Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Ass e Gewerkschaftsboss och en ‘Décken’? 

Ass e Gewerkschaftsboss och en ‘Décken’?
Bild von Wolfgang Eckert auf Pixabay

Transparenz an der Politik ass eng Obligatioun. D’Vollek verlaangt zum Beispill, datt en Deputéierten säin Akommes an der Ëffentlechkeet bekannt gëtt. Mécht hien dat net -oder net genuch-, kritt hien vun der Press nogehollef a gëtt jee nodeem un de Pranger gestallt: wéi vill verdéngt hien als Volleksvertrieder, wourauser besteet säin Niewenakommes, a wat fir enger(n) Gesellschaft)en) sëtzt hien am Verwaltungsrot, wéi héich ass seng Ministeschpensioun asw? Transparenz héiert sech un ewéi e magescht Wuert, Transparenz bedeit Liicht am däischtere Morast vun der politescher a finanzieller Muecht. Kee Bierger huet wuel eppes dogéint. Ma gëtt déi Transparenz dacks genuch an eiser Gesellschaft gefuerdert? Politik ass dat eent! Wéi ass et dann zum Beispill mat de Gewerkschaften?

Bild von Steve Buissinne auf Pixabay

Ech hu mir déi Fro déi lescht Wochen méi ewéi eng Kéier gestallt, ech hunn nogefrot ma hunn d’Fanger vum Thema ewechgelooss, well ech net de Spaassverdierwer kuerz virun de Sozialwahle wollt sinn. Dee Kellech ass jo erlaanscht mam übleche Resultat: et huet kee verluer! D’Syndikatswelt ass also nees fir 5 Joer an der Rei, d’Gewerkschaftsbossen dréien mat den Daimercher um ronne Bäichi, kuerz: de perfekte Moment fir eng onkamoud Fro ze stellen. Wéi vill verdéngt eng Nora Back vum OGBL, e Patrick Dury vum LCGB, e Romain Wolff vun der CGFP?

Op mengem beschwéierleche Wee fir Transparenz ze fannen, krut ech déi onméiglechste Rechnunge gemaach, déi ech beim beschte Wëllen net gleewe konnt an och haut nach net kann. Dem OGBL hunn ech eng Mail gemaach a krut als Äntwert: ” Transparenz an der Politik ass effektiv wichteg – Politiker gi jo schlussendlech och mat Steiergelder bezuelt.

Do gëtt et awer en decken Ënnerscheed mat dem wat dir hei uschwätzt, an zwar der OGBL-Präsidentin hiert Akommes. D’Suen déi d‘Paie vun den Haaptamtleche beim OGBL bezuele kommen exklusiv vun eise Memberen, vun hire Cotisatiounen, an net vum Staat, vun der Allgemengheet.

Duerfir gesi mir elo net an, wéisou mir Iech déi Informatioune schëlleg wieren.

Transparenz op eisen Depensen si mir just eise Gremie schëlleg, an deene weise mir datt mir responsabel an am Sënn vun eise Membere mat de Suen ëmginn. Wann et Iech awer berouege kann, verdéngt d’Madame Back (inklusiv CSL, jetons, asw) wierklech vill vill vill manner wéi …………. Euro de Mount.” De Chiffer hunn ech bewosst ewechgebotzt, well ech näischt wëll an d’Landschaft setzen-och net mat engem esou formellen Dementi ewéi deen heiten. Nawell bestinn ech op Transparenz!

Mam Patrick Dury hunn ech um Telefon geschwat; et war grosso modo déi nämmlecht Äntwert, ma et géing een mol nach doriwwer intern schwätzen. Bei der CGFP hunn ech et dorobber hin guer net probéiert (sorry, Romain Wolff!). Natierlech gëtt et an dësem Kontext en Ënnerscheed tëscht Minister, Deputéierten a Gewerkschaftler. Et gëtt awer och op d’mannst e gemeinsame Punkt.

D’Suen déi d‘Paie vun den Haaptamtleche beim OGBL bezuele kommen exklusiv vun eise Memberen, vun hire Cotisatiounen, an net vum Staat, vun der Allgemengheet…huet den Här Landini mir geschriwwen. Hie mengt domadder d’Steiersuen, och just eng Zort Cotisatioun fir datt de Staat ka fonktionéieren. Mam Ënnerscheed awer, datt d’Steieren obligatoresch sinn an datt eng Memberschaft an enger Gewerkschaft op fräiwëlleger Decisioun besteet.

Wiem gehéiert d’maison du peuple zu Esch?”

Den Haaptsëtz vum OGBL gëtt esou genannt, well vun do aus d’Gewerkschaft d’Interessi vum Vollek vertrëtt. Et gouf am Laf vun de Joerzéngten zu Esch kaf, vergréissert, renovéiert mat de Suen vun de Memberen déi domadder indirekt an och just symbolesch Matbesëtzer vun deem Gebai sinn. De Syndikat vertrëtt d’Interessi vun de Leit? Jo, awer nëmmen mat an duerch d’Ënnerstëtzung vun dausenden aktive Memberen, déi sech net ze Schued sinn, sech fir hir Aarbechtskolleegen anzesetzen.

Ouni déi aktiv Memberen géing keng Gewerkschaft iwwerliewen. Ech perséinlech war 20 Joer bei RTL fir den OGBL ënnerwee: Delegatiounspresident, President vum europäesche Comité mixte vu CLT-UFA, Member vun der Privatbeamtechamber (haut chambre des salariés). Méi ewéi eng Kéier hat ech an där Zäit décke Bordell, mol mat den Aarbechtskolleegen, mol mat der Direktioun. An esou Memberen sollen net gewuer ginn, wat hiren “zweeten Aarbechtschef esou alles asäckelt?!

Bild von Ridia auf Pixabay

Wär ech haut nach aktiv, ech géing op d’déck Tromm schloen. Souwisou missten d’Gewerkschaften sech endlech och selwer a Fro stellen. D’Resultat vun de leschte Sozialwahlen schwätzt jo Bänner! Den OGBL kënnt op 26 Prozent vun de Mandater, den LCGB op 14.  Den net-grad-onofhängege-Gewerkschaftsbond léisst sech feieren: quasi den duebele Score ewéi dee vun de Chrëschtleche Jünger. Top! Ma d’Welt bleift net dobäi stoen. 56 Prozent vun de Mandater goungen nämlech un déi sougenannten Onofhängeg, also un déi déi sech net am Numm vun där enger oder anerer Gewerkschaft opgestallt haten!

56 Prozent! Dat ass méi wéi dat Duebelt vum OGBL, méi ewéi dat Véierfacht vum LCGB! Du jamais-vu! Dobäi hat grad den OGBL massiv Suen an d’Campagne gebottert; och do wier et net méi ewéi normal, datt d’Konten op den Dësch geluecht ginn.. Op alle Fall missten an dësen Deeg an de Gewerkschaftszentralen d’Sireenen huerelen an d’Schampesfläschen zeréck an de Keller getässelt ginn. Mat esou engem Resultat kann an däerf een sech als Syndikat net zefridde ginn. D’Gewerkschaften si vun Zäit zu Zäit de Gespréichspartner vun der Regierung. Hier Positioun gouf virun Deeg gehéiereg geschwächt. Am Privatsecteur géif an esou engem Fall de CEO zu Rechenschaft gezu ginn,…mat villäicht enger Reduktioun vu senger Pai!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *