Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesellschaft

Regierungsgestreits ëm den déconfinement an ëm Masken 

Regierungsgestreits ëm den déconfinement an ëm Masken
Image par NickyPe de Pixabay

déi lescht Woch koum d’Regierung fir eng ausseruerdentlech Sëtzung zesummen am Schlass zu Senneng. Grad esou gutt datt keen eng Spezialauer derbäi hat, well d’Auerwierk wier bei der Däiwel geflunn! Et goung héich hir! Déi verschidde Ministeren hunn sech ugebierelt, datt et e Genoss gewierscht wier, tëschent deenen ale Maueren Mäischen ze sinn. Et goung ëm den Exit, also ëm den Noutausgang aus der Ausgangsaschränkung…och ëm Gesiichtsmasken. An et ginn verschidde Meenungen.

D’Demokraten wëllen éischter Gas ginn, fir d’Wirtschaft nees un d’Dréien ze kréien. Bei hirer Wielerschaft versteet sech dat vum selwen. Ekonomie, Handwierk an Industrie, dat ass souzesoen hire politesche fonds de commerce. Si all waarden drop, den 20. Abrëll nees kënne lass ze leeën. Déi Gréng hunn keen eenzegen Ministeschressort, deen direkt an d’Corona-Kris involvéiert ass, och net wat déi wirtschaftlech Kris ugeet. Hinne geet et dofir prioritär drëm, esou séier wéi méiglech hiren Tram an iwwerhaapt den ëffentlechen Transport nees un d’Rullen ze kréien an datt hire leader massimo François Bausch déi grouss Infrastrukturen kann weider dreiwen. Et sinn éischter d’Genossen, déi op der Brems stinn!

Dat ass op eng Manéier och keng Iwwerraschung: den Ament stinn vill Salarié ënnert dem séchere Prabbeli vum Staat. Deen Dag, wou d’Dir och nëmmen e Sputt opgeet, wäerten et déi éischt Entloossunge ginn. Also léiwer op der Plaaz trëppelen.

wat sécher ass: vereenzelt Schantercher ginn nees op an do missten Steemetzer an Handwierker obligatoresch eng Mask droen. Dat mécht villäicht Sënn, ma eng Mask droen bei 30 Grad am Schied…enfin! Dir Hären Ministeren, probéiert et eng Kéier 30 Minutten aus, net mam Bic, mä mam Spuet am Grapp. Dat obligatorescht Droen vun enger Mask soll och an anere Betriber de Fall sinn, wou en Deel vum Personal weiderhinn am Télétravail schafft an deen aneren Deel um Bureau sëtzt.

Fir de Rescht ass een sech nach net vill eens ginn, de Fransous géing soen déconfiture dans le déconfinement, ma et koum ee weider- matt vill Utsch a Wéi- wat d’Beschaafen vu Schutzmasken ugeet. Op deem Punkt wieren sech allerdéngs d’Genossen, si féieren eng Zort ideologesche Krich géint déi Maskerei. Witzgerweis geeschtert an de sozialen Netzwierker eng Photo vum Alex Bodry, mat enger Mask virum Gesiicht, knallroud mat de Buschstaawen LSAP. Dee Mann kann wéinstens bitzen!

“…dat Ganzt gesäit éischter no enger Hujel aus, ewéi no enger Strategie…”

D’Reunioun zu Senneng war Donneschdes, den Dag drop gounge Regierungsmemberen an dee sougenannte Bureau vun der Chamber, an deem all politesch Partei oder Gruppéierung vertrueden ass. Et war mam Staatsminister ofgemaach, datt hien déit eng Annonce maachen, wat d’Beschafen vun de Millioune Masken ugeet. Déi Annonce koum awer net. Réischt no ville Froen vun de Majoritéits- an natiirlech vun den Oppositiounsvertrieder (z.B. Hansen, Wiseler, Spautz, Mosar, Polfer, Baum) huet de Premier decidéiert, datt de Gemengesyndicat Syvicol sech soll drëm bekëmmeren. D’Sozialisten hunn- aus wat fir enger Ursaach och ëmmer- roosen reagéiert.

domatter ass alt wéinstens déi Decisioun geholl. Dobäi ass et de Gemengen iwwerlooss, ob si just eng Commande maachen fir hiert eegent Personal oder fir hir Awunner mat. Net oninteressant ass, datt am cahier des charges vum Buergermeeshter steet, datt hien/si muss fir déi sanitär Sécherheet suergen vu sengen/hieren Matbierger! Déi Obligatioun wäert esou muenchem Gemengepapp / -mamm d’Decisioun méi einfach maachen.

D’Gemeng Mamer huet zum Beispill hir Gesiichtsdichelcher schonn parat leien an esouguer gréisstendeels un hir Bierger verdeelt. D’Aktioun gouf op der Facebook-Säit begréisst an dat suergt natiirlech fir Jalousien. Den LW-Journalist Jacques Ganser wëll wëssen, datt déi Masken zu Mamer net EU-Konform wieren. Op Twitter schreiwt hien: …”All Masken déi zu Mamer verschéckt goufen, sinn net CE konform an also Schrott. Ech waarden op Géigendarstellung”. Den Tëschenhändler huet sech agemëscht, eng Firma Schmitz aus Däitschland. D’Masken kommen aus China, ma si géingen aneren héigen Normen entspriéchen an et gouf am Aklang mat enger rezenter europäescher Rekommandatioun gehandelt.

.200411 SFR Stellungnahme Journalist Luxemburg.pdf

Et liest een aus dem Bréif eraus: hei geet et ëm big money. D’Firma Schmitz huet iwwregens ganz rezent eng gréisser Liwwerung fir déi lëtzebuerger Regierung gemaach. De Journalist war wuel informatesch ze flénk mat de Fanger an huet säin Tweet geläscht.

Virwat dee villen Hin-an-Hier mat der Mask? De Lëtzebuerger Virolog Claude Müller war am Background op Radio Lëtzebuerg der Meenung, datt esou e Stéck Stoff duerchaus eng Méiglechkeet wier, fir de Risk ze reduzéieren. Datt d’Regierung dat am Ufank geleegent huet, wär drobber zeréckzeféieren, datt et zu deem Ablack äusserst komplizéiert wor, un esou Masken um Marché erunzekommen. Wat neierdéngs net méi wouer ass. Esouguer an den Apdikten sin se nees ze kréien.

D’Kommunikatioun vun der Regierung ass alles aneschters wéi optimal. Och eng Privatwirtschaft brauch e klenge Virlaaf, fir sech op nei Spillreegelen ëmzestellen….

Related posts

3 Comments

  1. Kugener Jeannot

    Schéin Ouschteren, Här Kaiser!
    Ee grenge Minister ass am Dossier Corona, den Här Bausch!
    Drei mol huet hien do eng fléie gelooss an huet missten zereckruderen:
    – SNCT: fir d’éischt keng Ausnahm, dann awer eng fir vulnerabel Leit
    – Police, déi hir eegen Interprétatiounen vum Gesetz gemaach huet, mat langem Text vun Froën an Äntwerten, bis si dat geläscht hunn, well villes falsch war
    – et dierft een net mam Auto entzwousch hifueren, fir da spazéieren ze fueren.
    Vuersuergt iech, an alles Guddes!

    1. admin

      Esou gesinn, hutt Dir natiirlech Recht!
      Passt och Dir gutt op Ierch op.

  2. JL Storck

    Einfach erëm excellent Här Kayser!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *