Gromperen aus Zypern am Fréijoer sinn ok, well déi al Buppen vum Kontinent ufänken, ronscheleg a muedegrëmmeg ze ginn. Ma Tulpen aus Südafrika matzen am Wanter, dat ass ekologesch net méi ze vertrieden! Ass esou eng Business-Opstellung fir e Betrib drann, deem seng wirtschaftlech Missioun doranner besteet, Gewënn ze maachen?

Ouni wollen der Christianne Wickler Fundamentalismus z’ënnerstellen, fir déi Gréng ass d’Fligerei e rout Duch. An der franséischer Stad Poitier gëtt et eng ekologesch Buergermeeschtesch, d’Madamm Léonore Moncond’huy an déi sot virun 5 Wochen an enger Gemengerotssëtzung: «C’est triste, mais l’aérien ne doit plus faire partie des rêves d’enfants aujourd’hui.» Le Figaro https://bit.ly/3uaHrMr Déi Gréng géifen also souzesoen de Kanner diktéieren, wat si esou alles däerfen dreemen a wat net. Erënnert mech iergendwéi un e Gebot aus dem Katchëssem! Hoch über den Wolken ass eriwwer, Flugscham ass gefrot.

image credits:Krzysiek Manowski

Dobäi huet d’Madamm Wickler scho längst hire Rousekranz gebiet mat der Ausso an engem RTL-Interview: alles, wat mir hei hunn, muss geflu ginn, well mir dat hei net produzéieren! Also d’Uklo géint den Halligalli-Konsum gouf fale gelooss, den Ugekloten, nämlech d’Fligerei, gouf fräi gesprach. Den éiwege Pilotage à vue vun deene Gréngen geet monter weider: Hau den Lukas esou laang ee selwer keng Verantwortung muss droen an ee souwisou alles besser weess; ass een awer bis un der Muecht, gëtt séier de Wollefs- géint de Schofspelz getosch.

Dovunner ofgesinn ass d’Wickler net eleng am Verwaltungsrot. Do sinn d’Chinesen mat der HNCA, de lëtzebuerger Staat sëtzt mat um Dësch, zesummen mat der Spuerbëx a mat der SNCI. All dës Aktionären hunn eppes gemeinsam: si wëlle Goss gesinn, haart Mënz, egal ob vu Buppen oder vun Tulpen. E Fliger mécht nun emol Knascht. Nach ënnert dem Pol Helminger goungen d’Iwwerleeungen an d’Direktioun, fir sech vun de CO2-Sënne fräi ze kafen, zum Beispill duerch e Schëff, dat Wandmillen um oppene Mier kann opriichten.

En anere Steen um Fouss vun der Epiceriegeschäftsfra a vun der neigebakener Cargolux-Presidentin ass hir Internet-Plattform mam Numm EXPRESSiS VERBIS  https://bit.ly/3nD0pZz a wou kritesch bis populistesch Artikelen iwwer d’Coronakris publizéiert ginn: Affekoten, Proffen an Ekonomisten hannerfroen zum Beispill déi verschidde Restriktiounen.

E Journalist huet sech selwer am Interview mat der Christianne Wickler verroden mat der Iwwerleeung: schwächen esou Froen awer net d’Aarbecht vun den Autoritéiten? An anere Wieder: de Pressevertrieder verbitt sech kritesch Froen a stellt sech ouni Widdersproch hannert Bettel, Lenert a Co. Bosseg Astellung! Nach dësen Donneschdeg koum am MONITOR op der ARD e Reportage iwwer eng wëssenschaftlech Etude zum Thema Sënn an Effikassitéit vun der Ausgangsspär; a Freides koum de Verdikt vun engem Geriicht an der Belsch: “un tribunal juge illégale la fermeture des restaurants!” Alles Verschwörungstheoretiker, “Schwurbler”,Schwadonéierer?

image credits: Tom Mousel

Et éiert de Minister Bausch, an dësem Kontext de Fändel vun der Meenungsfräiheet héich ze halen. Mä wat blouf him och sos iwwereg? De Fränz konnt dem Christianne jo net an der Ëffentlechkeet de béise Fanger maachen! Stonnen no hirer offizieller Nominatioun wier dat en Désaveu gewiescht, zugläich eng Blamage fir de Minister selwer! Der Madamm bleift allerdéngs näischt aneschters iwwereg, ewéi sech vun dëser Online-Plattform ze distanzéieren.

An zwar esou séier ewéi méiglech! Et kann net sinn, datt d’Cheffe vun der véiertgréisster Fret-Aviatioun op der Welt an een Dëppe gehäit gëtt mam zwar interessanten, ma net onkontestéierten Dokter Didier Raoult aus Frankräich. Si gëtt doduerger ze liicht ugräifbar! Dat huet näischt mat Meenungsverbuet ze dinn, mä mat Prioritéitesetzung. D’Cargolux ass dee leschte Fleuron vun eiser Industrie a verdéngt, datt een sech ëm si këmmert: d’Geschäfter musse rullen – oder fléien?-, an zwar ronderëm d’Auer.

Also och zu spéider Stonn, wa Lëtzebuerg am Bett läit. De Mobilitéitsminister ass allemol ganz mëtschgieweg, wat d’Nuetsvollen ugeet, bei wäitem méi, wéi Anno Tubak a senger Oppositiounszäit. Un der Madamm Wickler läit et, ze beweisen, datt déi Gréng tatsächlech déi besser Liberal sinn, datt Ekologie a wirtschaftleche Wuesstem kee Paradox sinn. Dat versprécht zimmlech rockeg ze ginn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *