Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Schnoken

Net nëmmen op Äschermëttwoch: dout penibel Amenter erlieft jiddereen 

Net nëmmen op Äschermëttwoch: dout penibel Amenter erlieft jiddereen
Bild von Сергей Корчанов auf Pixabay

Wuel jidderengem vun eis ass et scho virkomm, datt een sech fierchterlech blaméiert huet, sech ongewollt esou richteg donieft beholl huet, an d’Fettnäppchen getrollt ass. Ech nennen dat meng “Pierre Richard”-Momenter, dee franséischen Acteur dee sech reegelméisseg an déi onméiglechste Situatioune bruecht huet, wou de ganze Kinossall sech kabott gelaacht huet a wou ech mech fir de Schauspiller quasi genéiert hunn. Wann een sech da selwer ongewollt an esou eng Zeen  eramanövréiert, ass et meeschtens e Souvenir fir d’ Liewen.

Mäi verstuerwene Noper koum zum Beispill net driwwer ewech, datt hien um Kierfecht  op engem Begriefnes déi falsch Wieder fonnt hat. Vill Leit an Trauer, Kräischen, sech d’An reiwen, shake-hands mam traditionelle Saz: “ech kondoléieren”. Just datt de Mann der Famillje net kondoléiert, ma felicitéiert  huet. Nach Joren duerno huet hien dovunner geschwat. Ech selwer hat am Laf vu 40 Déngschtjoer och méi ewéi eng Kéier där bosseg Momenter, een dovunner wollt ech haut lass ginn. Et ass jo schliisslech Fuesend!
D’Enn vun de 70-ger Joer haten d’Zeugen Jehovas Weltkongress zu Lëtzebuerg. E puer dausend Leit koumen an d’Land, besonnesch natierlech aus der Groussregioun, ma och aus Amerika, Japan asw. D’Pressekonferenz war am stater Zerkel. Ech gouf méi ewéi frëndlech empfaangen. Et kann ee vun den Zeugen Jehovas hale wat ee wëll, manéierlech sinn si ëmmer. Dobäi huet et wuel och eng Roll gespillt, datt ech vu Radio Lëtzebuerg koum.

An der Hektik hat ech allerdéngs eng Litz fir de Mikro vu just engem hallwe Meter matgeholl; dat war e bësselche vill knapp, ma ech gouf ganz uewen un d’Spëtzt vum Dësch plasséiert fir direkt nieft dem Weltpresident ze sëtzen a kamoud mäin technescht Geschier kënnen opzeriichten.

D’Zeugen Jehovas sinn iwwregens net nëmmen gutt erzunn, si dinn sech och ëmmer korrekt an dezent un. Lauter Männer a schwaarzen a bloe Kostüm souze ronderëm mech. Eleng déi Situatioun war scho ganz echt: si gewäsch, gekämmt a gestreckt, ech laangt Hoer a Rocker-Jackett. Ma war net schonn de Jesus vun Nazareth e ruckelzege Beatle?! Op d’mannst eng Dose Kostümer souze ronderëm mech an hunn op de Message vum Big Boss gewaart, nom biblesche Motto: “Ihr werdet die Wahrheit erkennen und die Wahrheit wird euch frei machen.(Matthäus 8.31).

De President huet also seng Ried ugefaangen, an där Zäit huet ee vu senge “Jünger” mir eng Taass Kaffi gereecht. Kaffi mat Mëllech. Ech hunn dat klengt Plastiksdëppchen an de Grapp geholl fir et mat mengen ongehuwwelte Fanger opzekréien….a Schwupp! wor d’Mëllech eraus explodéiert. Ech hunn entgeeschtert op de President gekuckt, deem säi Kostüm – wéi gesot: en deiere Fuedem- guer net méi esou blo war, ma éischter Blo mat Wäiss gesprinselt. An och dem Mann säi Gesiicht war voll vun der Mëllech getraff ginn.

D’Jünger ronderëm waren huerteg opgespronge fir de Mann mat Servéiten propper ze wëschen, d’Mëllechflaatschen op Kostüm a Gesiicht ofzereiwen. Wéi de Blëtz war déi Botz-Aktioun fäerdeg, de President huet weider geschwat wéi wann näischt geschitt wier, an ech wosst, datt all Versuch vun enger Entschëllegung d’Saach nach méi penibel gemaach hätt. Ee Mëllechfleck um Gesiicht war iwwregens vergiess ginn: um rietse Bak, op der Héicht vum Mond. An esou huet dee wäisse Punkt do déi ganzen Zäit vun der PK gekluddert wéi d’Nuddel am Sketch vum Loriot.

Zanterhier hunn ech gréisste Respekt virun deene klenge Plastiksdëppercher.

Related posts

3 Comments

  1. Fasbender

    Abeejo….gutt dat et kee Ketchup war….

  2. Jean

    Erstaunlech ass ,dass trotz dem technologeschen forrschrett a villen domainen nach emler sou kretz…fir et kloer auszedrecken…um marche ass.
    Domat mengen ech dei kleng recipients vu flessegkeeten,siew et mellech,wasser oder ketchup,dei een kaum opkritt ouni dass en deel erausspretzt.
    Entre autres eng calamiteit bei de meeschten fluchgesellschaften mee och anderswo.

    1. Guy Kaiser

      Jo, am Fliger froen ech ëmmer meng Fra ëm Hëllef. Eng Saach och vun Neel. Dir hutt Recht: wann Interessi do wär,-also Méiglechkeet fir Fric ze maachen- hätten si scho längst eppes aneschters entwéckelt

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *