CoVid-19: Lieserbréif vun der Anna Hoschtialek – déi aner Säit vun der Mënz

7
12702
Image par silviarita de Pixabay

d’Coronathematik huet mech an de leschte Méint immens opgewullt. All Dag, reien ech mech un der Front un, mä d’Vertrauen un d’Medien hunn ech verluer. Géint de Stroum ze schwammen ass op Dauer ustrengend, mä fir mech, besser wéi fortzekucken.

 

Ech wënsche mir eng besser Liewensqualitéit fir all Mënsch a virun allem fir eis vulnerabel Mënschen. Dës kënne mir erreechen duerch d’Stäerkung vun eisem Immunsystem! Zesumme fir e gesond a equilibréiert Liewen!

 

Mam Corona duerch eisen Alldag

 

D’Coronavirus-Thematik begleet eis all Dag. Déi ganz Woch gi mir an de Medien oder am Gespréich mat de Leit domat konfrontéiert. Et gëtt e permanent iwwert déi nei Zuelen informéiert, wéi vill Leit sech infizéiert hu mam Corona a wéi vill dru gestuerwe sinn.

Wéi eng Politiker oder wéi eng Sportler betraff sinn.

 

Un esou frappant Informatiounen si mir déi lescht Joeren net gewinnt an domatter konfrontéiert ginn. 2017 sinn ëm déi 100 Leit duerch d’Gripp pro Woch gestuerwen, mä dat krute mir net drëpseweis all Dag beriicht, mä eng Kéier an engem Artikel.

 

De Kapp fënnt keng Rou méi an de Kierper gëtt midd duerch d’Diffusioun vun de Medien.

 

Ech wënsche mir, datt mir no eisem Immunsystem kucken, mä am Moment setze mir alles dorunner fir deem ze schueden. (ex: Stress, Angscht, ongesond Ernierung …)

 

Ofgesi vun der Belaaschtung déi dës momentan Situatioun mat sech bréngt, heefen sech déi verbal a schrëftlech Ugrëff tëschent de Leit an de Respekt ënnerenee geet nach méi erof.

Verschidde Frëndschafte leiden ënnert dëser Situatioun, well d’Meenungen ausernee ginn an een einfach dësem Thema net aus dem Wee ka goen.

 

D’Meenunge ginn auserneen

 

Obwuel d’Meenungen an eiser Bevëlkerung zu dësem Thema ausernee ginn, denken ech, datt d’Majoritéit vun de Leit hei zu Lëtzebuerg, wéi op der ganzer Welt, sech eng gutt Gesondheet fir sech, fir hir Famill an d’Matmënsche wënscht.

 

An de sozialen Netzwierker stoussen déi verschidde Meenungen openeen. Déi eng Bierger gesinn d’Situatioun, wéi d’Politiker eis se diktéieren, déi aner si mat munch Decisioun vum Här Meisch net averstanen an nach anerer stellen déi ganz Coronasituatioun deels oder ganz a Fro.

 

Fir mech ass de Corona e Bestanddeel vun eisem Liewe ginn, ewéi d’Influenza, d’Schwéngsgripp, etc. Vläicht kéint d’Apparitioun vun dësem Virus eis motivéieren, eis méi ëm eis Gesondheet ze këmmeren an ëm déi vun eise Kanner?

 

Ech hale mech un déi obligatoresch Reegelen an ech sinn och der Meenung, wann een eng Gripp oder Erkältung mat Symptomer huet, datt een doheem bleift fir säi Kierper auszekuréieren an net ënnert esou Viraussetzungen op d’Aarbecht, an d’Spidol oder an een Altersheem geet aus Respekt virun sech an de Matmënschen.

 

De PCR TEST verléiert ëmmer méi u Credibilitéit

 

Wann d’Medien weiderhinn all Dag beriichten op kee Mënsch, 1, 2, … gestuewen sinn, da bewierkt dat Angscht bei ville Leit, well mir net wéi Dokteren un den Doud gewinnt sinn. Fir d’Dokteren ass et eng Normalitéit, datt all Dag Leit duerch d’Gripp stierwen wärend der Grippenzäit, mä net fir eis!

 

Fairerweis, froen ech Iech, léif Medien, eis den tatsächleche Grond vum Doud ze nennen an eis ze soe wéi vill aner Leit nach gestuerwe sinn den Dag. Da kréie mir « normal Bierger » och e bessert d’Gefill zum Doud a kënnen et besser an objektiv ofspäicheren, wéi d’Dokteren duerch hir Berufserfarung. Den Doud ass e Bestandsdeel vum Liewen op mir dat wëllen oder net.

 

Si mir virun dëser Coronathematik all Dag mat Biller a Videoe konfrontéiert gi vu Patienten mat anere Krankheetsbiller (Kriibs, Longenentzündung, Häerzinfarkt, …) an déi och, op der Intensiv-a Palliativstatioun lungen?

Ech wënsche mir Transparenz.

 

A tour de rôle sëtze mir an der Quarantaine oder am Isolement, baséierend op de Resultater vum PCR Test.

 

Ech si keen Expert, mä dat sinn d’Politiker och net. Lëtzebuerg ass kleng a mir gi Villes gewuer a kuerzer Zäit, wat ëm eis geschitt. a lues a lues ginn dës Aussoe vun der Bevëlkerung, vun de Medien bestätegt.

 

An Däitschland, Eisterräich, Italien a Frankräich ass eng Beweegung déi iwwert déi aner Säit vun der Mënz beriicht. Et gi gewaltfräi Demoe gehalen (natierlech ginn et och ëmmer vereenzelt Leit déi randaléieren) an d’Medien erlaben der Bevëlkerung déi zwou Klacken ze héieren duerch Dokteren an Affekoten.

Obwuel vill Leit d’Situatioun a Fro stelle bei eis, verstëmmt jiddereen, huet Angscht virun der Meenung vum Noper, Angscht virun der Existenz, etc.

 

Ech si besuergt iwwert déi Aart a Weis vu Journalismus hei zu Lëtzebuerg, déi just d’Stëmm vum Ministère am Moment huet.

 

Et ginn och Leit déi dës Erugoensweis hannerfroen an awer gläichzäiteg sech un d’Reegelen halen. An dat Recht hu mir. Ech denken, datt mir dat Recht hunn no Prezisiounen ze froen an d’Mesuren ze hannerfroen.

 

Ech stelle mir folgend Froen net ouni Grond, mä well ech dat Ganzt verstoe well:

 

  • Wéi vill positiv oder negativ Tester si net richteg ausgewäert ginn (et ass d’lescht Woch fir d’1, datt eis Medien dëst opgegraff hunn, datt och e positive Test falsch ka sinn)
  • Wéi vill Tester si positiv, mä de « Corona Partikel » ass inaktiv a net ustiechend?
  • Wéi vill Leit hunn sech direkt eng zweet Kéier teste gelooss an op emol ass den Test negative ausgefall? De positiven Test fléisst awer och dann an den Total.
  • Wéi vill Leit sinn asymptomatesch?
  • Wéi vill Leit sinn duerch, mä net um COVID-19 gestuerwen? Heizou gouf et eng Prezsioun lescht Woch vum DR SCHMIT[1]: “Jidder Persoun am Land, déi de COVID-19 huet a stierft, gëtt als Covid-Doudege gezielt. Ob de Virus elo Doudesursaach ass oder net, spillt keng Roll.”

 

An anere Wierder: wie gëtt alles dobäi gezielt:

 

  • e Mënsch den eng schwéier Krankheet huet dorunner stierft a COVID-19 + ass
  • e Mënsch ouni Symptomer, de COVID-19+ ass, vun der Leeder fält a stierft
  • e Mënsch de palliative fin de vie am Spidol leit, COVID-19 + ass a stierft

 

An der Grippenzäit leeft et d’selwecht, laut dem Artikel « Environ 120 décès par semaine[2] ».

 

« C’est ce qui ressort de la réponse de la ministre de la Santé, Lydia Mutsch à une question parlementaire du député CSV, Jean-Marie Halsdorf.

L’Inspection sanitaire de la direction de la Santé a constaté qu’au total, à la mi-janvier, jusqu’à 120 décès ont été enregistrés chaque semaine au Luxembourg. La moyenne est habituellement de 80. Ce phénomène est observé chaque année, selon la ministre.

Tous les décès ne sont pas à mettre directement sur le compte de la grippe, mais ils sont plutôt à attribuer aux problèmes de santé des personnes concernées, qui sont aggravés par la grippe. On ne pourrait pas parler d’une surmortalité causée par la grippe. »

 

D’Wort huet esou een ähnlechen Artikel « La grippe n’a pas été plus meurtrière ce hiver[3] » rausbruecht,  jüst datt hei nach präziséiert gouf, datt et geféierlech ka gi fir vulnerabel (sida, Asthma, Herzproblemer,…) Persounen, wéi Kanner, eeler Leit a krank Leit.

 

Dat sinn alles Erklärungen, déi mir och iwwert de COVID-19 beriicht kréien.

 

D’Direktiounen, verschidde Schoulen a Presidente sinn um Limit ukomm vun hirer Kraaft, well d’Ministèren hir ganz Mesuren a Richtlinnen op de Large Scale Testing baséieren deen a mengen Aen seng Fiabilitéit verléiert.

 

Den Här Meisch steet zur Ofwiesselung héich an der Kritik. Dës Kéier verstinn ech et net. Hien zitt um selwechte Strang wéi d’Santé an den Här Bettel, no Récksprooch mat de Conseilleren. Hie baut seng Politik op an Ofsprooch mat alle Ministèren. Bon, ceci dit… Net hien ass de Problem a mengen Aen un dësem Dilemma, mä de PCR Test an d’Approche vun eiser Politik !

 

Den Accent gëtt geluecht op d’Impfen, wéi dat esou oft geschitt.

 

Wisou gëtt keng Compagne gestart vum Ministère à la «  Stäerkt Äert Immunsystem » ?

 

Léiwe Ministère, léif Journalisten, léif Dokteren, léif Elteren, léif Schoul-a Lycéespersonal, gi mir eiser neier Generatioun dëst mat op de Wee, stelle mir d’mënschlecht Immunsystem an de Virdergrond vun eiser Gesondheet fir eis an eis Kanner.

 

[4]D’Statistike vun 2017

 

Ech hu mech dëse Weekend déi éischte Kéier mat de Statistike vun den Doudesgrënn hei zu Lëtzebuerg beschäftegt.

 

Ech hu mech bis zu dem Zäitpunkt net wéi vill Bierger mat dem Thema oofginn. Ech kann Iech soen, et ass frappant wéi vill Leit un der normaler Gripp, un Tumeuren an anere Krankheete gestuerwe sinn.

 

Wéi och schonns méi uewen erwäänt, ass 2017 an der Grippenzäit een Artikel vum RTL rauskomm, den elo am August 2020 rectifiéiert ginn ass. Ëm déi 100 Leit sinn d’Woch gestuerwen duerch d’Gripp. Ech präziséieren, datt d’Majoritéit vun den Affer um Schluss vun hirem Liewen ukomm sinn oder och schonns eng uerg Krankheet haten, a genau dat hu mir och beim Corona. Den Text gräift och op,datt d’Gripp geféierlech ass fir déi vulnerabel Persounen (HIV, Asthma, Häerzproblemer,…)Kanner, äler Mënschen a krank Leit.. Zur Ofwiesslung gëtt och an dem Text eng Impfung proposéiert an et gëtt kee Wuert doriwwer verluer, wéi mir eist Immunsystem stäerke kënnen. Ech froe mech och, huet sech d’Influenza elo a Loft opgeléisst zanter et de Coronavirus gëtt?

 

Ech war mir och net bewosst, datt am Joer 2017, 604 Männer a 556 Frae un engem Tumeur gestuerwe sinn, wat eng Gesamtzuel vun 1160 Leit ausmécht. Ech denken, datt mir schonns all an dem Fall waren, wou e léiwe Familljemember, Frënd, Aarbechtskolleeg oder Bekannten de Kampf géint eng Tumeur verluer huet an dat all Joer. Et fält mir op, datt dës Thematik säit Joerhonnerte bekannt ass an awer net esou eng Wichtegkeet an Opmierksamkeet gewënnt wéi de Corona.

Ech si mir bewosst, datt d’Tumeuren net ustiechend sinn an awer ass dëst Mënscheliewe mir genau esou wichteg.

Obwuel ech een normale Bierger sinn, de keen Universitéitenofschloss an der Medezin huet, ass et natierlech immens schwéier nozevollzéien, wisou esou e grousse Poids op de Coronavirus geluecht gëtt, wann 10 mol méi Leit un Tumeure stiewen.

 

1276 Mënsche stierwen u Kreeslaferkrankungen am Joer 2017 (106,33 Mënschen de Mount) an 314 Patienten un Otemweeerkrankungen. (Immunsystem stäerken duerch d’Bewegung, Ernierung, Stressmanagement, etc.)

 

6 Kanner sinn 2017 u Kribs gestuerwen.[5]

 

Wisou krut ech vun dësem massiven Engagement an Asaz nach näischt mat fir eis Affer déi sech d’Liewe geholl hunn? Wéini schwätze mir d’Thema vum Selbstmord un? 66 Mënschen hunn sech 2017 d’Liewe geholl…Donkelziffer ass sécher méi hésch… Mir sinn 2020 an nach ëmmer ass et een Tabuthema.

Zesumme kënne mir vill bewierken! Wéi kënne mir dës Selbstmordrate senken? Wou sinn d’Lacunnen an eisem System? Ass et den Drock an eiser Gesellschaft? Ass et déi Angscht virun enger Verännerung? Ass et de Schoulsystem?

 

Et ass impressionnant wéi a kuerzer Zäit, dëst Ausmooss u Muecht, dat d’Medien an d’Politk op eis Bevëlkerung huet.

 

Gleeft mir, ech wënsche mir, datt kee vun eis e Leidenswee muss erdroen, weder duerch Selbstmord, nach duerch iergend eng Krankheet.

 

 

Amerika

 

Wa mir d’Beispill vun Amerika opgräifen, da gëtt behaapt de Virus wier do méi schlëmm ënnerwee. Ass et net éischter, datt et um Gesondheetssystem vun Amerika leit ? De Virus huet sech jo net um Wee iwwert den Atlantik verännert, mä ass op eng Bevëlkerung gestouss, déi sech immens ongesond ernäert, e Bewegungsmangel huet a net esou e Gesondheetssystem wéi mir hunn.

Thema Italien: déi aner Säit vun der Mënz

D’Ängscht déi ausgeléisst goufen

 

Vill Mënschen hunn Angscht virum Virus, sou vill Angscht, datt a ville Butteker d’Rayonen eidel ware virum a wärend dem Confinement. An och elo erëm fänkt d’Hamsteren un. Ech hunn a maache mir do manner Suergen, well mir am Duerf vill kleng lokal Betriber hunn, wou ee vun allem eppes fir z’iesse kritt a mir doheem eng Dusch an Dicher hunn am Fall wou et keen Toilettëpabeier méi am Buttek gëtt. Mä elo mol Spaß op d’Säit. Ech sinn och éierlech gesot net dovunner ausgaangen, datt den Här Bettel d’Diere vu liewenswichtege Geschäfter zoumécht, well seng Prioritéit doranner besteet eis um Liewen ze erhalen.

 

Et goufen och Mënschen déi sech doheem agespaart hunn an net méi virun d’Dier gaange sinn, well si gegleeft hunn de Virus wier an der Loft. Et ginn och nach haut Leit déi eleng mam Mask duerch de Bësch trëppelen. Laacht elo w.e.g. net, et ass besuergend wat a sou Situatioune mam gudde Mënscheverstand geschitt. Och wann dës eng vulnerabel Persoun ass, dann ass am Bësch genuch Platz fir sech aus dem Wee ze goen. Dës Situatioun beweist, wéi d’Angscht heiansdo verhënnert kloer ze denken a kreativ no Léisungen ze sichen. Ech wëll hei just eng Kéier betounen, datt dës Denkart a Verhale vum Mënsch näischt mat senger schoulescher Qualifikatioun ze dinn huet, dat hunn déi lescht Méint méi wéi bewisen an dat huet d’Geschicht méi wéi eng Kéier erlieft. (D’Reliounen, d’Kricher, d’Pharmaindustrie, …)

Mam Lock Down haten och vill Mënschen Angscht ëm hir Existenz an hunn déi och zum Deel nach haut. Si hunn hire Buttek, hire Restaurant, hir Agence, hire Cabinet (Kiné, Oesteo, …) zougemaach. Déi eng Selbststänneg kruten Subventiounen, déi aner net. Verschidde Selbstänneger missten hir Diere schlussendlech fir ëmmer zoumaachen an anerer spieren nach haut d’Nowéien vun dëser Katastroph.

 

Ech maache mir Suergen iwwert den Afloss deen d’Medien op d’Leit hunn.

 

Haut wësse mir nach net wéi sech dës Situatioun op eis mental Gesondheet auswierke kann a wéi eng Auswierkungen dat ganzt a long terme op eis Gesellschaft a virun allem op eis Kanner huet. Wäert e groussen Deel vun der Bevëlkerung mësstraueg bleiwen? Wäerte vill Leit weiderhin d’Loft anhalen, wann si engem begéinen? Wéi laang musse mir eis fir d’Néitschen an Houschten schummen? Wat fir e Bild vermëttele mir de Kanner? Wéi ass et mat dem frëndlechen, respektvollen Handdrock? Wéi ass et mat den Ëmarmungen? Dës Generatioun hei zu Lëtzebuerg zéckt net méi virun enger Ëmaarmung, virun engem Handdrock? Wéi wäert déi nächst domat ëmgoen?

 

D’Liewen am Confinement – net selwecht fir jiddereen

 

Ech muss zouginn, datt ech am Confinement just fir d’Famill an d’Aarbecht funktionéiert hunn an net wierklech eppes hannerfrot hunn. Et koum schonn mol vir, datt mäi Bauchgefill mir Onsécherheet signaléiert huet, mä et misst weider goen an owes sinn ech just nach an d’Bett gefall. Den Uerder war, bleif gesond, bleif doheem, Homeoffice, Homeschooling a just mäi Partner huet d’Akäf gemaach eemol d’Woch, wann hie vun der Aarbecht koum. Ech maache weiderhi wat mäi Superior an de Premierminister verlaangen, mä dëst Gefill, datt hei eppes ferm lusch ass, verspieren ech all Dag méi. Ech hätt kéinten de Congé pour raisons familiales ufroen, dat hunn ech aus Respekt a Solidaritéit zu Iech, op d’Käschte vu menger Famill, net gemaach.

 

Mä ech hat dat Gléck, datt ech e Gaart hunn, wou d’Kanner spille konnte bei dem schéine Wieder. En Haus, wou mir eis och mol aus dem Wee konnte goen. Ech hat doheem mäin Halt, eis huet dës Situatioun zesummegeschweesst, mä wéi ass et villen anere Leit ergaangen déi an engem Appartement, engem Studio oder an enger Kummer gelieft hunn mat Famill oder eleng? Wéi ass et deene Mënschen ergaangen, déi sech virum Confinement op d’Aarbecht oder an d’Schoul begannt hunn, well doheem keng Sécherheet a keen Halt ass? Wéi ass et de fragille Mënsche ergaangen, déi an hirem Liewe keen Auswee méi gesinn? Wéi ass et eise Léifsten am Altersheem ergaangen? Wéi ass et de schwangere Fraen beim Accouchement ergaangen, déi an de Wéien e Mask missten droen a wou de Mann just zum Schluss dobäi konnt komme? Wéi ass et eisen Elteren ergaangen, déi eleng doheem sutzen? Wéi ass et de Mënschen ergaangen déi hire Familljemember net an den Doud begleede konnten, well si net an d’Spidol konnten?

Hei zou géing ech mech gäre positionéieren. Wat gëtt et méi Schlëmmes wéi de léifste Mënsch net an den Doud begleeden ze dierfen. Wéi muss de Mënsch sech gefillt hunn déi lescht Deeg a Stonne vu sengem Liewen a wéi fillen sech déi Angehörigen déi dëst Leed erlieft hunn an haut nach dorunner knaen?

 

Ech hunn Iech net vergiess!

 

Masken an Desinfectanten

 

D’Masken an d’Desinfektante ginn als noutwendeg ugesi fir d’Infektiounszuelen anzedämmen, laut dem Ministère. Datt mir eis Hänn wäschen an net an d’Gesiicht fuere sollen, kléngt logesch. Den Desinfektant gräift d’Hänn op Dauer staark un, mä dat wousste mir schonns virun dëser aussergewéinlecher Zäit.

 

Wat de Mask ugeet, do wësse mir “normal Bierger” eigentlech praktesch näischt doriwwer. Dat typesch Beispill vum Chirurge gëtt ëmmer als berouegend Beispill opgegraff.

 

D’Fro ass just benotze mir de Mask no de Richtlinnen?

 

Wie wäscht sech d’Hänn virum Undoen an Ausdoen? Wie wiesselt de Mask wann dee fiicht gëtt? Wien péckt de Mask jüst un de Schnoueren un, wann en ugedoen an ausgedoe gëtt ? Wien leet de Mask an d’Posch, op den Dësch, … ? Wie wäscht säi stoffene Mask all Dag? Wie wiesselt säit Mask all 4 Stonnen?

 

Ech hunn d’Gefill et gëtt näischt méi knaschteges wéi de Mask…

 

Interessant wier et benotzte Masken ze huelen an dës vun engem Labo ënnersichen ze loossen!

 

 

Schoul a Spidol

 

Ech sinn all Dag mat dem Volet konfrontéiert a ka just soen:

 

“Drot w.e.g. Är Politik net um Réck vum Personal a Patienten/Schüler aus a bréngt endlech Normalitéit an d’Schoulen a Spidoler! Halt w.e.g. op d’Schüler ouni Symptomer ze testen!

 

De Problem ass a mengen Aen de Large Scale Testing an d’Mesueren déi de Ministère dorober opbaut !

 

Misst net d’Analyse vun de Resultater méi wichteg sinn, wéi d’Opzielung dovunner ?

 

Eng perséinlech Informatioun vu mir als Mamm, Léierin a normal Biergerin :

 

Vun dem Moment un, wou dir d’Entscheedung huelt, datt Schüler an der Grondschoul de ganzen Dag e Mask mussen droen, wäert dir meng Limit spieren. Ech wäert nämlech meng Kanner net méi an d’Schoul schécken, well mir hir Gesondheet wichteg ass. !

 

Gesond Grousseltere mat engem staarken Immunsystem gëtt et och hautdesdaags

 

Duerch déi däitsch Medie ginn ech gewuer, datt och gesond Grousseltere, déi COVID-19 positiv getest gi sinn, dëse Virus gutt erlieft hu wéi eng normal Gripp.

 

Wann ech zeréck blécken a meng Kandheet, gesinn ech meng Grousselteren déi meng Schwëster a mech wärend der Woch versuergt hunn. Wärend der Grippenzäit ware mir Kanner och emol krank a haten eng fatzeg Gripp, ech fir mäi Fall hat och e puer mol Scharlach. Ech ka mech erënneren, wéi ech geféiwert hunn, gehouscht hunn, a schwéier Loft krut. Dat huet awer net verhënnert, datt meng Grousselteren fir mech do waren. Mir hunn si net eng Kéier ugestach, obwuel si schonns tëschent 70-80 Joer al waren. Eisen Immunsystem stoung fir si un éischter Platz. Si hunn all Dag frësch fir eis gekacht. Et gouf Geméis an Uebst aus dem Gaart, mir waren all gudden Dag un der frëscher Loft an de Sport hat een héije Stellewäert bis an d’Jugendalter. Menger Boma war et wichteg, datt mir emol d’Joer an d’Schivakanz gefuer sinn an eemol un d’Mier. Si huet eis ëmmer erëm erzielt, datt si als Kand schwéier krank war an den Dokter hirer Mamm dëst ëmmer geroden huet.

 

Immunsystem stäerken

 

Fir sech ze schütze viru Viren, suggeréieren d’Medien eis ze impfen. Mat kengem Wuert héieren oder liesen ech all Dag d’Opfuerderung eis d’Immunsystem ze stäerken obwuel eis dat viru Krankheetserreeger a Kriibszelle schütze kéint.

 

Mat enger gudder ausgeglachener Ernierung, Bewegung, Waasser drénken, Stressmanagement, gudde Schlof a mat Iessergänzungsmëttel (wann néideg) kéinte mir fir eis Gesondheet suergen.

 

Dofir misst eng Bevëlkerung an all Ministère un engem Strang zéien.

 

Mir ass d’Wuel vun de Matmënsche genau esou wichteg wéi Iech all. Meng Approche ass just eng aner, wéi de Medien hier.

 

Hautdesdaags gëtt och oft séier e Medikament, Antibiotik oder Crème verschriwwen ouni no der Source vum Problem ze sichen. Iwwerflächlech op d’Dauer ze pléischtere kann sech schlecht op eise Kierper auswierken. Fir déi eng ass et gutt verdéngten d’Geld, fir d’Patienten kann et bis zu chroneschen Erkrankungen an am schlëmmste Fall bis zu uerge Krankheete féieren. Datt een da méi ufälleg fir e Grippevirus ass, leit op der Hand.

D’Warnsignaler vum Kierper mellen sech a Form vun Hautkrankheeten, Migränen, héije Cholesterol, héije Bluttdrock, Pilzerkrankungen, Depressiounen, Blosenentzündungen an d’Lëscht ass nach méi laang.

 

Et ginn ëmmer méi Leit déi Intoleranzen (Laktos, Gluten) hunn. D’Warnsignaler vum Kierper gi mat der Zäit ëmmer méi haart an d’Boboe ëmmer méi grouss.

 

Mir wëssen et all, dëst kristallinescht Gewürz-a Liewensmëttel mécht eis midd, schwaach a krank. De Kierper ass vill méi ufälleg op Infektiounskrankheeten, aus dem einfache Grond, well den Zocker eis d’Immunsystem ugräift. D’Themen ewéi “Zigaretten” an “Alkohol” sinn eis bal all kënneg!

 

Wéi ass et mat enger Challenge bis Chrëschtdag! Zesumme erniere mir eis gesond an halen eis duerch Bewegung fit! Wien ass dobäi?

 

Christmas challenge

 

De Ministère wënscht sech Masken, Desinfectant an e partielle LockDown, « je veux bien ».

 

Op der anerer Säit géing ech gären eng Challenge proposéieren bis Dezember wou mir eis all zesumme fit a gesond halen. Eis géijeneen ënnerstëtzen!

 

Wier et eventuell méiglech, wann den RTL iwwert d’Tele a Facebook, zougänglech fir eis all, Informatiounen diffuséiere géing fir eis an der Grippenzäit all Joer ze schützen zu den Themen gesond Ernierung an eng alldäglech Bewegung.

Hei kéinten Aktivitéiten un der frëscher Loft proposéiert ginn an iwwert d’Telee oder den Internet kéint den RTL sportlech Übungen (Bs.: Bauch-Beine-Po) oder Relaxatiounskueren (Yoga, Otemübungen) diffuséieren. D’Aktivitéite kéinte vu Sport a Yogatrainere gehale ginn déi elo manner Aarbecht, respektiv manner Leit bei sech invitéiere kënnen.

Et geet eis jo schlussendlech all ëm eis Gesondheet an dorëms eist Immunsystem ze stäerken.

 

A gläichzäiteg, froen ech Iech mat dem massivem Testing opzehalen. D’Personal vu Schoulen a Spidoler fällt gréisstendeels aus, net well si krank sinn, mä wéinst der Autoisolatioun an dem PCR Test den och Feeler opwäist.

 

Am Fall, wou eng Persoun Symptomer opweist, bleift dës Doheem, sou wéi et och bei enger anerer Gripp ofleeft.

 

Fazit

 

D’Gesondheet, wéi eng besser Liewensqualitéit läit mir um Häerzen. Wichteg wier et mir, Äntwerten op meng Froen ze kréien.

Ënner anerem wënschen ech mir e verantwortungsbewosste Journalismus. Transparenz baséiert net just op Zuelen.

An zum Schluss géing ech dat Thema nach eng Kéier opgräife vum “Immunsystem stäerken”. Nierwend dem Corona ginn et nach ganz vill aner Krankheeten déi sech op e geschwächten Immunsystem stierze kënnen. E staarkt Immunsystem fir eng besser Liewensqualitéit brauche mir!

Eis Kanner verdéngen di beschten Zukunft!

 

Ech verstinn awer och, datt d’Ministèren eng enorm Verantwortung hu vis-a-vis vum ganze System an der Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg an si versichen tëschent eiser Situatioun an den anere Länner eng eenheetlech Léisung ze fannen.

 

Ech hu mech mat dëser Thematik beschäftegt a géing gäre meng Gedanke mat Iech deelen.

 

 

Eng besuergte Mamm

[1] https://www.rtl.lu/news/national/a/1603501.html

[2] https://5minutes.rtl.lu/actu/luxembourg/a/1005732.html

[3] https://www.wort.lu/fr/luxembourg/la-grippe-n-a-pas-ete-plus-meurtriere-cet-hiver-

[4] http://statistiques.public.lu

[5] https://www.rtl.lu/news/national/archiv/1132605.html

7 COMMENTS

  1. Merci fir deen Artikel. Ganz gudd rechercheiert an dokumenteiert. Jo, mir brauchen mei Leit matt Courage fir open hir Meenung ze soen!

  2. Merci fir desen Artikel! Et schwätzt mir aus der Séil! Ech gin net faerdeg de Leit ronderem ze soen sie sollen hiren Immunsystem stärken. Eng gesond Ernährung, genug Schlof, an e klengen Support fir eis ganz komplex Ofwierkraaft.
    Natierlech as desen geschwächt duerch Panik, Angscht, Suergen, an och dem fait dass mer steril duerch d’Géigend lafen.
    Ech well net op d’Impfungen agoen, dei och en Afloss hun.
    De Mënsch huet bis elo iwerlieft, komm mir vertrauen dém wat an eis stëcht, an dat as à la base einfach formidabel.

  3. Villmools Merci fir dësen Artikel Madame Hoschtialek! Ech stinn zu 100% hannert al Wuert!
    Et misst definitiv méi relativéiert ginn. COVID-19 hängt esou dominant an der Loft wéi wann et soss näischt méi géif ginn. Ech denken, wann een de Problem mat de resistente Keimen an de Kliniken esou mediatiséiere géif wéi COVID-19, da géife geschwënn keng eeler Leit sech méi an d’Klinik trauen.
    Dësen Artikel misst méi an d’Ëffentlechkeet bruecht ginn, am beschte bis an d’Chamber!
    Falls et nach esou ass, dass zu Lëtzebuerg de PCR-Test mat 40-45 Cyclen ausgewäert gëtt (esou wéi am Interview vum Bas Schagen mam Prof. Sucharit Bhakdi gesot gouf) da misst dësen Artikel op
    “corona-transition.org” (mat Quellennachweis) weisen dass mir domat zimmlech um Holzwee sinn!

    https://corona-transition.org/wissenschaftliche-daten-zeigen-dass-die-bewertung-der-aktuellen

    Hoffen dass mir deemnächst nach d’Kéier kréien!

  4. Mme Hochtialek, Ech kann Iech just e grousse Merci gin vir ären Text. All eenzel Wuert ass genee daat waat ech all daag probeieren mengen matmenschen ze iwerdroen. Ären text soll bis an d’chamber goen. Stopp mat deenen onneidegen mesuren mee einfach erem normal liewen mat enger gesonder ernährung vir ons imunsystem ze stärken, keng medicamenter huelen mee an d’fresch loft goen vir ons ze stärken. Mir brauchen Bactérien an Viren also keen désinfectant huelen mee ganz normal ons Hänn wäschen. Eisen normalen gesonden Menschenverstand aschalten an ons netmei matschleefen loossen geingt onse Wellen.

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here