ouni wollen der Police hir Aarbecht schlecht ze maachen, de Kommissär “Zoufall” war mat um Wierk, wéi nach deen nämmlechten Dag vu ‘mengem’ Iwwerfall am Theater-Parking déi zwee Brigangen festgeholl goufen an an Untersuchungshaft koumen. Si ware wuel iwwermiiteg ginn, an eng Zort Goldrausch gefall. Si haten op d’mannst dräimol zougeschloen, och an engem Geschäft. Hiert Geklautent konnt sécher gestallt ginn, zwou Ketten aus Gold, eng deier Auer plus Kleedungsstéck.
Fir d’Police sinn déi Zwee keng Onbekannter, si huet si an hirer Datei. Ech gouf a menger Aschätzung confirméiert, datt et sech tatsächlech ëm Maghrebiner handelt, méi präzis ëm Männer mat tuneseschen Originnen. Ee vun hinnen ass mat Sécherheet volljäreg, deen aneren méiglecherweis mannerjäreg. Dat ass ëmmer esou eng Saach, fir den Alter erauszefannen.
Ugeholl, den Täter behaapt, manner ewéi 18 Joer al ze sinn an huet keng Pabeieren fir sech auszeweisen. Da kënnt hien an eng Klinik, wou eng Photo vu sengem Handgelenk geholl a vun engem Dokter ausgewäert gëtt. Dee kënnt dann nawell gären zum Verdikt: déi betraffe Persoun ass tëscht 17 an 19 Joer al! Dat ass fir d’Police a besonnesch fir den Untersuchungsriichter net präzis genuch. De Motto am Zweiwelsfall fir den Ugekloten gëtt gëlle gelooss, den Täter gëtt als mannerjäreg aklasséiert a kann mat méi mëlle Sanktioune rechnen. An der Tëschenzäit ass d’lëtzebuerger Police awer ëmmer méi dacks a Kontakt mat den Autoritéiten an Tunesien.
usech war meng Saach jo nach relativ gutt ausgaangen. Zu där Konklusioun war ech a mengem éischten Artikel komm. Elo dann kréien ech gesot, datt si hanner Gitter sinn an datt ech meng Ketten an den nächsten Deeg erëmkréien. Alles gëtt gutt! Ass dat wierklech déi eenzeg Konklusioun? Neen!
- Ech muss soen, datt deen ‘Iwwerfall’ och bei mir e klenge Schock hannerlooss huet. Déi nächste Kéier, wou ech an dat Parkhaus erafueren, wäert ech e mulmegt Gefill an der Mokailchen hunn a besonnesch am Lift wäert de Bluttdrock vun 10 op 18 eropgoen!
- Déi zwee Täter waren deen Dag dräimol aktiv. Et ass net dervunner auszegoen, datt si déi eenzeg waren. D’Repercussiounen dovunner an der Press halen sech allerdéngs a Grenzen. Meng Affär steet indirekt op der Lokalsäit vum Lëtzebuerger Wort vun dësem Weekend. Well ech deen Job selwer laang genuch gemaach hunn, als Presentateur an als Chefredakter, weess ech, datt vu Säiten vum Journalismus kee System, kee mot d’ordre besteet, fir esou Geschichten ënnert den Teppech ze kieren. Wann ech allerdéngs Saache gewuer gouf, vun deenen d’Police näischt an hirem Bulletin geschriwwen hat, hunn ech si kontaktéiert.
Meeschtens goufen et valabel Explikatiounen. Déi Polizisten déi fir d’Press zoustänneg sinn, mussen en Tri maachen vun zëg Affären, an do kann mol déi eng oder aner Geschicht iwwersi ginn. Trotzdeem! D’Chefredaktiounen vun Zeitungen a Radio wäre gutt beroden, an deem Sënn zu engem refresh vun de bilaterale Relatiounen ze suergen. Ëmmer méi Bierger sinn der Meenung, datt do Saachen bewosst verstoppt ginn. Leien si komplett falsch? Et ass un der Polizei an un der Press, mat oppene Kaarten ze spillen, ëmsou méi, wou haut scho feststeet, datt d’Sécherheet vum Bierger wäert ee vun den Toppthemae sinn an der Walcampagne, déi an engem décke Joer ufänkt.
- Ech sinn erféiert, wéi vill Leit sech no der Publikatioun vu ‘mengem’ Iwwerfall gemellt hunn, fir hir eege Geschicht ze verzielen. Si waren och iwwerfall ginn, an dacks goung et bei hinnen richteg zur Saach: Klabes widder d’Stier, Messer eraus, Taser. Kloer datt dës Leit en anert Sécherheetsgefill hunn.
- D’Police kennt de Milieu ganz gutt, ma hir sinn dacks d’Hänn gebonnen, seelen sinn déi Fäll, wou d’Affer kann d’Täter identifizéieren, well jo alles esou ultra séier geet. Da mussen d’Brigangen schonn in flagranti erwëscht ginn, wat alles aneschters ewéi evident ass. An da kënnt déi leideg Fro: ass nach Plaz zu Schraasseg, respektiv zu Dräibuer?
Rieds geet an dësem Kontext vun enger “Goldkette-Gäng”, déi hiere Wunnsëtz bei Diddenuewen huet. Leit aus dem Maghreb, déi gréisstendeels der Police bekannt sinn. Et handelt sech mat Sécherheet net ëm Honnerten, ma éischter ëm 1 bis 2 Dosen. De Probleem wär also duerchaus ze behiewen, ma et feelt um politesche Wëllen!
De Minister Kox verstoppt sech hanner Meenungsëmfroen an Etüden. Hien hätt besser, mat der Politik um Knuedler zesummenzeschaffen. Den Artikel op menger modester Websäit ass bis ewell bal 9000 mol gelies ginn. Wat vill ass a wat weist, datt de Sujet d’Leit méi interesséiert wéi si dat an engem Sondage wëllen zouginn.
Ugeholl, déi Goldkette-Gäng géing reegelméisseg um Parking vun engem Supermarché zouschloen: géing deen Akafszenter dann d’Daimercher dréien an ofwaarden, bis de Stuerm sech geluecht huet? Wuel kaum. Déi Verantwortlech géingen alles a Beweegung setzen, fir d’Sécherheet vun hirer Clientèle an hiren eegene gudde Ruff ze schützen. Soll et net och esou sinn an der Politik?
Den Henri Kox ass sech net bewosst, datt hien d’Partie elo schonn op politeschem Plang verluer huet a sech just nach ëm Schadensbegrenzung ka këmmeren. Dann awer wannechgelift am Sënn vum Bierger. Déi klengkaréiert Parteipolitik soll an d’Spënnchen gestallt ginn! Dee Gréngen muss wuel oder iwwel mat deene Bloen a mat deene Schwaarzen um Knuedler matschaffen. Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt natierlech och fir aner méi grouss Gemengen, wéi Esch, Ettelbréck, Wolz…
D’Vollek huet munnechmol eng witzeg Astellung vis-à-vis vun der Politik. Ech iwwerhuelen hei eng vun de ville Reaktiounen op den Artikel vun en Donneschdeg: stellt Iech vir, den Här Kox ass Dokter. Seet e Patient: ëmmer wann ech op de Bauch drécken, deet et wéi. Äntwert de Monni Dokter: dann dréckt net drop! Sarkasmus aus dem Vollek. Dobäi ass d’Police nëmmen de verlängerten Arem vun der Justiz.
Kee verlaangt hei d’Doudesstrof. Ma et kann net sinn, datt Spëtzbouwen vun der Police festgeholl a Stonnen drop nees lafe gelooss ginn, mam Argument, datt keng Plaz fir si do ass, weder zu Schraasseg nach zu Dräibuer. “Ils sont fous, ces luxembourgeois”, soen sech dann dës jonk Männer a fänken ongenéiert vu vir un. D’Ministesch Sam Tanson huet dës Situatioun an enger rezenter Chamberkommissioun héich bedauert a versprach, séier Remedur ze schafen.
Wéinstens si huet verstanen, datt e politesche Kleng-Kleng-Krich hei näischt daacht!
Wann ech mir hei kann erlaben ze verbesseren: de Monni Dokter seet zum Patient: « dir hudd méi wéi secher de Fanger gebrach. »