Vill Gedäischs ëm Näischt? D’Fro stellt sech, nodeems feststeet, datt bis ewell een eenzege Caritas-Mataarbechter refuséiert huet, de Kontrakt bei H.U.T. z’ënnerschreiwen- ofgesinn vun der besonnescher Situatioun vun engem CSV-Deputéierten deen och en Aarbechtskontrakt bei der Caritas hat. Den OGBL awer hat ëmmer nees dozou opgeruff, de Kreepchen ënner deen neien Aarbechtsvertrag net ze maachen. Dat nennt een Néierlag op der ganzer Ligne! Amplaz sech dat anzegestoen, wëll d’Gewerkschaft op d’Geriicht goen. Dobäi wär eng Formatioun am Aarbechtsrecht néideg.
Esou beschwéiert sech den OGBL an där Zeitung déi hir gehéiert, datt et bei H.U.T. keng Personaldelegatioun gëtt. Kuerz Bemierkung: zanter wéini muss eng nei Gesellschaft. d’Syndikater ëm Rot, ëm d’Erlabnes froen, Personal anzestellen? H.U.T ass juristesch gesinn an där Situatioun, an de President vum Verwaltungsrot Christian Billon versprécht an aller Ëffentlechkeet, datt Sozialwahlen esou séier ewéi méiglech sollen organiséiert ginn, an zwar esou séier ewéi d’Gesetz et virgesäit.
Weider kritiséiert den OGBL, datt d’Gehälterstruktur an der neier Gesellschaft net transparent wier. Ass dat wierklech de Fall? H.U.T. behaapt allemol, déi fréier Paien -iwwregens extreem héich!- bei der Caritas 1 zu 1 ze iwwerhuelen an zousätzlech een 13. Mount auszebezuelen, dee vun der OGBL-Personaldelegatioun bei der Caritas wuel net hat konnen duerchgesat ginn. Trotzdeem: Transparenz verlaangen héiert sech ëmmer gutt un, an aus deem Grond mäi perséinleche Rappel un d’Gewerkschaft, mam gudde Beispill virzegoen an déi eege Gehälterstruktur op der Internetsäit publique ze maachen.
Et geet hei net drëm, déi nei Patronen an den Himmel ze luewen, ma d’Fro no den Ursaachen vun deem ganze Spektakel opzewerfen. D’Caritas-Mataarbechter hunn den neie Vertrag ënnerschriwwen, well et schliisslech ëm hier Kuuscht geet an awer wuel och, well si der “Caritas-bis”-Gesellschaft wëllen eng Iwwerliewenschance ginn. Sollt d’Situatioun bei H.U.T. esou dramatesch sinn ewéi vum OGBL un d’Mauer gemoolt, ass ëmmer nach Zäit genuch, ze demissionéieren a sech no eppes Neits ze ëmkucken. D’Gewerkschaft misst sech dees bewosst gewiescht sinn; wann si trotzallem d’déck Tromm. erausgeholl huet, da wuel fir elo schonn e Fouss an der Dir vun der neier Gesellschaft ze hunn. E Pokerspill um Bockel vum Salariat?
“Rappel un d’Gewerkschaft, mam gudde Beispill virzegoen an déi eege Gehälterstruktur op der Internetsäit publique ze maachen.” Ganz genee dat – an do geschitt näischt-a firwat wuel net ? Dernieft ass och d’Fro vun deem, wat gewësse Féierungsleit vun deene Gewerkschaften och nach esou niewebäi kréien – bspw. all déi, déi als Vertrieder vum Salariat an deenen diverse Verwaltungsréit esou sëtzen…a wuel alles a geliefter Solidaritéit an d’Gewerkschaftskeess iwwerweisen? Mon oeil….Wer im Glashaus sitzt, der werfe nicht mit Steinen, oder?