Polykrisenzäiten! Pandemie, Krich an der Ukrain, héich Energiepräisser, Krich am Noen Osten, grouss Migratiounen, Kris um Wunnengsmaart…Kris am Journalismus. De Fiduz an d’Journalisten huet fatzeg ofgeholl, d’Zuel vun den Abonnementer ass dramatesch zeréckgaange bei enger ëmmer méi staarker Konkurrenz aus dem Internet.
Beim Konzern Axel Springer kommen elo scho 85 Prozent aus dem digitale Beräich, net grad 4 Milliarden Euro, an déi 85 Prozent bedeite 95 Prozent vum Gewënn! An dës Richtung wollt och de Premier a Medieminister Xavier Bettel goen: staatlech Ënnerstëtzung ofhängeg maache vun Investitiounen an dat Digitaalt. De “lëtzebuerger Journal’ huet tatsächlech komplett ëmgesuedelt: d’Pabeierversioun gëtt et net méi, et kann een sech awer en Abonnement um Internet kafe fir 185 Euro d’Joer.
D'”Luxemburger Wort” an “Tageblatt” fueren eng duebel Schinn, Pabeier + Internet. Dacks, wann net esou guer meeschtens sinn d’Texter identesch. Fir de Rescht liewen d’Medienhaiser eemol ewéi d’aner Kéier vun der staatlecher Pressehëllef, déi sech virun 10 Joer esou opgedeelt gouf:
Zeitung | 2013 | 2017 |
---|---|---|
Tageblatt | 1.580.122 € | 1.508.390 € |
Luxemburger Wort | 1.390.566 € | 1.436.185 € |
Le Quotidien | 1.272.700 € | 1.232.168 € |
Lëtzebuerger Journal | 893.603 € | 948.754 € |
Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek | 383.031 € | 401.723 € |
Télécran | 353.057 € | 380.445 € |
Le Jeudi | 333.665 € | 344.401 € |
Revue | 329.648 € | 341.225 € |
d’Lëtzebuerger Land | 304.447 € | 304.638 € |
Woxx | 247.146 € | 268.653 € |
De klenge lëtzebuerger Marché geet einfach net duer, fir 10 Publikatioune finanziell iwwer Waasser ze halen. De Reklammemaart géing héchstens fir 1 oder 2 Zeitungen duergoen, wat nees schlecht wier fir de Meenungspluralismus. Also keng Alternativ zu der staatlecher Ënnerstëtzung? Mat där sech iwwregens gutt liewe léisst, an dobäi kënnt déi indirekt Hëllef: Ausschreiwungen MUSSEN an der Press publizéiert ginn an déi spullen nees iwwer 10 Milliounen Euro eran! Net ze vergiessen, d’Doudesannoncen….
De reporter.lu huet viru Joer gewisen, datt et méiglech ass a krut genuch Abonnementer zesumme fir en éischt Joer ze iwwerliewen. An der Tëschenzäit allerdéngs huet och dës Publikatioun de staatleche Subsid gefrot an accordéiert krut. Dat ass grad esou Schued ewéi et verständlech ass.
D’Pandemiezäit huet jo gewisen, wéi skeptesch een ëmmer méi groussen Deel och vun der lëtzebuerger Populatioun ginn ass vis-à-vis vun den traditionelle Medien – zu Recht oder zu Onrecht. RTL war an deenen zwee Joer op alle Fall zimmlech stramm Regierungshörig, och d’Lëtzebuerger Wort huet Zweiwel un der Regierungspolitik net zougelooss, an d’Tageblatt huet Skeptiker Ratz-Fatz zu Schwurbler deklaréiert.
Ech war entsat, datt deemools u sech harmlos Lieserbréiwer vu besuergte Matbierger vun de Redaktiounen einfach vertikal klasséiert goufen. Dobäi koumen déi Suerge vun Enseignanten, vun Infirmieren, Assistantes sociales asw. Si all goufe verdäiwelt, zu Schwurbler, also zu Leit déi net méi all d’Tasen am Schaf hunn, zu Zombie déi d’Gesellschaft mat hirem Virus wollten ustiechen.
De Pech fir d’Medie kënnt vum grousse G wéi Google. Den Internet ass Millioune-mol méi räich u Wëssen ewéi all d’Schrëftrullen aus der Bibliothéik vun Alexandria; leider och mat grousse Portiounen un Dommheeten an Onwourechten, ma nawell hat den Otto-Normal-Bierger nach ni esou vill Méiglechkeeten, sech weider ze bilden an ze informéieren. Dorënner käichen d’Medien!
den Doud vum Journalismus bedeit dat nach laang net. Fräi Journaliste gi gebraucht an enger Demokratie. An et gi schonn Alternativen: zum Beispill THE PIONEER an Däitschland, mat un der Spëtzt de Gabor Steingart. Eleng op den Internet fokusséiert, mat Artikelen an och mat Podcasts. D’Redaktioun ass zum gudden Deel zu Berlin op engem Schëff ënnerbruecht, 40 Meter laang a 7 Meter breet.
D’Texter sinn dacks een Délice, e bësselche frech am Toun, ëmmer gutt recherchéiert mat vill Statistiken a Graphiken a meeschtens no beim Vollek. Finanziell gedroe ginn déi Pionéier am neie Journalismus vun engersäits Supporter, anerersäits vun den Abonnementer. Kloer! Däitschland ass méi grouss ewéi Lëtzebuerg, d’Chance fir esou e Modell um Liewen ze halen, stinn domatter vill besser. Ma nëmme komplett onofhängege Journalismus ka Politik a Wirtschaft kritesch analyséieren a kommentéieren.
Am Grand-Duché héieren ech zanter op d’mannst 10 Joer vill Gegrommels aus Finanz- a Wirtschaftskreesser, déi sech komplett am Stach gelooss fille vun RTL a vun den Zeitungen. Wann et hinnen eescht gemengt ass mat engem politesch onofhängege Journalismus, da missten all dës Leit – déi keng Aarmer sinn- an de Portmonni gräifen a wéinstens um Ufank hëllefen esou e Projet och bei eis am Land op d’Been ze stellen.
Ech krut d’Erlabnis ee vun den Artikelen aus THE PIONEER fräizeschalten, wëll heeschen, wie vu mengem Blog aus sech weider verlinkt op hier Websäit, dee brauch fir deen Text net ze bezuelen. Also roueg emol eraluussen a sech eng Nues voll huelen. Den Artikel handelt ëm de politesche Ruck no Riets- an dësem Fall an Däitschland, ma e Phenomeen ze soen iwwerall an Europa.
Hei ënnendrënner de link zum Artikel: AfD: Partei des Jahres 2023
“Journalismus beginnt, wenn andere wollen, dass du schweigst.”
Wie Loscht an Interessi huet, ka sech gären abonéieren, och engem aneren en Abo schenken.
https://www.thepioneer.de/verschenken?step=1
Vill Spaass!
Bei journalisten faellt eins auf…sobald eine zeitung von sich selbst behauptet qualitaetsjournalismus zu vertreten und damit zahlende leser koedern will, laesst man am besten die finger davon.