Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

De Klima spëtzt sech zou: den SUV gehéiert verbrannt! 

De Klima spëtzt sech zou: den SUV gehéiert verbrannt!

De Staatsminister Xavier Bettel huet et sech net huele gelooss! Hien huet eng Delegatioun vu “Youth for climate” empfaangen an hier versprach, méi wél eng eenzeg Debatt iwwer de Klima ze féieren. De Géigendeel wär jo och blöd gewierscht: d’Jugend vun haut sinn d’Wieler vu mar! Dat sot sech wuel och d’CSV, déi grad esou gären mat de Jugendlechen an d’Gespréich komm wier, déi allerdéngs vun deem Veräin e Kuerf krut. D’Madame Hansen hat nämlech um Radio 100,7 zouginn, datt och si sech e SUV kaf huet, e klenge SUV, also e SüVchen quoi, wéi si soot. Domatter huet si sech diskalifizéiert! An déi Jonk huelen der Fraktiounscheffin et och iwwel, datt si der Meenung ass, datt d’Wëssenschaftler selwer sech  net eens sinn an der approche vun der Problematik. Domatter huet si sech gläich zweemol diskalifizéiert. Ma wat ass dovunner ze haalen?

.

Radikalismus, léiw Jugendlecher, ass e schlechte Berooder! Fir Ierch ass eent vun de Feindbilder am Kampf fir de Schutz vum Weltklima elo also den SUV. Gebongt! Ma verlaangt Dir do net eng Saach, déi Dir selwer net onbedéngt kënnt anhaalen?! Et sinn der jo bestëmmt ënnert Ierch, deenen hir Elteren och en SUV fueren. Schwätzt Dir net méi mat deenen, wann si refuséiere sollten, hiere schmocke Weenchen ze verkaafen? A wéi ass et mat Aerem Frënd, Aerem Kolleeg, deen nawell gären e séiere Weenchen rennt? Loosst Dir deen elo lénks leien?

Wat soll iwwerhaapt déi Verdeiwelung vum SUV? Ech perséinlech fueren zanter iwwer 8 Joer e klengt Späizdëppchen, esou e Stadtflitzer; matt deem kommen ech effektiv laang matt engem Tank vun 30 Liter, awer och nëmmen dann, wann ech mech domatter an der Stad beweegen; esou bal ech d’Autobunn huelen, schluppt dee Klengen wéi e Groussen! Den SUV säift par contre nëmmen d’Halschecht vun deem, wat fréier de VW Käfer gebraucht huet! Fortschrëtt!

Wann Dir schonn radikal Téin uschloot, wat e banalen SUV ubelaangt, wéi kategoresch muss Aer Ried dann ausfaalen, wann et ëm Fliiger oder Schëffer geet! Ech wëll mir et net ausmolen…

 

D’Wëssenschaftler sinn sech effektiv net eeneg, wat d’Interpretatioun vu wëssenschaftlechen Daten ugeet, an och net, an hirer approche. Et gëtt awer eng staark Tendenz, déi seet, datt de Klima sech esou séier verännert, well de Mënsch eben esou vill Knascht produzéiert. Déi Tendenz ass ëmsou méi staark, wou d’Medien déi aner Wëssenschaftler lénks leie loossen. Ma egal. Sidd Dir Jugendlecher dann  net och der Meenung, datt een an de Schouilen an op den Universitéiten déi zwou Theorien soll bäibruecht kréien?Datt ee selwer weess, vu wat datt ee schwätzt an datt ee selwewr seng Konklusiounen kann/daerf zéien? Alles aaneschters wier jo Diktatur?! 2000 Joer stoung fest, datt et den Härgott gëtt: d’Meenungsdiktatur vun der kathoulescher Kierch hat sech duerchgesat, bis et Leit gouf, déi hiert Liewen op d’Spill gesaat hunn, fir der Mënschheet mattzedeelen, datt et villäicht net grad esou war mat der Entwëcklung vum Weltall, vum Planéit, vum Mënschenaaf. Ass et net wonnerbar, datt Dir haut an der Schoul, an zwar vu Klengem unn, déi zwee Standpunkter erkläert kritt?

 

Et ass besser, net mat ze radikale Positiiounen ze kommen. Dir wëllt Drock maachen op d’Politik, fir datt déi endlech eppes ënnerhëllt a Saache Klimaschutz. Richteg! Ech verstinn och , datt Dir Ierch léiwer déi politesch Parteien eraussicht, déi den Ablack un der Muecht sinn, well si mussen sech an der Fro beweegen. Awer déi gréissten Oppositiounspartei wéinst esou bëllegen Argumenter lénks leien ze loossen, ass dat de richtege Wee? Ëmmerhinn kann eng grouss Oppositiounspartei och Drock op d’Regierung maachen! Esou awer musst Dir Ierch de Virworf gefaale loossen, politesch net neutral ze sinn an Dir schëppt Ierch Aert Graf selwer. Wann  Dir nämlech ganz allgemeng Leit, déi SUV fueren, esou ofhaakt, dann betrëfft dat een net klengen Deel vun der Populatioun zu Lëtzebuerg. Wann Dir net mat Leit wëllt schwätzen, déi Klimaskeptesch sinn, an déi nawell bereet wieren, manner Dreck ze consomméieren, da loosst Dir e weideren, net grad klengen Deel vun der Populatioun lénks leien.  Eleng packt Dir dat net ,Klappe zu, Affe tot!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *