Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

D’Press méi helleg ewéi de Poopst? 

D’Press méi helleg ewéi de Poopst?
Bild von Mahesh Patel auf Pixabay

Reporter.lu schreiwt iwwer déi groussherzoglech Press, déi engem Sondage iwwert sech selwer net esou richteg iwwer de Wee traut. Plurimedia-Etude nennt sech dat: wéi vill Leit lauschteren am Do RTL, 100,7…?’ wéi vill Leit liesen nach d’Wort, d’Tageblatt asw?  Wann d’Resultat dann um Dësch läit, gëtt driwwer diskutéiert, jidder Media mécht dorausser seng eegen Interpretatioun a wien wonnert et, eng Interpretatioun méi ewéi zu senge Gonschten. Datt déi Kéier déi verschidde Medienhaiser hier Problemer hu mam Resultat vun der Meenungsëmfro, ass net nei. Dat gouf et scho viru Joer.

Deemools hat RTL intervenéiert, an zwar zu Recht. Wourunner et neierdéngs läit, weess ech net an ass fir mech elo net direkt wichteg. Et geet an den nächste Joer – eventuell an den näechsten 10 Joer- ganz einfach ëm d’Iwwerliewen vun der Press. D’Ausland weist eis scho méi laang, datt bedeitend manner Noriichte “consomméiert” ginn, virun allem an der geschriwwener Press, ma och op Radio an Televisioun. D’Internetplattform The PIONEER  

THE PIONEER

huet déi rezenst Statistiken an Däitschland publizéiert:

Do ass vill Musek dohannert! Virun 20 Joer hunn 63 Prozent vun de Leit an Däitschland reegelméisseg eng oder méi Zeitunge gelies. Haut sinn et nach just 21 Prozent! E Minus vun 42. Virun 20 Joer hat déi geschriwwe Press scho mat der Konkurrenz vun der Televisioun ze dinn, duerno koum déi digital Welt dobäi. De Fernseh geet och fatzeg zeréck, vun 82 Prozent op 59. Den Online geet wuel an d’Luucht, awer net deementspriechend. D’social Media hunn eng Hausse vun 18 op 29 Prozent, de ganzen Online-Marché klëmmt vu 60 op 63 Prozent.

“…de Witz bei der Saach ass awer…,”

datt déi lëtzebuerger Medien sech mat Hänn a Féiss dogéint wieren, datt d’Resultater vun där rezenter Ëmfro verëffentlecht ginn! Dat deit drop hinn, datt den Trend zimmlech däitlech no ënne weist. Also léiwer den Deckel drop loossen. Op deem Punkt hält een zesummen ewéi Pech a Schwiefel, wär do net als Spillverdiewer de Papa Staat. Deen huet nämlech an den Onkäschten fir dës Meenungsëmfro zu 10 Prozent participéiert an hie wëll – eemol ass nach keng Gewunnecht- sech un den droit à l’information halen: jidfer Bierger huet e Recht op allméiglech Informatioun, souguer op d’Info, datt et der Press den Ament net grad esou gutt geet.

Grad déi Press féiert zanter Joer e verbatterte Kampf géint d’Regierung fir den droit à l’accès à l’information, datt also all ëffentlech Verwaltung engem Journalist déi Informatiounen muss ginn déi hien gefrot huet. Déi verschidde Ministeren hu sech bis ewell doranner schwéier gedoen. Elo dann de komplette Rollewiessel: déi total Transparenz op der Säit vum Staat, chape de plomb op der Säit vun de Medien. Esou séier kann et goen….

 

Related posts

1 Comment

  1. Guido+Gennen

    Nun ja, wen wundert es ? Die vergangenen Jahre hat sich die mehr als fragwürdige Berichterstattung der Qualitätsmedien immer deutlicher gezeigt. Wer hat schon Lust ein Medium zu konsumieren, wenn er im Voraus weis, dass die Wahrscheinlichkeit eine wahre und vollständige Information zu erhalten, eher klein ist.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *