Recent Posts

Post Categories

D’Justiz ass kee politeschen Acteur! 
Zanter enger Woch ass de John Petry a senger neier Fonctioun als Staatsprocureur. Hien huet domadder d’Successioun vun der Martine...
3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht 
Et ass evident, datt de Russ bei sech doheem net déi ganz Wouerecht iwwer de Krich erzielt kritt. A wéi...
Frank Bertemes: Krisenfall Demokratie 
„Eine Stimme ruft aus dem Chaos: Lächle! Denn es könnte schlimmer kommen… Ich lächelte… Und es kam schlimmer!“ Dieses Zitat...
An engem Joer d’Alice Weidel däitsch Bundeskanzlerin? 
D’Fro an der Iwwerschrëft as provokativ, ma duerchaus realistesch. Et hänkt alles dovunner of, wéi staark oder schwaach déi verschidde...

Blog Post

Divers

An eegener Saach, suite a Schluss 

An eegener Saach, suite a Schluss

Wéi heescht et dach ëmmer: an eng Klinick geess Du gesond eran an du kënns krank eraus! Esou ergoung et mir. Ech krut als Kontroll e Scanner vum Häerz gemaach. Éischte Verdikt: et misst warscheinlech e Stent gesat ginn. Ech goung also an eng Coronarographie. Zweete Verdikt: de Scanner war net präzis gewiescht, mat där Oder war alles an der Rei. Fake News!  Drëtte Verdikt: d’Häerzklapp no uewen war am Eemer an net wäit ewech vun där Plaz um Häerz hat sech en zolitten Anevrismus entwéckelt, also eng Plaz wou d’Oder sech auserneen entwéckelt bis datt se platzt. Exitus!

Ech war bal vum Scannerdësch gefall. Ni hat ech mäin Häerz gespuert an ech war nach den Dag virdrun mam Hond meng 3 Kilometer gelaf. Deementspriechend hunn ech dem Cardiolog Äddi gsot: vous dites n’importe quoi! Vous ne me reverrez plus….Doheem hunn ech dunn emol dat Ganzt verdaut. Eent an eent zesummegezielt:, Eng Alternative hat ech net.richteg, ech wosst vu mengem Problem mat der Bicuspidie – dat ass, wann d’Häerzpompeleen mat zwee an net mat dräi Blieder oder Segelen zougedeckt ginn wannn si an der Pauspositiun sinn, ech wosst vu menger Häerzpompel déi all Sekonn kann auserneefueren an ech wosst vum Anevrismus deen all Moment kann duerchräsisen¨ Also blouf nëmmen ee Choix!

Ech hunn dem Chirurg gemailt an hie gedirängelt, fir ze operéieren. Zanter 10 Deeg sinn ech houferege Besëtzer vun der Härzklapp vun engem Rand.

Dat ass elo e leschte Méindeg geschitt. Alles gutt verlaaf. An dat bedeit vurn allem och een Erwechen vu menger Internetsäitt.

ech freën mech elo schonn.

Gitt mir just nach e bësselchen Zäit fi mech z’erhuelen.

Related posts

14 Comments

  1. Bas

    Si frou dass du nees gesond do bass!
    A free mech op deng Bäiträg!
    Keep on reporting man!

    1. Guy Kaiser

      Merci Bas!

  2. Mario Dichter

    Den Titel haat mech e bësschen irritéiert, ëmsou méi frou war ech nom Liesen vum Artikel selwer. Ouni “gkonline” géif eppes feelen op mengem deeglechen Sträifzug duerch den www. Wënschen nëmmen daat Bescht!

    1. Guy Kaiser

      Merci léiewen Här Dichter. Ech krut jo elo wéinstens am Prinzipp eng Verlängerung vun 10bis 15 Joer

  3. Marco Schmit

    Frou ze héieren dat et Dir rëm gudd geet an de gkonline eis nees geschwë zougänglech ass. All Gudds gewënscht!

  4. Pascal Ludovicy

    Schien ze liessen hei dass et ierch besser geht.
    Alles gudds fir ierch Herr Kaiser an schien dass gkonline virun geht

    1. Guy Kaiser

      Merci. Ech gi mäi Bescht-

  5. REILAND Paul

    Dir schreiwt esou vilen Leit seit Joëren aus dem Härz an vergiéßt iwerdeems Ärt eegent ! Frouh daß den Problem nach fréihzäiteg erkannt gin as an konnt mat Succès behandelt gin – sid Iéch bewosst daß mir net können op Iech verzichten ! Git awer net direkt erem op “vitesse de croisière” an schount Iéch elo ! Nach en laangt Liéwen mat den Ersatzstécker (ech hun där och). Maisha Marefu !

    1. Guy Kaiser

      Dat ass ganz léif Här Reuland an et deet net nëmmen der Séil, ma och dem Häerz gudd. Ech sinn no där OP stram midd…dat brauh seng Zäit

  6. Roger Braun

    weider alles guddes
    a nii awer nii de Kapp haenke loosen
    freen eis schon op dei nei Reportagen

    Roger
    SIL Neudorf

    1. Guy Kaiser

      Léiwen Här Braun,
      vun “Kapp-hänke-loossen”. keng Spuer; ech brauch awr e bësselchen Zäit fir zeréck an d’Spuer ze fannen

  7. Frank Bertemes

    Een Häerzstéck – ee Kärstéck, ee bannëschte, wichtege Bestanddeel – an et “klappt” rëm, Här Kaiser – an diverser Hisiicht…
    Uff-alles gutt iwwerstanen an erëm “back on stage”!
    Léif Gréiss!

  8. Guido

    Je cous souhaite un prompt rétablissement Monsieur Kaiser !

  9. Dominique Wingert

    Schein dass der nees do sidd Herr Kaiser, ech hoffen dir bleiwt elo fun weideren Boboen verschount.
    Sin bessi speit un an trotzdem all Guddes

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *