Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Featured

Fräi Geeschter si gelunge Vullen 

Fräi Geeschter si gelunge Vullen
études Gaston Vogel

Salut Gast,

et huet e Strapp gedauert éier ech mech gemellt hunn. Du waars jo  iwwerraschend presséiert, fir de Rideau zouzezéien. Wéi ëmmer:hasta siempre! Du hues jo och ni de Leit Äddi gesot um Telefon, einfach agehaang, well s Du a Gedanken scho bei engem anere waars. Dobäi hate mir am Mount Mee an engem Gespréich festgestallt, datt mir zwee missten deen nämmlechte chirurgeschen Agrëff gemaach kréien. Ech war schonn am Juni drun an du waars begeeschtert, datt ech d’OP gutt iwwerstanen hat. Deng OP hätt och solle sinn an Du has wuel Recht wéi’s Du eng Kéier zu mir sos: “Ech hu kee gutt Gefill bei der Saach“. Ech hat Dir proposéiert, Klinick an Doktere ze wiesselen. Esou laang’s Du vun enger Sauband vu wäisse Schiertecher geschwat hues, war fir mech alles am grénge Beräich, mä vun engem Dag op deen aneren koum keng Äntwert méi vun Dir um Handy.

Ech hunn Dech kennegeléiert am Joer 1979. Deemools war ech fréi Moies aus dem Bett geschellt ginn fir op e Groussbrand op engem Bauerenhaff. Op der Plaz ukomm frot ech de Besëtzer no der Héicht vum materielle Schued – d’Déieren hat de Mann glécklecherweis alleguerte konnen a Sécherheet bréngen-, a wéi dee vu 7 Millioune Frang geschwat huet, koums Du ewéi aus Äschen an Damp eraus an hues gebrëllt: Sot roueg 12 Milliounen! Ech hat kuerz Bekanntschaft gemaach mam MAÎTRE Vogel. Joren drop huet sech déi Bekanntschaft verdéift wéi ech dem deemoolege Chefredakter Roby Rauchs derbäi gehollef hunn, d’Emissioun En neie Forum fir Meenungen an Iwwerzeegungen op Radio Lëtzebuerg opzebauen.

Du goufs zu engem reegelméissege Mataarbechter, hues vill iwwer Buddhismus geschwat an natierlech och iwwer Atheismus. Dat war Kiermesfreed am Lëtzebuerger Ländchen, wann s Du um hellege Sonndeg iwwer d’kathoulesch Kierch hiergefall bass, déi -paraphraséiert ausgedréckt- d’Leit géing veraarschen , datt dat alles fir ze katze wier asw. Dat goung esou wäit, datt d’Kierch drop reagéiert huet. Eng Véierelstonn no der Emissioun gouf déi Zäit nach d’Mass live iwwerdroen, an esou koum et déi eng oder aner Kéier vir, datt de Paschtouer a senger Priedegt Dir d’Levitte gelies huet!

Du bass geplatzt vu Roserei, ma Du waars och vill houfereg. Du hues souzesoen un de Maueren vum Vatikan gerëselt, däi mächtegt Organ – d’Stëmm – huet d’Trompetten vu Jericho ersat. Doriwwer huet déi groussherzoglech Press léiwer näischt geschriwwen, scho guer net d’Lëtzebuerger Wort. Fir d’Medien goufs Du ëmmer op d’Geschicht vun de Bommeleeër reduzéiert, an elo déi lescht Joer op Deng Roserei op ze vill Bussen an ze vill Heescherten an der Haaptstad.

Du hues Dech opgereegt, wa Moies d’Entrée vun denger Etude zougekackt a bepisst wor, ma du wars virun allem rosen ewéi e Schwäin iwwer dat organiséiert Heeschen. Jiddereen wosst dovunner, och d’Police, ma keen het eppes dogéint ënnerholl, scho guer net d’Press. Et goufen Deeg, do hues Du gläich 4 Bréiwer un d’Buergermeeschtesch geschriwwen, ëmmer an Dengem houbeschte Franséisch, Bréiwer déi ewéi Dronen ageschloen hunn.

Du has och déi sougenannten Joerhonnert-Affär. Vill Gedäisch, vill Tamtam am Mediebësch….bis Du am Interview deklaréiert hues: le dossier est archi maigre oder méi rezent, d’Affär vum casier bis Donieft hues Dech fatzeg geiergert iwwer d’Magistratur, an zwar op Deng ganz speziell a perséinlech Manéier: 80 Prozent Vaginen, déi dee Beruff nëmmen ergräifen, wéinst der décker Pai a wéinst de Schoulvakanzen. Du hues Dech grad esou opgefouert, wann et ëm eise Justizapparat goung, deen Denger Meenung no komplett verbaaschtert wier. Däi klassescht Beispill war dat heiten.

Ugeholl, ech hunn de Moien an engem Prozess den Affekot vun der Géigepartie zur Sau gemaach. Dee Mann geet an der Mëttesstonn heem a schwätzt doriwwer mat senger Fra déi selwer Riichterin ass. Déi Zwee iesse Vull an hirer Roserei. Mëttes hunn ech en anere Prozess, d’Riichterin ass eben dës Fra. Dir kënnt Iech selwer ausmole, wéi ‘onofhängeg’ dës Fra wäert denken!

Bal all Dag hues Du Dech iwwer d’Dommheet ënner de Leit geiergert, bei Journalisten déi sech bretzen, de 4. Pilier vun der Demokratie ze sinn, bei Politiker, bei Juristen. Allgemeng hues Du Dech driwwer opgereegt, datt esou wéineg Leit hire Beruff mat Léift, mat Vokatioun maachen. Guer net eens goufs Du mat der schéiner, neier Welt vun der Informatik. Net nëmmen, well’s Du domadder technesch Problemer has, mä well an där Welt dacks guer keng Spillreegele gëllen. Esou haten zum Beispill Fatzbeidele scho viru Méint d’Noriicht verbreet, Du wäers vun eis gaangen. A wéi ëmmer ënner dem Deckmäntelche vum Anonymat. Deenen hues Du e Pilz am Aarsch gewënscht an den Aarm ze kuerz fir sech ze krazen!

D’Liewe mat Dir war ni langweileg, ma et koum vir, datt mir net enger Meenung waren. Wéi ech Dir sot, du wäers esou tolerant ewéi e Paf an e Gréngen zesummen, hues Du mir agehaangen, a mir hunn e puer Woche laang näischt vunenaner héieren. Duerno goung de Kontakt weider wéi wann näischt gewiescht wär. Elo ass dee Kontakt tatsächlech fir ëmmer ënnerbrach…hie feelt mir elo schonn. Du feels!

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Joël Scholtes

    Gudde Moien Här Kaiser,
    ee grousse MERCI gir dësen wonnerbaren, geesträich an Deels ganz lëschtegen Text, deen ech mat Genoss gelies hunn.
    Dem ‘Gast’ hätt en mat Secherheet och gutt gefall…

  2. Jean

    Es war fast immer interessant die beitraege zu politik und religion von GV hier zu lesen.
    Meist konnte ich mit ihm einverstanden sein…einen totalen ja sager haette ein anarchist wie er ja auch nicht gemocht.
    Auch seine analyse des christentums war meist pertinent…vielleicht war er ein bisschen zu nachsichtig gegenueber den ostasiatischen religionen welche er bevorzugte.
    Ich habe den eindruck dass die von menschen gemachten religionen wie buddhismus oder hinduismus auch dem geld und der macht recht nahe stehen und kaum weniger als die katholische kirche dazu neigen,dem gutglaeubigen das geld aus der tasche zu ziehen.
    Auch seine gesunde abneigung gegen diejenigen welche politik machen und kriege fuehren unter dem vorwand demokratie und menschenrechte zu verteidigen konnte ich zu 100 prozent teilen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *