Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Extra Zöppchen fir d’Assurancen? 

Extra Zöppchen fir d’Assurancen?
Image par Steve Buissinne de Pixabay

Eng Welt ouni Versécherung kann ee sech net méi virstellen! Ze grouss ass eist Sécherheetsgefill, fir datt mir doropper wéilten verzichten. Mir loossen eis Wunneng versécheren, eisen Auto, eise Prêt, eis Gesondheet…eise Brëll, an natiirlech de Schatzi aus der Famill, den Handy. Verschidden vun dësen Assurancen sinn obligatoresch, anerer fräiwëlleg. Déi Leit, déi zejoert duerch den Hurrikan den Daach vun hierem Haus ofgedeckt kruten, schätzen sech – trotz dem Misär- glécklech, wa si an hirem Kontrakt e “cat nat” stoen haten (catastrophes naturelles) an esou op eng finanziell Entschiedegung däerfen hoffen. Ma soll een dowéinst dem Assurancësecteur den intérêt public zouspriéchen? D’Meenungen ginn auserneen!

Image par Gerd Altmann de Pixabay

 

D’Politik ass zanter kuerzem mat engem Gesetzprojet konfrontéiert (Nr 7511), wou et op en Neits ëm den Dateschutz geet. Fir et einfach ze erklären: eng Assurancegesellschaft probéiert, Kapital ze raafen, an dat op déi verschiddenste Manéieren, duerch eng Versécherung op de Wunnechten, den Autoen etc, awer och op enger zousätzlecher Krankeversécherung. Op déi Manéier kënnt Geld an d’Keess, ma awer och eng Hellewull un Informatiounen. Esou weess d’Gesellschaft, op wéivill Metercarré datt ee wunnt, mat oder ouni Marmor, mat engem oder zwee Buedzëmmer; si kennt eis Qualitéiten als Automobilist a si kritt Tonnen Renseignementer iwwer eise gesondheetlechen Zoustand. Bluttdrock, Häerzinfarkt, Niereprobleemer, Zoustand vun den Zänn…jo, si kitt esouguer vun eis zougestach, wat fir Medikamenter mir schlécken.

Eng Versécherung ass also och en Data-Zenter. Déi verschidden Informatioune kommen a verschidde Fichier, an déi konnte bis ewell mateneen “schwätzen”, et konnten also Informatiounen ausgetosch ginn.Mat der “GDPR”-Direktive ass dat net méi de Fall, also gëtt legiféréiert, fir konform mam Gesetz vun 2018 ze sinn.

mam Gesetzprojet 75 11 ginn fir den Assurancesecteur Motiver fir den intérêt publique important  gefrot, grad a besonnesch wat den traitement vun de confidentiellen Daten a Punkto Gesondheet ugeet.

Image par Tumisu de Pixabay

Do stellen sech awer Froen! Kann et méiglech sinn, datt meng Versécherungsgesellschaft mir déi eng oder aner Prestatioun refuséiert, op der Basis vu mengem “fichier santé”? D’CNPD schéngt domatter kee Probleem ze hunn; am Exposé des motifs gett d’Kommissioun esou zitéiert:”

Ce raisonnement est soutenu par la CNPD qui a précisément estimé qu’il est nécessaire de prévoir une disposition nationale, conformément à l’article 9, paragraphe 4 du RGPD pour légitimer le traitement de données de santé en matière d’assurances.”

Dobäi ass vergiess ginn, e schrëftlechen Avis vun der CNPD ze froen. Et stelle sech op alle Fall déi nämmlecht Froen, wéi an de ville “geheime” fichier bei Parquet a Police: kënnen déi verschidde Fichier bei den Assurancen och an Zukunft niewtenaner existéieren?A wéi laang? Ween huet Zougrëff? Wéi ass et mat de Mannerjähregen? A last but not least, virwaat si keng penal Sanktioune virgesinn, fir de Fall vu Mëssbrauch?! An der zoustänneger Chamberkommissioun hunn d’Deputéiert vun alle Borden- Majoritéit mat abegraff- grouss Bedenken manifestéiert.

“…iergert d’Vollek sech réischt dann, wann d’Kand  bis am Pëtz läit?

 

link fir de Gesetzprojet:

https://www.chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=0313C31D630BB479C18AAC7F51DD22C451CF2328F0A0895798F8C1A498A8F49DEA12D2BDBAFFFEC692DD0CB80ED5D563$29A0DDDFFC936DB5BC171874C337EB75

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *