Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

38 Méint Prisong fir dräi Iwwerfäll! 

38 Méint Prisong fir dräi Iwwerfäll!
Photo de Kindel Media provenant de Pexels

Jiddereen huet säi Kräiz ze droen! 66 Joer hunn ech an der Tëschenzäit um Bockel. Jo, et geet mir gutt, Merci fir d’Nofro! Vun deene 66 Joer hunn ech der ronn 60 an der Gemeng Lëtzebuerg verbruecht. Grad déi lescht Méint gouf ech d’Affer vum sougenannte subjektiven Onsécherheetsgefill an der Haaptstad. Dat gëtt et tatsächlech, et däerf een d’Terminologie just net politesch mëssbrauchen, wéi et de Polizeiminister Henri Kox mécht, fir d’Problematik ënner den Teppech ze kieren.

All déi Joer goungen -ofgesinn vum beruffleche Stress- roueg erlaanscht, ni koum et mir an de Sënn, mech onsécher an de Stater Gaassen ze fillen. Dobäi wosst grad ech als Journalist duerchaus gutt Bescheed, wou-wat-wéi géing geschéien. Ma wann een net grad selwer betraff ass…

Mëtt August gouf ech am hellen Do am Parking op der Theaterplaz iwwerfall. Näischt ze Schlëmmes, ma et gouf mir e moralesche Knécks. A wéi den Zoufall et nun emol wëll, koum et nach Knëppeldéck no.

Gläich zwee Bekannter vu mir goufen ëm déi nämmlecht Zäit an der Stad an op der Gare iwwerfall, och si kruten Bijou an Auer geschuppt. Da gouf bei mengem Noper agebrach. Eis Haiser sinn jumeléiert, d’Abriecher hunn d’Fënster vun hirer Schlofkummer opgebrach, direkt nieft eiser! Haben Sie nichts gehört, Herr Kaiser? Nee,leider net!

Kiischt um Kuch: am Dezember gouf zousätzlech an dräi Wunnechten a menger Ëmgéigend agebrach. Eng fréier Beruffskolleginn gouf an der Nuecht waakreg, mat engem frieme Monni nieft dem Bett! Dat schafft un engem, esou Informatiounen muss ee fir d’éischt verdauen, sacke loossen, d’Gefiller kachen héich an ënnerdrécken dat Rationellt. D’Stad ass net d’Bronx, wat net heescht, datt et keng Sécherheetsproblemer déite ginn.

Där Deeg war de Prozess géint dee Mann dee mech iwwerfall hat, mech an nach 2 anerer. Hien huet d’Faiten net kontestéiert, huet säi mea culpa gemaach: hien hätt vill Medikamenter geholl gehat, zesumme mat Alkohol, wär also net sech selwer gewiescht; et géing him alles leed doen, an et sollt och net méi virkommen.

De Substitut wor op deem Ouer daf. En ale Mann -gemengt war ech😱 !- ze iwwerfalen, dat géing guer net goen. Also 38 Méint Prisong! Dat ass vill. Wat hie sos nach alles virgeworf krut, konnt ech net matkréien: als Zeien hunn ech de Sall musse verloossen, wann déi aner Zeien ausgesot hunn, wat jo normal ass. Den Ugekloten wäert och menger Meenung no net déi 38 Méint kréien…seng Affekotin huet circonstances atténuantes gefrot, well de Mann bis ewell e casier vierge hat.

Fir mech perséinlech huet dee Prozess eng symbolesch Bedeitung. Mat him gëtt eng Period ofgeschloss, wou ech perséinlech vun engem Aktualitéitsthema betraff war. Elo geet et zeréck an d’Normalitéit, kann de Sujet nees reng politesch analyséieren a kommentéieren. A wien weess, firwat d’Erfarung gutt war! Getrei der Froestellung vum Friedrich Nietzsche iwwer “ Nutzen und Nachteil der Historie für das Leben”. Ups! Liesen op der Minutt am Quotidien dat heiten:

La capitale a été le théâtre de deux vols à l’arraché, samedi 29 janvier au soir. La police livre quelques détails sur les incidents. 

Il était aux environs de 21h30 samedi soir lorsqu’une première agression a eu lieu place d’Armes à Luxembourg. 

Un couple se dirigeait vers Hamilius pour prendre le bus lorsqu’une personne s’est approchée par derrière. En quelques secondes, l’agresseur a neutralisé d’une main le petit ami en l’étreignant par le cou et lui a donné une légère tape sur la poitrine de l’autre main, avant de s’enfuir. 

Le petit ami a alors découvert, stupéfait, que sa chaîne en or, d’une grande valeur, avait disparu.

a weider

Seulement deux heures plus tard, un homme était en train de récupérer de l’argent à un distributeur de billets, Avenue de la Gare, lorsqu’il s’est fait bousculer par une personne qui lui a subtilisé les billets sortants de la machine, avant de s’enfuir vers la rue de Strasbourg.

Domatter sinn dräi Persounen zousätzlech am subjektiven Onsécherheetsgefill….

Related posts

1 Comment

  1. Kobs Gast

    Vleicht nach dest zum Thema „Onsecherheet(sgefill). Wunnen an der Glesenerstrooss eng 100 Meter vum Policebüro an direkt nieft enger Kamera vu Visupol ewech. Bei eis ass an der Résidence déi läscht 2 Joer eng 26 mol a Kelleren, 5 mol an d‘Veloslokal an 3 mol an Autoen am Sous-Sol agebrach ginn. En Déif hunn d‘Police menges Wessen no net krut. Den Här Kox vun der Musel mengt awer et gèif kee richtege Problem. Majo dann.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *