Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Politik

Faux-pas vun der Ëmweltministesch Dieschbourg? 

Faux-pas vun der Ëmweltministesch Dieschbourg?
Image par Nadin Schukina de Pixabay

war sech d’Madamm Minister bewosst, wat si géing uriichten? Op enger Pressekonferenz huet si de belschen Noper verdächtegt, en Dépôt vu radioaktivem Material op der Grenz mat Lëtzebuerg ze plangen. Schwéier Virwërf! Op alle Fall huet hir belsch Homologin pikéiert reagéiert, am Style: “Chère Carole, wann s Du Problemer hues mat mir a mat mengem Land, Du hues jo meng Telefonsnummer”. Wat de radioaktiven Dreck betrëft, huet de Grand-Duché nämlech eng Zort Kollaboratioun mam Noper.

Aus der Medezin an aus der Recherche hei am Land entfält bekanntlech och Radioaktivitéit. A mir sinn net am Stand, respektiv sinn eis zu Schued, fir eis selwer dorëms ze këmmeren. Mir kéipen dësen Offall schonn zanter den 90-ger Joer an der Belsch of; e bilateralen Accord gouf de 4. Juli 2016 tëscht der Lëtzebuerger Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an der belscher Nohaltegkeetsministesch Marie-Christine Marghem an der Gäichel ausgehandelt. Hien ass den 1. Abrëll zejoert a Kraaft getrueden.

Image par Alexander Antropov de Pixabay

Am Artikel 1 vum Gesetz heescht et: ” Le présent Accord se réfère aux opérations de manipulation, de prétraitement, de traitement, de conditionnement et à l’entreposage de déchets radioactifs luxembourgeois et celui des déchets radioactifs issus de ces opérations, en vue de leur stockage définitif sur le territoire du Royaume de Belgique, à l’exclusion du transport de ces déchets vers la Belgique. Le présent Accord se réfère également aux déchets radioactifs luxembourgeois qui ont été traités et conditionnés en Belgique de 1995 à 2010.” Dat ass just emol en halle Meterkipp! Virgesinn ass op 30 Joer eng maximal Capacitéit vun 30 Meterkipp. Also net der Deiwel! Trotzdeem: mir wollten deen Dreck net an hunn d’Zesummenaarbecht mat der Belsch gesicht.

den Artikel 9 aus dësem Gesetz kann eventuell an d’Spill bruecht ginn, wou et heescht:”Tout différend relatif à l’application ou à l’interprétation du présent Accord est réglé par la voie de négociations entre les Parties”. Vu belscher Säit gëtt allemol drop gepocht, datt een “ënner Frënn” fir d’éischt hätt mussen matenee schwätzen, ier d’Madamm Dieschbourg mat der Saach an d’Ëffentlechkeet goung. Ëmgedréit ass natierlech grad esou wouer: d’Belsch hätten “ënner Frënn” eis duerchaus kënne Bescheed soen, datt si esou een Dépôt déite plangen. D’Prozedur gouf matzen am Confinement lancéiert, wat e gelungenen Zoufall!

An awer! Et wär besser gewierscht, d’Madamm Dieschbourg hätt kuerz den Telefon geholl fir mat hirer belscher Aarbechtskolleeginn ze schwätzen! Et ass jo net esou, datt si keng Froen ze stellen gehat hätt. Mat esou engem Gespréich wier en allemol net méi domm ginn an et hätt ee jo kënnen seng Oppositioun matdeelen, mat der Ukënnegung, domatter an d’Ëffentlechkeet ze goen. Da wier et ni zu deem sougenannten mini diplomateschen Tëschefall komm.

Image par Markus Distelrath de Pixabay

d’Belsch ka maachen a loossen, wat et wëll, ass e souveräänt Land. Esou wéi Lëtzebuerg, dat decidéiert huet seng kleng, ma ëmmerhinn dreckeg Portiounen un anerer weiderzereechen. Esou wéi d’Madamm Dieschbourg reagéiert huet, géif ee bal mengen, si hätt mat hiren Aussoen probéiert, d'”Foussvollek”, also de Bierger virzeschécken an e Krich, deen sech do ukënnegt géint e Gorleben an der Belsch.

A wéi wär et, wa mir géingen deen Accord http://www.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2018/06/06/a478/jo mat der Belsch opkënnegen an eis selwer ëm eisen Dreck këmmeren? Gorleben zu Eselbuer bei Cliärref! Mir hu jo och glat a guer keng Probleemer mat enger geplangter Jugurtsfabréck! Oder gefale mir eis esou gutt an der Roll vum Saubermann? Mir kéinten natierlech de Belsch grad esou gutt d’Offer maachen, mam ganzen Dreck op en Astéroïd ze fléien…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *