Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Grénge Wuesstem gëtt et net 

Grénge Wuesstem gëtt et net
Image par Pexels de Pixabay

D’Behaaptung aus dem Titel kënnt net vu mir, ma vun der Europäescher Ëmweltagence. Si koum iwwerraschend, ma war an de Medien keng Zeil wäert. Ausser am l’EXPRESS (28. Januar), wou drun erënnert gëtt, datt an all ekologeschem Zenario – raus aus dem Pëtrol, eran an d’Wandmillen- drop tabléiert gëtt, datt et trotzdeem e wirtschaftlechen Opschwonk déit ginn.

Dat héiert sech dacks esou un, wéi wann een d’Skeptiker wéilt berouegen: gréng ass net gläichbedeitend mat Wirtschaftsbrems. Esouguer de Green Deal vun der Europäescher Kommissioun geet dervunner aus, datt manner CO2 de wirtschaftlechen Opschwonk net bremst, ganz am Géigendeel. Dat bréngt de Jean-Marc Jancovici zu der Feststellung: Wuesstem moosst een net (nëmmen) duerch Euro-Schäiner, déi am Ëmlaf sinn, ma och via den Energieverbrauch vun enger Gesellschaft.

A wann et déi vill lescht Joerzéngten- zanter der Industrie-Revolutioun- wirtschaftlech gefluppt huet, dann an der Haaptsaach, well ëmmer méi Maschinnen als Hëllef an der Produktiounsketten agesat goufen. Am anere Fall géifen manner Wunnechte gebaut ginn, manner Kleeder, manner Autoen, manner Spillsaachen op de Maart kommen asw. Et sinn d’Maschinnen, déi d’Energie brauchen, schliisslech drénkt de Mënsch net selwer de Pëtrol an ësst och keng Kuel!

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Den Energieverbrauch spigelt also de Maschinnepark erëm vun engem Land, enger Ekonomie. Déi lescht 60 Joer war de PIB op eisem Planéit proportionnell zu der Energieconsommatioun. Déi Maschinnen ginn allerdéngs ni an deene verschiddenen ekologesche Wirtschaftsmodeller beim Numm genannt. Et geet just Rieds vun “Arbechtsproduktivitéit”, déi weider wiisst, wat näischt aneschters bedeit: et kommen nach méi Maschinnen, an also klëmmt de Verbrauch un Energie.

Maschinnen sinn net nëmme gutt fir d’Wirtschaft, ma maachen dem Mënsch d’Liewen méi einfach. Vill vun eis kënnen sech och nëmmen een eenzegen Dag ouni Laptop an ouni Handy schwéier virstellen. Dat elektronescht Geschier brauch fir sech eleng net vill Energie, ma multiplizéiert een et mat honnerte Milliounen, mat Milliarden, kënnt eng schéin Zomm zesummen. Net ze vergiessen all déi Server, déi ronderëm d’Welt a ronderëm d’Auer um Lafe gehale ginn: de geplangte Google-Schapp zu Biissen wäert esou vill Stroum friessen wéi eng mëttelgrouss Stad am Grand-Duché.

Déi elektronesch Revolutioun huet eréischt ugefaangen! Och an der Medezin ginn et ëmmer méi Maschinnen. Leit, déi wëllen de Planéit retten, kafen sech e Vëlo. Gutt esou! Ma muss et e Vëlo sinn mat enger Batterie? Bal all Vëlo fiert haut mat engem klenge “Motor”, also mat enger Maschinn!

Mam technesche Fortschrëtt gëtt d’Produktioun vun der Energie tatsächlech ëmmer méi ëmweltfrëndlech, mä mat der Weiderentwécklung vun neie Maschinnen bleift den Drock op d’Ëmwelt eemol wéi d’aner Kéier bestoen. Wéi gesot, et ass d’Europäesch Ëmweltagence, déi zu der Konklusioun kënnt: grénge Wuesstem ass e Mythos!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *