Opmëschten vun der Parteielandschaft?

0
362
image credits: pixabay

Bei deene leschte Gemengewahlen konnt een nach denken: business as usual! D’CSV war zwar aus der Regierung erausgeflunn, ma ass um Wee zeréck. De Lëtzebuerger verléisst net esou séier eng “valeur sûre”, matt där een – ausser der Pensiounsreform an der fonction publique an ausser der SREL-Affaire- 40 Joer gutt gefuer ass. Déi Chrëschtlechsoziaal waren an de Gemengen esou gestäerkt ginn, datt een duerchaus konnt derfunner ausgoen, datt si och fir d’Nationalpolitik géing plebiszitéiert ginn. Déi Schwaarz hu sech op eng gutt TNS-ILRES-Ëmfro verlooss an hunn deementspriéchend wéineg gas ginn an der Wahlcampagne. Resultat: et wor dat geschitt, wat et nach niimols gouf an der lëtzebuerger Politik: d’CSV koum fir d’zweete Kéier hannerteneen net an d’Regierung eran. Ganz kloer, do ware Feeler an der Campagne geschéckt, mä, ass net och bei eis déi traditionnell Parteielandschaft am gaangen, sech ze änneren?

 

 

image credits:pixabay

D’Sozialisten woren déi éischt grouss Verléirer. Zu Lëtzebuerg hu se zweemol hannerteneen dat schlechste Resultat zanter dem Krich gemaach. A Frankräich ass d’Partei regelrecht agesackt, natiirlech zum Deel bedéngt wéinst engem schwaache President François Holland? Ma net eleng hien ass Schold. D’Vertrauen an eng Aarbechterpartei, déi sech déi lescht Joerzéngten an der politescher Mëtt beweegt, wor lues, ma sécher de biergan gaangen. Aehnlech Situatioun an Däitschland. Den 100-Prozent-Kandidat Martin Schulz gouf bei de leschte Bundestagswahlen esou ofgestrooft, datt hien net méi gutt war, fir heeschen ze goen.

Aehnlech ergoung et deene konservative Parteien, wann och net grad esou krass. A Frankräich an an Däitschland goufen se fatzeg ofgestrooft, zu Lëtzebuerg villäicht nach am meeschten: 10 Joer (wahrscheinlech) Politik ouni CSV, dat war sech bis dato net virzestellen. Déi zwou klassesch Volleksparteien – riéds a lénks- hunn also massiv u Vertraue verluer,parallel goung dat an aner Parteien deementspriechend an d’Luut an et koume vill aner Parteien derbäi. A Frankräich ass et schwiereg, nach den Duerchbléck ze behaalen; an Däitschland huet sech eng afd zur drëttstäerkste Kraaft entwéckelt. Ma, et koum nach en anere Phänomen derbei.

“Déi Gréng hunn hire fonds de commerce opginn a sinn och an der Mëtt ukomm!”

Eng Ëmfro am Osten vun Däitschland ënnermauert d’Positioun vun der Öko-Partei: 19 Prozent vun de Leit sinn der Meenung, datt si dëser Partei am meeschte kënne vertrauen! Ausgerechent am Osten! CDU an SPD kommen nëmmen op 16 Prozent. Zu Lëtzebuerg hunn déi Gréng iwwerrascht duerch en excellent Resultat de leschte 14. Oktober. Keen – och ech net- hat domatter gerechent; d’Dräierkoalitioun konnt eenzeg an eleng duerch déi Gréng weidergefouert ginn. Dat huet seng Ursaachen.

Déi Gréng haten als eenzeg Partei e puer Wochen virum Wahlsonndeg eng nei Ëmfro maache gelooss, mam Resultat, datt fir si alles géing gutt laafen. Si hunn et gemaach wéi d’CSV: nëmmen näicht ze vill soen, fir nëmmen net engem Risk ausgesaat ze ginn. Mam klengen Ënnerscheed, datt dat déi richteg Decisioun war fir déi Gréing an déi falsch fir d’CSV. Et stellt sech trotzallem déi kruzial Fro: wat ass d’Ursaach, datt et fir déi Gréng esou gutt rullt? Mir perséinlech fällt op, datt si hire fonds de commerce opginn hunn a sech och an der politescher Mëtt beweegen. An där Mëtt waren se nach ëmmer als “Waertkonservativer” (dixit Fr.Bausch), mä koumen dacks als Partei vun den 100 Geboter, respektiv,Verboter eriwwer. An do koum bei deene Gréngen e radikaalt Ëmdenken.

D’Zäite sinn eriwwer, wou déi Gréng dem Bierger virschreiwen, wéi dacks datt een mam Auto oder mam Fliiger soll/daerf an d’Vakanz fueren. Eng Dusch huelen oder an d’Bidde goen, fir Waasser ze spueren, ass keen Thema méi. Salz oder Kräsi am Fall vu Schnéi? Virun 30 Joer gouf doriwwer hefteg an der Ëffentlechkeet diskutéiert; wéi déi Gréng mat am stater Schefferot souzen, goufen Stroossen an Trottoir grad esou gesalzt wéi déi Joerzéngte virdrun! Vegan? Do soll jidderee maachen, wéi hie wëll. Kuerz: et ass een an der Realpolitik ukomm, et huet ee bäigeléiert: dem Bieger, also dem Wieler huet een net de Mond ze verbidden.

 

image credits: pixabay

Déi al Oeko-Futzi oer Ayatollah, wéi se genannt goufen, gëtt et net méi”, op d’mannst hu se net méi d’Haaptwuert an der Partei. Grad ewéi zu Lëtzebuerg haten déi Gréng an Däitschland e gudde Score gemaach an hiren neie Co-Chef Robert Habeck ass regelméisseg an Talkshows ze gesinn. Och do probéiert hien, als moderne Visionär eriwwer ze kommen, seet awer dacks 0-8-15-Saachen. E rezent Beispill fir déi virsiichteg Politik vun den däitsche Gréngen koum nach dëse Weekend. Den Habeck sot an engem Interview iwwer d’Bundesland Thüringen, wou an 10 Méint Wahle sinn: “Déi Gréng géingen sech derfir asetzen, datt daat Bundesland fräi an demokratesch gëtt”!. Do war den Habeck an déi al, gréng Naupen zeréckgefall! Mat enger gewëssener Selbstsuffisanz an och Iwwerhieflechkeet wollt de Mann ze verstoe ginn: ouni gréng Politik, keng Demokratie! 24 Stonne méi spéit koum d’Entschëllegung vum Habeck: “Ich beiss mir in den Arsch!”. De Mann iwwerleet sech, ob hien nach weider op Twitter bleiwt oder net.

“näischt géint Ëmweltschutz, esou laang net domatter iwwerdriwwe gëtt!… “.

Ech gesinn also fir déi zwou traditionnel Parteien -Konservativ a Sozialisten- net nëmmen eng Erausfuerung vun den extreeme Borden, ma och a grad vun deene Gréngen. Zu Lëtzebuerg sinn se gutt opgestallt, esou gutt an der Regierung wéi och am Parlament. Ob an der Realpolitik à la : schéinen Tram, flotte Lift an der Stad, nach vill Sputt bleiwt, fir wierklech ökologesh Iwwerleeungen, bleift ofzewaarden! Mä, et leeft jo gutt! De Bierger huet näischt géint Ëmweltschutz, virausgesaat, et gëtt net dermadder iwwerdriwwen. Grad zu Lëtzebuerg mussen déi Konservativ, an dësem Fall d’CSV sech eng afale loossen. Et huet kee Sënn, eng ADR ze attakéieren an op dee méi riétse Bord grasen ze goen: éischtens kann dee Schoss no hanne goen an zweetens trëppelt d’ADR dach éischter op der Plaz. Grad déi Chrëschtlechsoziaal mussen sech d’Fro stellen: wéi war et méiglech, datt déi Gréng dee leschten Oktober esou gutt ofgeschnidden hunn?

 

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here