Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

SREL-Prozess: wat fir Rollen hunn Bausch a Bettel gespillt? 

SREL-Prozess: wat fir Rollen hunn Bausch a Bettel gespillt?
Image par Michal Jarmoluk de Pixabay

schonn de fréier-fréiere Chamberpresident Laurent Mosar hat eng sougenannte SIGNIFICATIOUN krut vum Frank Schneider sengem Affekot Laurent Ries. Duerno goug eng ähnlech Post un de President Mars di Bartolomeo a schliisslech och virun 14 Méint un de Fernand Etgen. Normal! Wann ee bis ugeklot ass, muss een sech wieren, an d’Versioun vum maître Ries geet ganz kloer a Richtung vun enger politescher Magouille. D’Rapporten vun der SREL-Kontroll-/ Enquêtekommissioun an d’Aussoen vun enger Partie Politiker am Bureau vun der PJ ginn tatsächlech an d’Direktioun: déi ominéis Auer-Geschicht war ville Politiker bekannt, an et hat keen Hunn duerno gekréit, bis op eemol:

gkonline

Och am Joer 2012 koum et dunn zu engem Gespréich tëscht dem DP-Politiker Xavier Bettel an dem SREL-Mataarbechter André Kemmer; dat Gespréich war an der Privatwunnecht vum Här Bettel.

gkonline

An där Significatioun schreiwt de maître Ries och vun engem Politiker, deen Drëps fir Drëps Informatioune weiderginn hätt un d’Presse. Dee Mann hätt déi Informatioune gesammelt, mam Argument, “sengem Frënd Juncker” ze hëllefen, ma et wär u sech geduecht gewierscht, fir him de “Gnadenstouss” ze verpassen. Et handelt sech heibäi wéi gesot ëm d’Interpretatioun vun Ugekloten an hirem Verdeedeger! Dofir all dës Sätz am Conditionnel! A virwat dat Ganzt? Nun, et wär eng gutt Geleegenheet gewierscht, un d’Muecht ze kommen:

gkonline

Fréier hätt een dat ganz einfach VERROT genannt!

Besonnesch interessant ass d’Roll, déi de François Bausch gespillt huet als President vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun. Wat huet hien virun der police judiciaire ausgesot? Stëmmt et- esou wéi et den Ugekloten Marco Mille am Prozess aussot-, datt den Deputéierten wëssentlech déi Kommissioun op der Basis vun engem falsche Verbatim hätt schaffe gelooss, datt hien eng Zäit laang “potentiellt Beweismaterial zeréckgehalen” hätt? Ginn esou Aussoen iwwerpréift?!

domatter weess een, wouropper et am Plaidoyer vum Frank Schneider sengem Affekot wäert erauslafen: an der SREl-Affär, vill politique politicienne, wéineg juristeschen Encadrement fir d’SREL-Mataarbechter, déi sech selwer iwwerlooss gewierscht wieren. Et bleiwt ofzewaarden, wat dee Leschten vun den dräi Ugekloten ze verzielen huet, respektiv, wat dee gewëllt ass, dësen Dënschdeg auszesoen.

An der Carte Blanche vum 12. Juli 2013, also 3 Méint virun den Neiwahlen hat d’Erna Hennicot-Schöpges -wuelverstaanen, fréier CSV-Parteipresidentin an CSV-Ministesch!- geschriwwen:”E Stéck Glawen an d’Institutiounen ass verluer gaangen…et muss ee sech froen wéisou et esou laang gedauert huet, ier déi Mëssstänn am Geheimdéngscht un d’Ëffentlechkeet koumen. Schliisslech huet zanter 2004 eng Kontrollkommissioun an der Chamber bestanen, déi e Vertrieder vun der Oppositioun presidéiert huet….D’Kontroll huet an dësem Fall net fonktionnéiert….

A well d’Madame Hennicot CSV-Politikerin war, kann si sech ët net verknäifen, eng kleng Attack op d’LSAP ze maachen, déi jo gären mat an d’Koalitiounsbett gespronge ass….”villäicht hätt déi Kontroll dann och emol an den Economie-Ministère gefouert, ier dee sozialisteschen Inhaber vun deem Stull op eng iwwerraschend Art a Weis verschwonnen ass…(.)”

An déi ganz Chamber, wuel awer an der Haaptsaach d’Oppositioun (also de François Bausch) krut eng weider op de Bak:” Eng Chamber déi hir Kontrollméiglechkeeten net eescht hëllt, ass eng parlamentaresch Demokratie op Krätschen, an domatter lafe mir net wäit!”

Dat war duerchaus e gëftege politesche Klima deemols. E puer Méint drop huet den deklaréierte Géigner “CSV-Staat” zur Vergaangenheet gehéiert; deen “aale Mief” sollt eraus. Et muss een dës Versioun vum Maître Ries, respektiv vun den Ugekloten net gleewen, an trotzdeem ass et eng Méiglechkeet. De Prozess bleiwt spannend!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *