Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Ramba-Zamba! d’Astrid Lulling flitt aus dem conseil national des femmes! 

Ramba-Zamba! d’Astrid Lulling flitt aus dem conseil national des femmes!
image credits:Wikipedia

d’Geschicht zirkuléiert schonn zanter 3 Wochen, ma well si och de groussherzoglechen Haff betrëfft, sinn d’Leit net grad esou babbeleg wéi gewinnt. E Méindeg Owend ass se dunn offiziell ginn: de Conseil national des femmes huet d’Madame Astrid Lulling an hir Fédération nationale des femmes luxembourgeoises aus senge Reien ausgeschloss. De Grond: e Gespréich tëscht der fréierer Politikerin an der Grand-Duchesse Maria Teresa am Summer op Schlass Berg. Déi Federatioun war an der Zäit vun der Madame Liliane Thorn-Petit an d’Liewe geruff ginn, vun der Fra also vum fréiere Staatsminister Gaston Thorn.

d’Grand-Duchesse wor nämlech an deem Gespréich der Meenung, datt et mat de Frae-Rechter zu Lëtzebuerg net wäit hirgeholl wier. Dës Ausso konnt a wollt d’Madame Lulling net esou stoe loossen an huet ripostéiert, schliisslech hätten déi verschidde Fraenorganisatiounen déi lescht 50 Joer vill zu der Gläichstellung vun der Fra vis-à-vis vum Mann an der Gesellschaft bäigedroen. Detailer iwwer d’Tonalitéit gouf ech keng gewuer, ma d’Madame Lulling ass bekannt fir hir flénk Zong. Der Grand-Duchesse goung et wuel an der Haaptsaach drëm, drop hinzeweisen, datt d’Fraen an der Lëtzebuerger Monarchie net déi nämmlecht Rechter hätten wéi d’Männer a si huet domatter wuel op sech selwer wollen opmierksam maachen. Wat e bësselchen ondelikat war, ëmmerhinn hate mir schonn eng Fra als Staatscheffin! An d’Madame Lulling huet op eng ganz echt Ongerechtegkeet higewisen, déi dacks an der Monarchie d’Männer betrëfft, an zwar gëtt d’Fra vun engem Kinnek eng Kinnigin genannt, iwwerdeems de Mann vun enger Kinniginn sech just däerf Prënz nennen! Am Chamberblietchen stéing bei dëser Geleegenheet: Hilarité générale! Ma wou se Recht huet, huet se Recht!

op alle Fall muss et e bësselchen méi héich hirgaange sinn: d’Grand-Duchesse huet déi fréier Politikerin gebieden, näischt vun där verbaler Ausernaanersetzung weider ze verzielen, déi sech och tatsächlech dorunner gehalen huet. D’Grand-Duchesse hirersäits wor no deem Gespréich richteg verdrësserlech an huet dat deenen anere Madammen aus dem Conseil national des femmes och matgedeelt; et huet e bësselche gedauert, bis e Méindeg Owend an enger Versammlung dem Astrid Lulling hir Federatioun aus dem Daagverband ausgeschloss gouf.

Dobäi soll et net bleiwen. Affekoten këmmeren sech ëm d’Affaire, déi eigentlech net hätt musse sinn, wéi esou dacks…Et gëtt allerdéngs nach en aneren Hannergrond, op d’mannst am CNFL an dee geet méi d’Sylvie Mischel vun der ADR unn ewéi d’Madame Lulling. Déi fréier Volleksvertriederin an Europadeputéierten hat nämlech d’Madame Mischel vun den ADR-Fraen an hirer Federatioun ugeholl. Hir Präsenz an de Reuniounen schéngt aner Madammen genervt ze hunn. Esou heescht et aus Insiderkreesser, datt et sech (och) ëm en ideologesche Sträit handelt: soll en nationalen Daachverband vu Fraenorganisatiounen op sinn fir ALL Fraen, egal, wat hir politesch Orientéierung ass oder net? D’Madame Lulling ass der Meenung, et misst fir se alleguerten méiglech sinn….

Related posts

1 Comment

  1. Chris

    Wei heescht et?

    Paak verdreit sech, Paak zerschleit sech….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *