Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Blannemännerches impfen, juristesch a medezinesch ok? 

Blannemännerches impfen, juristesch a medezinesch ok?
Image par Reimund Bertrams de Pixabay

Gebongt! Et ass en Däiwelskrees fir d’Regierung a fir déi verschidden Impfzentren. Et kann ee sech mat engem vu 4 Vaccinen impfe loossen, an awer huet een net d’Wiel. Wat iergendwéi nozevollzéien ass. Well et misste permanent zeg dausenden Impfdosissen vun deene 4 Produkter op Stock sinn, also op nationalem Plang eng 4,5 Milliounen; a well AstraZeneka een Ament esou staark verruff war, hätt sech eng breet Majoritéit op BionTech gestierzt, an also hätt mussen bei Wäitem méi vun där enger Zort bestallt ginn, iwwerdeems aner Vaccin hätte kënne vergammelen.

An awer stellen sech Froen, besonnesch juristescher Natur. D’Regierung huet sech do selwer eng Foussfal gestallt mam règlement ministériel vum 23. Dezember zejoert, fixant les dispositions opérationnelles relatives aux centres de vaccination. D’Roll vum Dokter ass doranner präzis definéiert:

Procéder à l’entretien avec le patient et à son examen clinique orienté si nécessaire, compléter le questionnaire patient dans l’application MSVAC, prescrire dans MSVAC le vaccin à administrer, optionnellement, procéder à la vaccination selon la prescription médicale ;

Dat liest sech nees esou, wéi wann een no Récksprooch mam Medezinner de Choix hätt. Dat ass awer just ganz seelen de Fall. De Bierger kritt dat gesprëtzt, wat grad deen Ament a “senger Kabinn, a sengem Korridor” am Impfzenter op Stock ass. An anere Wieder, et gëtt meeschtens blannemännerches geimpft! Zimmlech hefteg, an zwar esou gutt medezinesch wéi juristesch gekuckt. Eng Prescription médicale à l’aveuglette!

Am Normalfall – an enger privater Consultatioun beim Hausdokter- géinge mir de Kapp rëselen. D’Argumenter fir dës Hypokrisie an der Impfcampagne hunn ech opgezielt. Och wann si nozevollzéie sinn, esou halen si d’Strooss net. D’Staatsbeamtegewerkschaft schreiwt an der Nummer 269 vun hierem Informatiounsblietchen fonction publique: “ Sie (CGFP) fordert, dass alle Bürger frei entscheiden können, welcher Wirkstoff ihnen gespritzt wird, um somit die Skeptiker zu einer Impfung zu bewegen(…)Die Minister räumten ein, dass Lieferengpässe derartige Pläne durchkreuzt hätten. Dies ist bedauerlich, zumal andere Staaten es logistisch hinbekommen haben, den Bürgern die freie Wahl zu lassen.

Iergendwann stellt sech d’Fro vun der Responsabilitéit am Fall vun engem gesondheetleche Schued duerch d’Vaccinatioun. Kommt der Hersteller, der Arzt oder sogar der Staat dafür auf? An wen können sich die Geschädigten wenden, um ihre Ansprüche geltend zu machen?(…) Von der Regierung fordert die CGFP ein klares Bekenntnis dazu, dass alle Menschen, die sich trotz der ihnen bekannte Risiken freiwillig für eine Impfung entscheiden, einen Anspruch auf Entschädigung bei etwaigen Nebenwirkungen behalten. Eine Impfung darf nicht zur Mutprobe werden.

Ech si gespaant, wien do als éischten de Steen wërft…

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *