Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Wéi een mat enger Indextranche méi arem gëtt 

Wéi een mat enger Indextranche méi arem gëtt
Image par Steve Buissinne de Pixabay

eng inflatiounsbedéngten Indextranche ass et net, d’Regierung hëlt kuerz virum Wanter d’Strenz nach emool eraus an héicht de Mindestloun gläich ëm 2,8 Prozent. D’Patronat ass wéi aus dem Haischen, vu Roserei natierlech. D’gëlle Strenz vun der Regierung géing d’Wirtschaft zousätzlech 60 Millioune kaschten. Ma onofhängeg vun UEL an deene verschiddenen aneren Patronatsvertriedungen, eng Hausse vum Mindestloun ass keng gutt Noriicht.

Huele mir d’Beispill vun enger Persoun, déi am Altersheem lieft. Well et ëm d’Mobilitéit net méi besonnesch bestallt ass, huet dës Persoun just fix Käschten. Viru 4 Joer huet d’Heem 2765€ de Mount kascht, elo sinn et der bäino 3100. Viru 4 Joer louch där Persoun hier Pensioun bei 2960€ netto (Index794), et bloufen also ronn 200€ als Täschegeld. 4 Joer drop beleeft sech d’Akommes op engem Netto vun 3100. An der Tëschenzäit waren zwou Indextranche fälleg, eigentlech misst d’Persoun méi hunn, ma an där nämmlechter Zäit waren d’Steieren fatzeg eropgaangen. Ups! Do hat dee spendabele Staat jo tatsächlech d’Adaptatioun vun der Tabell vergiess!

null von Null geht auf! 3100 Euro Pensioun, 3100 Euro fir den Openthalt. Awer keen Täschegeld méi iwwereg, fir esou Klengegkeeten ewéi Coiffeur, Mani- a pedicure, e bësselchen Zännseef an eng kleng Fläsch 4711. Souwisou ass de Coiffeur duerch d’Indextranchen och méi deier ginn: eemool de Kapp wäschen, kascht keng 17, ma 18 Euro. Vun den Dokteschrechnungen net ze schwätzen! Also ass déi Persoun bannent 4 Joer méi arem ginn, si ka vu Chance schwätzen, datt si sech eppes konnt op d’Säit leeën.

Esou geet et eis alleguerten. Alles gëtt méi deier. Also wierklech keng gutt Noriicht. An de Staat gëtt et mat där enger Hand a grapcht et sech mat där anerer zeréck. An, neen! Et ass net Gambia, déi sech déi Perversioun ausgeduecht huet!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *