Biertreng, säi Schlass, seng Routbichenallee a seng Bréck. Wierklech eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht, sou och den Titel vum Marc Schoentgen sengem am Joer 2021 publizéierten, a mat wonnerbare Fotoen illustréierte Buch zum Biertrenger Schlass. ‘t kann een dem Auteur nëmme recht ginn, wann hie schreift, datt dat Schlass, dat an engem besonnesch idyllesche Site liicht erhuewen am schéinen Uelzechtdall läit, duerch seng Ausstralung a säi spezielle Charme begeeschtert. Duerfir war et schéin an engem Artikel am Wort ze liesen, datt nei geplanzte Beem an där iwwer honnert Joer aler Routbichenallee déi Lächer, déi tëscht deene wonnerschéine Routbichen entstane sinn, rëm zoumaache sollen, och wann dat nach laang Zäit dauert.
‘ t wär awer och begréissenswäert, sou wéi vum fréiere Schirener Buergermeeschter an haitege Kulturminister scho mol ugeduecht, wann déi am Joer 1844 aus roudem Sandstee gebauten a ronn honnert Joer méi spéit, am Joer 1944 leider gesprengte Bréck , rëm no ale Pläng kéint opgebaut ginn, ee wäertvolle Beitrag fir dat nationaalt Denkmal a fir de Lëtzebuerger historesche Patrimoine insgesamt. Dem Marc Schoentgen säi wonnerbar gelongent Fotobuch vu ronn 250 Fotografien mat begleedenden Texter vum Schirener Lokalhistoriker Mil Goerens ass ee Rondgang duerch d’Vergaangenheet an d’Géigewaart vun engem prachtvolle Gebei, dat net fir näischt als Nationalmonument klasséiert ass. Dat Schlass mat ronn 90 Hektar Lännereien gouf vun der Baronesse Claudine de Broqueville no hirem Ofliewen un d’Rout Kräit vermaach, dat awer leider näischt mat deem risege Gebei (wuel aus finanzielle Grënn) konnt ufänken, wat besonnësch Schued ass. Dunn huet den Entrepreneur Jos. Bourg – deen awer elo och scho verstuerwen ass – d’Biertrenger Schlass kaaft an hie wollt et renovéieren. Och déi besote Bréck iwwert d’Uelzecht sollt rëm opgebaut ginn. Wou mir haut awer mat deem Projet stinn, ass onkloer.
Dem Carlo Hemmer säi Wanderbuch aus dem Joer 1974 beschreift eng „Radtour über die besinnnliche, schmale, verkehrsstille Straße, die im Tal der Alzette am Schlosspark von Colmar-Berg vorbei zwischen der Toussaint-Mühle und dem Birtringer Schloss hindurch über Grentzingen durch den Lärchen nach Ettelbrück führt’ als „Genoss“ – an dat ass absolut sou! Als Schirener Jongen si mir oft mam Vëlo duerch de Lärchen déi aner Säit vun der Uelzecht a Richtung Ettelbréck gefuer. Mat enger lokal-historesch bedéngter, gewësser Angscht virun engem Schoss mam Gewier vum Schlass hier – d‘ gouf ëmmer verzielt, datt d’Baronesse mat Salzkugelen op vermeintlech onerwënscht Visiteure geschoss hätt – hu mir ëmmer een Ulaf geholl fir sou séier wéi méiglech laanscht dat Schlass ze rennen. Haut ass de Bléck op dat imposant Schlass een absolutte visuelle Genoss, besonnesch wann een déi Vue vun uewen, vu Schrondweiler hier op Schiren erof op de Kräizbierg kommend, genéisse kann. Eng Renovatioun vum Schlass , déi fantastesch wär, wann déi tatsächlech kéint realiséiert ginn, ass jo scho mol geplangt.
Als Vëlosfuerer a Member vu ProVelo geschwat, wär et och intressant, wann déi Bréck déi flott Vëlosweeër vun deenen zwou Säite vun der Uelzecht , dann duerch déi herrlech Routbichenallee féierend , kéint matenee verbannen. Sou wären d’Schlass, d‘ „Härenallee“ an d‘ „Baronsbréck“ – historësch nom fréiere Lëtzebuerger Premier, dem Baron Félix de Blochhausen benannt, deen hei am Schlass gebuer gouf an och do gewunnt hat, an dee mat der Kutsch duerch d’Routbichenallee op d’Schirener Gare gefuer gouf – nach méi valoriséiert a fir ëmmer geséchert.
Eng sécherlech flott a positiv politesch Missioun , wou e souwuel Kultur, wéi och déi douce Mobilitéit kéint sënnvoll matenee verbannen…