Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Featured

An eise Klinicken: OP ginn annuléiert well d’Fleegepersonal sech ofmellt 

An eise Klinicken: OP ginn annuléiert well d’Fleegepersonal sech ofmellt
Foto von Pixabay: https://www.pexels.com/de-de/foto/weisse-krankenhausbetten-236380/

Staarken Tubak! Den CSV-Volleksvertrieder Laurent Mosar wëll gewuer gi sinn, datt an zwou verschiddene Klinicken an zwee verschiddenen Servicer den taux d’absentéisme esou héich wier, datt de Fonctionnement munchmol kollabéiert. Dovunner betraff wär zum Beispill en Operatiounsblock. Do géing d’Personal sech därmoosse massiv ofmellen, datt de Chirurg -salopp paraphraséiert- frustréiert d’Händschen nees ausdeet, op déi geplangten OP muss verzichten. Dat ass net lëschteg, och net fir de Patient, dee muss op e spéideren Datum vertréischt ginn.

An engem anere Spidol wier den Departement vun der Radiologie betraff. Och do kéim et zu (zousätzlechen) Engpäss ënner dem Fleegepersonal, sou datt Rendez-vousen missten ofgesot ginn. Nees eng Kéier net besonnesch witzeg fir Patienten, déi méiglecherweis schwéier krank sinn a wëllen huerteg behandelt ginn. Wat ass do lass, freet sech de Laurent Mosar an enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch?

Iwwer d’Ursaachen fir dëst massiivt Feelen op der Aarbecht kann een den Ament just spekuléieren.  Ass et Geschwänz? Blo-Maachen? Ass et als Signal ze verstoen fir: esou geet et net weider? Oder ass d’Fleegepersonal tatsächlech berufflech iwwerfuerdert? Wat stécht genee dohannert? Den Home Office ass et jo wuel kaum an engem Spidol, wuel éischter ass et schlechte Management, oder Dokteren déi just no sech kucken an net no der Equipe, Dokteren déi net de Courage hunn, hiert Personal mol zurecht ze weisen..D’Auswierkungen sinn op alle Fall nefast. Dobäi bestinn dacks krass Ënnerscheeder vu Stack zu Stack, vun Service zu Service.

Klamer op: (

Ech hu scho viru Joer op gréisser Mëssstänn an de Klinicken higewisen, well ech selwer Villes konnt observéieren. Eng

D’Kappzich gouf och ni gewiesselt

Fra zum Beispill déi sech Hand, Been a Rëpper gebrach hat, krut hiert Bett an deenen 8 Deeg Openthalt just eemol gemaach. Hir Hoer goufen net eng eenzeg Kéier gewäsch, obwuel si Bigoudien gesat krut hat No deenen 8 Deeg goung de Colle net méi lass, d’Fra hat Woche laang eng kleng Glatz. D’Tablette fir am Bett kënnen ze iessen, gouf ni erageholl, d’Fra koum sech ewéi am Zirkus vir, wann si huet mussen opstoen fir op d’Toilette. Keng Hëllef wäit a breet, d’Patientin huet mussen iwwer de Buedem robben ewéi eng Séiléiwinn, fir dann endlech kënnen d’Blos eidel ze maachen. On revient, housch et all Kéiers…..just, datt ni ee komm ass. Den Téi war net wotlech, ma kal. Allez vous plaindre à la cuisine! Asthma-Kris an der Nuecht. Prenez vos médicaments! 

Esou guer d’Botzfra huet matgespillt: vous n’avez que deux pyjamas! Pouvez-vous vous payer le luxe d’une chambre individuelle? Normal war déi Situatioun net. Dobäi waren d’Dokter ouni Ausnam kompetent a korrekt am Ëmgang.

) Klamer zou.

De Laurent Mosar geet a senger QP natierlech net esou wäit a freet mol no Statistiken:f eelt d’Fleegepersonal an de Klinicken allgemeng méi ewéi dat an anere Secteuren de Fall ass? Wa jo, wourunner läit et? Déck Loft?  Oder schlecht Opstellung? Den CSV-Mann gëtt ze verstoen, datt d’Dokter an de Spideeler net genuch Matsproocherecht hätten.

  • Sachant que la demande de soins émane du médecin, qui établit les besoins à travers son diagnostic et pose une indication de traitement, comment Madame le ministre envisage-t-elle de traiter cette situation afin de permettre aux médecins d’avoir, à l’avenir, un contrôle plus direct sur l’organisation et la gestion du personnel dont ils ont besoin pour soigner leurs patients ?

An anere Wieder: si wären zwar gutt genuch, zum Personal senger Pai bäizedroen, ma sollten fir de Rescht de Bak halen. D’Personal ass net hiert, ma fält enner d’Tutelle vun der Klinik. Eng cocasse Situatioun! Sollt d’Behaaptung stëmmen, mussen d’Klinicken eleng d’Responsabilitéit iwwerhuelen, an et wär un der Zäit fir punktuell Verbesserungen. Et däerf ee gespaant sinn op der Ministesch hier Äntwert. E gliddegt Eise méi fir d’Madamm Deprez, déi sech an hirer politescher Fonctioun nach beweise muss.

Hei ënnendrënner den Text vun der parlamentarescher Fro.

20241107_QP_Laurent Mosar_Absentéisme dans les établissements hospitaliers

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *